Search

You may also like

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen
International Neiegkeeten Stories

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen

D‘Service vun der Post sollten op dësem Dënschdeg nees „normal“

dislike
De Budget 2018 an 9 Tweets
International Neiegkeeten Stories

De Budget 2018 an 9 Tweets

D’Presentatioun vum Budget ass eng vun de wéinegen Occasioune, bei

Schoulrentrée an der Stad
International Neiegkeeten Stories

Schoulrentrée an der Stad

Ulässlesch der Schoulrentrée 2018/2019 hunn eis Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, déi

EU-Kommissiounspresidentin straalt Zouversiicht aus

Dem Ursula von der Leyen seng Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun, am Europaparlament zu Stroossbuerg, sollt de Mënschen nei Hoffnungen an ee positiven Ausbléck op d‘Zukunft bidden

EU-Kommissiounspresidentin straalt Zouversiicht aus

Wann een der Vertriederin vun der héchster europäescher Polit-Instanz gleewen dierf, da geet et der Unioun blendend. Kee Staatebond op der Welt wier esou Resilient géintiwwer der Covid19-Kris opgestallt wéi déi Europäesch Unioun. Um Zesummenhalt, der Solidaritéit an dem Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet kann dat allerdéngs net geleeë sinn, a Prognosen si beschtefalls waarm Loft…

Politik ass awer en Instrument mat deem de Mënsche kann Hoffnung gemaach ginn, an vill Leit hu jo no 18 Méint Covid19 d‘Bedierfnis sech d‘Séil heemelen ze loossen. Et brauch nees méi Zouversiicht, a mat der wirtschaftlecher Reprise déi jo net ze verleegnen ass, wier déi streng geholl assuréiert. Mee d‘Reprise hippt eppes: Penurie bei Material a Humanressourcen si kontraproduktiv.

Et ass ee gutt beroden sech op dat eigentlech positiivt ze konzentréieren: déi europäesch gelongen Impfcampagne. Bis gëschter, esou d‘Behaaptung, waren an der Europäescher Unioun 70,8% vun de Bierger duebel (also eigentlech nëmmen zu 2/3) géint de Covid19 geimpft. Dat ass liicht ënnert dem Wäert vu Lëtzebuerg (72%). Mee natierlech geet dat alles net duer, et muss weider geimpft ginn.

An hei geet et ganz offensichtlech net méi mat den ursprénglech eruéierten Dosen duer, et brauch nach eng drëtt Dosis, virzuchsweis vun engem aneren Hiersteller wéi, déi éischt Impfung, well jo Kräizimpfunge vill méi besser gutt sinn. D‘Ursula von der Leyen confirméiert, datt et genuch Stoff fir jiddereen huet. Dat sollt jo coh esou sinn, wa 50% vun der Produktioun an den Export ginn…

Wann een elo duerchaus novollzéie kann, datt Politiker bezunn op déi sech selwer operluechten Iwwerhieflechkeet, net kritesch mat sech ëmgoe kënnen, firwat si sech jo och selwer luewe mussen, esou huet et Flecken um wäissen Dëschelduch. Ze behaapten datt d‘EU op d‘Wëssenschaft gesat huet ass glat gelunn, och oder grad wëll een den Androck erwächt huet, op hire Rot ze lauschteren.

Den Däiwel stécht am Detail

Fänke mir emol domadder un, datt et „gewëssen Defiziter“ bannent der Unioun huet, a villes an ee Liicht gestallt wou eigentlech d‘Däischtert virherrscht. A Rumänien si beispillsweis grad emol 30%, an a Bulgarien net emol 25% vun de Bierger geimpft. An anere Länner hunn d‘Leit de „Choix deen hinne vun der Politik an dären hire wirtschaftlechen Handlaanger virgeschriwwe gëtt“. Datt huet ganz vill mat Demokratie an dem grousse Respekt virun der Selbstbestëmmung an der EU ze dinn.

Zum Gléck huet et awer net nëmmen eng sanitär problematesch Situatioun, well nees déi „räich“ hir Privilegie genéissen. Do ass jo och nach de Klimawandel an déi sakrosankt Karbonneutralitéit, déi sech d‘Ursula von der Leyen an d‘Agenda geschriwwen huet. Déi 27 Länner hätten sech op méi streng Oplage verstännegt, mat deem den EU-Klimaschutz kuerzfristeg sollt kënnen ëmgesat ginn.

Interessant och nach: „Wien d‘Ëmwelt verschmotzt, muss bezuelen“, sollt heeschen datt Industrie a Wirtschaft muss méi gréng ginn. Ausgeholl sinn de Militärkomplex an hir Clienten, wuel well et méiglech ass, datt wann ee vill Mënschen ëmbréngt, déi automatesch klimaneutral ginn. Witzeg ass hei, datt grad d‘Chrëschtdemokraten, déi bi heihinner all Fortschrëtt blockéiert hunn, erfreet sinn.

Datt et bannent der Unioun net esou leeft wéi et gären duergestallt gëtt, ass jo gewosst an et dierf och behaapt ginn, datt wann sech Bréissel méi op déi progressiv Kräften am EU-Parlament stäipe géif, villes an den Delaie kéint ëmgesat ginn. Mee et hält een un der Eestëmmegkeet fest, firwat ëmmer nees gebremst gëtt. D‘Klimaziler sinn esou jiddefalls net ze erreechen, a wie weess, vläicht ass och genee dat d‘Zil. Esoulaang een all Schold vu sech weise kann, ass d‘Klimakris jo egal…

A jo d‘Ursula von der Leyen ass natierlech och op déi gefuerdert europäesch Verdeedegungsallianz agaangen. Den EPP-Fraktiounsvirsëtzenden Manfred Weber (CSU) mécht jo och maximal Drock, dat zesumme mam Amigo Josep Borrell Fontelles, senges Zeechen EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten. 5.000 Mann fir eng EU-Agrëffstrupp, zousätzlech zu de 5.000 Kläpper vun der Frontex, dat kléngt elo net direkt no enger Schlaagkraaft, an esou séier wäert sech dat net erginn.

mat indymedia/sxb

Foto: © PE Strasbourg

Annex:

Déi ganz Ried vum Ursula vun der Leyen (franséisch Versioun)

Related topics Europa, Europaparlament zu Stroossbuerg, Pandemie, Prognosen, Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun, Ursula von der Leyen
Next post Previous post