De Wirtschaftsministère attestéiert sech eng couragéiert a visionär Politik
Den Etienne Schneider (LSAP) an d‘Francine Closener (LSAP) waren um
Den Etienne Schneider (LSAP) an d‘Francine Closener (LSAP) waren um
Et dierf opgeotemt ginn: déi 356 Migrante vun der Ocean
Um haidege Mëttwoch ass dat sougenannten „Dampmelder-Gesetz“ a Kraaft getrueden.
Den Anthony Blinken zitt et vir senge militäresche Partner de Konflikt ëm d‘Oueren ze schloen, an zwar esoulaang bis de Géigeniwwer verstanen huet, dat weder säin Avis nach seng Kritik gefrot ass, well et ka bannent der NATO nëmmen een den Toun uginn, an dat sinn traditionell d‘USA.
Et geet den Amerikaner allerdéngs net duer ze bestëmme wéi déi militäresch Allianz muss geréiert ginn, et ass och net domadder gedoen, datt d‘Partner gefällegt beim amerikanesche Militärkomplex anzekafen hunn, nee als „Haaptaktionär“ vun der NATO hunn d‘Amerikaner een natierlecht Recht de Partner Virschrëfte bei Handelsbezéiungen ze maachen. Si si schliisslech d‘Weltmuecht…
Geschäfter mam Äerzfeind, dat mécht een net, ausser et ass een d‘Tierkei an et kann ee sech op eng besonnesch geostrategesch Roll beruffen. Eng Ausso déi sech berechtegt, well datt der Sultan beim Zar ee Rakéitenofwiersystem zu gudde Konditioune kaf huet, ass manner schlëmm, wéi dann eng Pipeline (NordStream2) ze bauen, déi US-Äerdgasimporter méiglecherweis iwwerflësseg mécht.
Fir Däitschland – an esou ganz Europa – dovunner ze iwwerzeegen, datt amerikanescht Gas, dat per Schëff ugeliwwert gëtt, déi eenzeg zoulässeg Virgoensweis ass, ginn all Entreprisen a Persounen déi och nëmmen usazweis mat NordSteram2 a Verbindung ze brénge sinn, maximal Sanktionéiert. Elo decidéiert also d‘NATO, ënnert der US-Leedung, also och iwwert d‘Handelsbezéiunge vun der EU.
Wou et da richteg verwonnerlech gëtt, ass wa säitens europäeschen Diplomate versicht gëtt, den „domme“ Medie verständlech ze maachen, datt dem Anthony Blinken seng Ried net fir en EU-Publikum bestëmmt ass, mee sech exklusiv un déi amerikanesch Bierger riicht. Natierlech géif Washington sech net iwwert den Ëmwee vun der NATO an EU-Handelsbezéiungen amëschen.
Elo kann ee guttwëlleg unhuelen, datt d‘Amerikaner just versichen hir Wuer de Mann ze bréngen, an hei eppes onkonventionell Marketingsmethoden uwennen. Woubäi se dat eigentlech guer net néideg hunn, well déi ganz Welt weess, dat amerikanescht Gas ass vu vill besserer Qualitéit wéi dat russescht, honnertprozenteg resilient a Saache Klimaschutz (Fracking) an esou bëlleg wéi nach ni.
Den „Tun aus USA“ huet seng Frënn an (net) gläichberechtegt Partner drun erënnert, datt et an der NATO nach ëmmer d‘Zil ass, vun de Länner e Beitrag an héicht vun 2% vum BIP ze kréien. Geld dat an Oprëschtung – méiglechst aus US-Provenienz – fléisse soll. Lëtzebuerg huet sech virgeholl, fir dëser Demande ze entspriechen, an ee Militärspidol an a Spionagesatellitten ze investéieren.
Fir de Lëtzebuerger Verdeedegungsminister François Bausch, dee sech kierzlech mam Annegret Kramp-Karrenbauer drop verstännegt huet méi enk zesummenzeschaffen an sech de strategesche Kompass vun der Europäescher Unioun als Roadmap un d‘Mauer ze spéngelen, ass d‘NATO jo bekanntlech och wirtschaftlech interessant. Hie wier gäre bereet méi Geld fir de Fridden auszeginn.
Wärend sech gewëssen EU-Partner fir eng Reprise vum NATO-Russland Rot – hei herrscht zanter 2019 nees Äiszäit – staark maachen, huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, déi vun den Amerikaner engagéiert Politik verdeedegt. Hie bedauert, datt d‘Russen net op d‘Invitatioun vun der NATO reagéiert hunn, an och keen Interessi u Gespréicher zur Réckgab vun der Krim weisen.
Dozou mengt den Anthony Blinken, datt et intelligent wier „zweegleiseg“ ze fueren, also ëmmer da mat de Russen zesummenzeschaffen, wann et am Interessi vum „Westen“ – also virrangeg den USA – ass. Op där aner Säit misst sech maximal of Ofschreckung agestallt ginn. Et muss jo ee Wee ginn, déi nuklear Oprëschtung, d‘Mënscherechtsverletzungen a Walmanipulatioun ze verhënneren.
Och China misst vun de Partner als Bedreeung wouer geholl ginn, esou den US-Ausseminister. Déi stänneg Mënscherechtsverletzungen, den Déifstall vun intellektuellem Eegentum, d‘Kontroll vun den IT-Entreprisen (déi zur Spionage agesat ginn) a villes méi, misste gestoppt ginn. Datt d‘EU nach eng eppes differenzéiert Siicht, par Rapport zu den Amerikaner huet, wier net wierklech gutt.
mat indymedia/bru
Illustratioun: © Tony Woodhead / unsplash