Search

You may also like

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“
Kultur Neiegkeeten

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“

Léif Matbierger, An dëse schwieregen Zäiten ass et mir wichteg,

Formel 1: Nach ëmmer ee Geldautomat fir Sponsoren
Kultur Neiegkeeten

Formel 1: Nach ëmmer ee Geldautomat fir Sponsoren

D’Saisone kënne vergoen, ma och wa Reklamm fir Tubak an

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL
Kultur Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL

Et ass eng vun den eelste Parteien zu Lëtzebuerg, oft

Urban Talks – Wéi soll Esch sech ästhetesch entwéckelen?

Kufa's Urban Art Esch 2020 invitéiert

Urban Talks – Wéi soll Esch sech ästhetesch entwéckelen?

Fir d’Relatioun tëscht Artist a Bierger ze stäerken, organiséiert d’Kulturfabrik, zesumme mat der Stad Esch d’Evenement Urban Talks. Eng Serie vu gemitterleche Renconteren am ëffentleche Beräich luet an fir d’Artiste bei hiren 11 kreativen Interventioune vun der Editioun 2020 kennenzeléieren.

No um Site, wou de Kënschtler grad schafft, kann een si bei engem waarme Gedrénks a Kichelcher am Cool Bus untreffen. Sech kenneléieren, Froe stellen an Iddien austausche gëtt an dëser aluedender Atmosphär zu engem angenehmen Erliefnis. D’Kommentare vun der Populatioun gi genotzt, fir déi artistesch Projeten ze entwéckelen. D’Resultat gesäit een dann tëscht Abrëll a Juni 2020.

Kufa’s Urban Art Esch

De pedagogeschen an artistesche Projet Kufa’s Urban Art Esch gëtt organiséiert vun der Kulturfabrik an der Stad Esch. Zënter 2014 ass et d’Zil déi urban Konscht nohalteg um Escher Terrain anzebréngen an aktiv bei der Transformatioun vun der Eisen-Metropol matzewierken. A Kombinatioun mat Aktivitéiten zur Sensibiliséierung a Bildung kann och déi sozial Kohäsioun ënnerstëtzt ginn.

Urban Talks

De Kalenner vun Kufa’s Urban Art Esch

  • Escher Gare, 1 Boulevard Kennedy um 8. Februar 2020
    Vun 9:00 bis 12:00 Auer
    Artisten: Boa Mistura (ES), CIGL Esch (LU), Emile Hengen (LU), Stéphanie Uhres (LU)
  • 24, Uelzechterstrooss um 8. Februar 2020
    Vun 14:00 bis 16:00 Auer
    Artisten: Kit Empire (LU, FR), Irina Moons (LU)
  • 108, Uelzechterstrooss um 8. Februar 2020
    Vun 16:00 bis 18:00 Auer
    Artisten: Carsi Navarro (LU), Miguel Arraiz (ES), Moshi Moshi (BE), Julie Conrd (LU)
  • Place Argentin, rue du Canal um 9. Februar 2020
    Vun 9:00 bis 12:00 Auer
    Artist: Chiara Dahlem (LU)
  • Park Gaalgebierg um 9. Februar 2020
    Vun 14:00 bis 17:00 Auer
    Artist: Lisa Junius (LU)
  • Schoul Aérodrom um 16. Februar 2020
    Vun 9:00 bis 12:00 Auer
    Artisten: David Soner (LU), Carla Marques (LU)
  • Parking um Eck vun der Rue d’Audun an dem Boulevard Kennedy um 16. Februar 2020
    Vun 14:00 bis 17:00 Auer
    Artist: Steve Gerges (LU)
Related topics Artisten, Austausch, Cool Bus, Kommentar, Konscht, Kufa's Urban Art Esch 2020, Kulturfabrik, Urban Talks
Next post Previous post