Search

You may also like

ULC a Patientevertriedung si genervt
Kultur Neiegkeeten

ULC a Patientevertriedung si genervt

Wann ee beim Konsumenteschutz (ULC) an der Patientevertriedung Asbl ganz

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi
Kultur Neiegkeeten

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi

Vergaangene Weekend huet de Sportminister Dan Kersch zu Abu Dhabi,

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen
Kultur Neiegkeeten

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen

„Frae mussen sech méi un der Formatioun vun de Paschtéier

Urban Timetravel: Geschicht lieweg an a Faarf erzielt

Urban Timetravel: Geschicht lieweg an a Faarf erzielt

De Start-Up Urban Timetravel mécht d’Vergaangenheet an déi domat verbonne Geschichten mat Hëllef vun AR- a VR-Technologie zum eenzegaartegen Erliefnis, fleegt an ënnerhält gläichzäiteg dat kulturellt Ierwen.

Stied a Gemengen, kulturell Institutiounen, Traditiounsfirmen – mir all hunn Interessi dorunner, datt déi historesch Vergaangenheet net vergiess gëtt. Archivmaterial an Dokumenter ënnerschiddlechster Aart gi gesammelt, katalogiséiert an gefleegt. Dat eigentlecht Zil vun Urban Timetravel ass soumat, datt Gäscht, Clienten an aner Zilgruppen déi Informatioune mat Begeeschterung konsuméieren, verstinn an an Erënnerung behalen.

Dëst stellt fir déi Meescht eng Erausfuerderung duer, mee d’Firma Urban Timetravel S.A. aus Lëtzebuerg huet d’Léisung: Si erzielt hire Clienten d’Geschichten op besonnesch kreativ Aart a Weis ënnert dem Asaz vun innovativer Technologie.

Mëttels „Augmented Reality“ (AR) a „Virtual Reality“ (VR) gëtt d’Geschicht zum Liewen erwächt. Als weltwäit éischt Entreprise ass et hinne gelongen, eng Virtual Reality-Experience mat GPS-Tracking ze kombinéieren.

Urban Timetravel

Esou gi Gäscht zënter 2019 an der Stad Lëtzebuerg op eng Rees an Echtzäit. Iwwer Geo-Trackingtechnologie gesinn „déi Zäitreesend“ duerch de VR-Brëll genee deen Uert vun der Vergaangenheet, wou si sech grad befannen. Dozou klammen si an en opgerëschte klenge Bus, setzen de Brëll op, dee mat engem leeschtungsstaarke Rechner verbonnen ass an da reesen si an d’Joer 1867. Op där 30-minuttelaanger Faart vermëscht sech déi aktuell Realitéit mat där historescher Vergaangenheet.

Fassaden, Schrëften op klenge Geschäfter, Natur, Mënschen, Déieren – et gesäit an héiert een d’Liewe vu virun 150 Joer.

Nolauschterer ginn Deel vun der Geschicht. Si verstinn se net nëmmen, si huelen d’Informatioune spilleresch op a behalen se an Erënnerung. Ähnlech Effekter wäerten Augmented Reality-Unwendungen hunn, déi fir Buergen am Mittelrheintal lancéiert ginn. Geplangt ass dat fir 2021.

Hei ergänze Gaming-Elementer d’Entdeckungsrees a ginn d’Geschicht spilleresch weider. Se loosse souguer méi Raum fir matzespillen. Well Soe si jo erwisenermoossen net faktenbaséiert – esou kann een d’Geschicht selwer ergänzen.

E bësse méi wéi honnert Kilometer weider ëstlech kënne Visiteure vun der Stad Frankfurt am Main mat Postkaarten-AR-APP 3D-Modeller vun historesche Gebaier, samt Informatiounen afügen an sech esou e bessert Bild vun der Geschicht maachen.

Duerch den Urban Timetravel ka kulturellt Ierwe konservéiert ginn a Geschichten an neie Formater erzielt ginn. Esou entstinn nei Forme vun Touren duerch d’Stad. Déi Technologien bezéien och Mënsche mat kierperlechen an och geeschtegen Aschränkungen mat an, well souwuel en Zäitrees-Bus, wéi och eng App kënne physesch a mental Zougangsbarrieren iwwerwannen.

A wat passéiert am Tech-Atelier vum Urban Timetravel?

D’Aarbecht fänkt mat Gespréicher a Workshops, suergfältegen Archivrecherchen, Gespréicher mat Experten an der Erstellung vum Story-Fundament.

Digital “gebaut” gouf mat vill Fangerspëtzegefill a Kreativitéit op der Grondlag vun historeschen Opnamen an Dokumenter aus dem Archiv. Fir VR-Zäitreese gëtt et zum Beispill en digitaalt Grond-Modell, dat sougenannte „Mesh“,entwéckelt, ier dann d’Iwwerfläche vun Haiser, Stroossen an aneren Objeten laanscht de Wee designed an d’Ëmgéigend bis an dat klengst Detail nogebild gëtt.

Fir datt Zäitreesen ewéi ee Film oflafe kann hauchen d’Techniker den Déieren, Mënschen an der Materie Liewen an. Dono kann d’Rees ufänken!

Méi zu Urban Timetravel

D’Urban Timetravel S.A. gouf 2007 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Si ass Gewënner vum Lux Tourism Innovation Award an dréit de Label „Made in Luxembourg“ voller Stolz. Mëttlerweil sinn si zu 20 Aarbechter, am Grënnungsjoer waren si nëmmen zu 4. De Management ass mat 4 Senior Manager besat, déi nieft dem IT- an Designberäich och Wirtschaftswëssenschaften a Wirtschaftspsychologie ofdecken. Esou kann d’Team eng breet Expertise an d’Geschäft abréngen.

Related topics Geschicht, GPS-Tracking, kulturelle Patrimoine, Start Up, Urban Timetravel, Vergaangenheet, Virtual Reality, VR-Technologie
Next post Previous post