Konscht mat der BOX: De Laurent Turping baut an d’Héicht!
Um Freideg, de 15. November ass den urbane Konschtprojet BOX,
Um Freideg, de 15. November ass den urbane Konschtprojet BOX,
Wärend dem Joer 2019 huet d’Populatioun vu Lëtzebuerg ëm ganzer
Eréischt viru kuerzem huet sech d’ULC Nouvelle Asbl an d’Patientevertriedung
Datt déi aktuell Copyright Reegelung reforméiert muss ginn, dorunner besteet keen Zweiwel. Si ass an der aktueller Versioun iwwerméisseg komplex an net un d’Méiglechkeete vum Internet ugepasst. Wéi dës Reform op europäeschem Plang auszegesinn huet, dorunner scheeden sech allerdéngs d’Geeschter. Am Justizausschoss vum Europäesche Parlament ass d’Direktiv zum Thema Copyright an digitalen Single Market gutt geheescht ginn. Mee nach laang net jiddereen ass doriwwer glécklech.
Et gëtt och gäre vum Enn vum Internet-Meme geschwat
Den Däiwel läit do duerchaus am Detail. D’Julia Reda, wat am Europaparlament fir déi däitsch Piraten an der Faktioun “The Greens/EFA” sëtzt, a sech scho säit Jore fir eng Reform vum Copyright asetzt, hält sech net mat Kritik zeréck. Dobäi konzentréiert si sech op zwee Punkten: Enger Link-Taxe, wou d’Verlinken an Zitéieren enger bezuelflichteger Lizenz géing ënnerleien an engem Filter, deen en Upload verhënnert, soubal e Copyright-Verstouss vermutt gëtt.
Wann dat no fundamentalen Agrëff an den Internet kléngt, da läit dat dorunner, datt en esou gewäert gëtt. An engem oppene Bréif, ënnert anerem ënnerschriwwe vum Tim Berners-Lee (Erfanner vum Internet), Jimmy Wales (Wikimedia Foundation) a Mitchell Baker (Mozilla Foundation), ginn dës Punkten ugegraff. Laut dësem Bréif wieren dank dem Artikel 13 och Plattforme wéi Wikipedia a Github a Gefor. Nei a bestoend Internetplattformen misste sech wéinst der Link-Taxe och Suerge maachen.
Et gëtt och gäre vum Enn vum Internet-Meme geschwat. Esou beschreift d’Julia Reda op hirem Blog, datt de sougenannten Upload-Filter net tëscht sougenannter Piraterie an enger erlaabter Parodie vun engem Copyright-Géigestand ënnerscheede kann. Dobäi sinn dëst inherent Formen vun der Kommunikatioun vum Netz.
Och di Lëtzebuergesch Piraten hale sech bei der Kritik net zeréck. Den Andy Maar vun der Partei seet an engem Pressecommuniqué vun der Partei: “De fräien Internet zu Gonschte vu grousse Firmen ze afferen an d’Benotze ze vergiessen ass inakzeptabel. Wien d’Géigner vum fräien Internet sicht, ass hei fündeg ginn.”
Den Text vum Comité géing des weidere kloer Plattformen ewéi Wikipedia oder aner Online-Enzyklopedien vun dëse Limitatiounen aushuelen.
Den Alex Voss, Rapporter vum Gesetz, gesäit et anescht. A sengen An ass dëst eng Stäerkung fir déi Kreativ a vun der Press. Am Communiqué ass do ze liesen: “Den Text limitéiert, wéi eng Elementer vun engem Noriichtenartikel vun Noriichten Aggregatoren [U.v.d.R. dorënner kann een zum Beispill Google News verstoen] kënne gedeelt ginn, ouni datt de Rechteinhaber virdrun Geld fir d’Lizenz kritt.” Den Text vum Comité géing des weidere kloer Plattformen ewéi Wikipedia oder aner Online-Enzyklopedien vun dëse Limitatiounen aushuelen.
Iwwert de Virschlag muss nach am EU-Parlament ofgestëmmt ginn.