Search

You may also like

De Lëtzebuerger Hunnegbéier
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Hunnegbéier

Wann den Hunnegbéier elo net direkt eng „Nouveautéit“ ass, esou

Mat Promi Power fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Mat Promi Power fir Lëtzebuerg

No an no fëllen sech d’Lëschten, d’Parteie maache sech prett

Loscht op de Bouneweger Maart?
Neiegkeeten

Loscht op de Bouneweger Maart?

En Dënschdeg, 18. Mee ass den neie Bouneweger Maart offiziell

My Urban Piano – d’Gewënner vum musikalesche Concours

My Urban Piano – d’Gewënner vum musikalesche Concours

Am Kader vum Projet My Urban Piano, den vum 31. Mee bis 17. Juni organiséiert gouf, huet d’Stad Lëtzebuerg an de Luxembourg City Toursit Office 21 Piano op de verschiddenste Platzen installéiert.

Zu dësem Ulooss huet d’Stad an den LCTO ee Concours lancéiert, den déi bescht an originellst Videoe vun Animatiounen um Piano belount hunn. Den 28. September huet de Gemengen- a Schäfferot de Gewënner d’Präisser iwwerreecht. Ze gewanne gouf et Akafsbongen am Wäert vu 500 €, 250 € am 150 €.

Urban Piano

© Photothèque VDL Charles Soubry

Hei fannt Dir d’Gewënner:

Kategorie Concert

  • 1.Präis: Riadh Khodri (Video)
  • 2.Präis: Charlotte Eustache (Video)

Kategorie Animatioun

  • 1.Präis: Pawentaore Ouedraogo (Video)
  • 2.Präis: Sarah Lopes (Video)

Motivatiounspräis

  • Wivine Van Ormelingen (Video)
  • Inessa Hansen (Video)

D’Pianoen hunn ee grousse Succès an der Stad erlieft a ginn dofir och nächst Joer erëm installéiert. Sou kënne mir 2019 ee weidert musikalescht Erliefnis vu Pianisten an eiser Stad genéissen.

Related topics Luxembourg City Toursit Office, Musék, My Urban Piano, Piano
Next post Previous post