Search

You may also like

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021
Neiegkeeten

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021

Den Trifolion zu Iechternach invitéiert de 16. Mee op säi

Mat verbëtzen ophalen: Elo!
Neiegkeeten

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Am Kontext vun der grousser Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ ass

Grippesaison steet virun der Dier, looss se dech net kal erwëschen
Neiegkeeten

Grippesaison steet virun der Dier, looss se dech net kal erwëschen

Wéi all Joers wann sech de Wanter ukënnegt, steet och

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?

Fréieren ArcelorMittal-Site Esch-Schëffleng soll neie Quartier ginn

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?

2016 huet de Stolkonzern ArcelorMittal seng Aktivitéiten um Site Esch-Schëffleng agestallt, an zanterhier ass vill a laang geschwat ginn, wéi een dës industriell Friche enger neier Verwendung zouféiere kann. Dat dee ganze Site extreemst verseucht ass, doriwwer héiert ee séier wéineg.

Elo soll hei – am Kontext vun engem iwwerdimensionéierten Urbanisatiounsprojet – en neie Quartier entstoen. Zu dësem Zweck ass nach bis de 5. Abrüell „Dag vun der oppener Dier“ an wien sech fir d‘Zukunft vun der Friche interesséiert, konnt sech op der Plaz ëmkucken an säi Pefferkär bäidroen. Ëmmerhi sollen iergendwann emol, hei 10.000 Mënsche wunnen a sech wuelfillen.

Den Zousproch fir dës Aktioun war gemässegt, e puer honnert Leit – fir déi meescht „al Escher“ déi emol virwëtze wollten – hu vum gudde Wieder profitéiert, fir sech op der Plaz ëmzekucken. De Projet gëtt vun der „Agora“ (Staat an ArcelorMittal) gesteiert. Si bidde Gemenge a Privatpersoune Projeten am Kontext vun der Rehabilitatioun vun de Stolproduktiounsstanduerter un.

Kléngt gutt, a mam administrativen Direkter Yves Biwer, dee schonn an de Projet Belval agebonne war, schéngt d‘Weiderverwäertung vun deem engen oder aneren erhalenswäerte Gebai, esouguer eng Plus-value fir de Site ze sinn. Hie gleeft drun, datt schonn 2023 déi éischt Haiser fäerdeggestallt sinn. Dat géif bedeiten, datt d‘Infrastrukturaarbechten esou lues missten an Ugrëff geholl ginn.

Gesondheetsrisike fir spéider Awunner sinn ausgeschloss

Wann een dann emol vum Finanzgeflecht hannert der Agora Ofstand hëlt, an sech einfach emol an Erënnerung rifft, datt um Site Esch-Schëffleng bal annerhalleft Joerhonnert intensiivst produzéiert ginn ass, sollt ee sech e puer Froen erlaben. Wéi verseucht ass de Site, wat ass gemaach ginn, oder soll dergéint ënnerholl ginn? Froen déi um Weekend net wëllkomm waren, esou d‘Feststellung.

Déi offiziell Positioun: de Site ass sécher, propper a vu „Kontaminatioun“ ze schwätzen, géif scho ganz no u „Verleumdung“ erukommen. Déi 500 Tonnen Dreck déi eleng op zwee „Mixer“ entfalen, sinn also ongeféierlech. Esou ongeféierlech wéi de Fakt, datt déi Escher an déi Schëfflenger iwwer Joerzéngten ewech keen Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart hunn iessen dierfen.

Lauschtert een dem Yves Biwer no – deen net an d‘Gefor kommen dierft um Site ze wunnen – ass alles beschtens, d‘Verschmotzung ass, de Fall gesat et géif se, da besteet déi nëmmen iwwerflächlech. Dee Buedem géif beim Amenagement natierlech ofgedroen, e Risiko fir Léif a Séil kann een also um Site Esch-Schëffleng ausschléissen. Bal 150 Joer Stolproduktioun ouni Knascht?

Zwee begeeschtert Buergermeeschter

Fir de Georges Mischo (CSV), Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht an de Paul Weimerskirch (CSV), Buergermeeschter vu Schëffleng, schéngt d‘Buedembelaaschtung duerch Schwéiermetall an/oder anere „Substanzen“ kee prioritäert Thema ze sinn. 60 Ha Bauland kommen hinne geleeën, ugesiichts der Kris am Logement. Si si vum ambitiéisen Urbanisatiounsprojet begeeschtert.

A grondsätzlech ass gutt a richteg, datt Lëtzebuerg seng Industriefrichen notzt a rehabilitéiert. Wann elo awer déi wirtschaftlech (an deels och politesch) Erwaardungen dozou féieren, datt de Site nëmmen hallefhäerzeg dekontaminéiert gëtt, fir de bau vun dësem Quartier esou séier wéi nëmme méiglech an Ugrëff ze huelen, hëlt ee bëllegend a kaf, dat d‘Mënschen engem Risk ausgesat sinn.

Hei dierft ee gespaant sinn, wat de gréngen Nohaltegkeetsminister an déi gréng Ëmweltministesch, zum Porjet bäizedroen hunn. An eigentlech sollt een och dierfen unhuelen, datt esou eng nei Notzung och am Gesondheetsministère en Thema ass. De „principe de précaution“ sollt jo grad hei, op engem ale Produktiounssite ugewannt ginn. Mee als Partner bei engem PPP… schwiereg.

Foto: © Agora

Related topics Agora, ArcelorMittal, Esch-Schëffleng, Urbanisatiounsprojet, Yves Biwer
Next post Previous post