Search

You may also like

Multiplica Festival – Digital Technologien fir d’Konscht an d’Gesellschaft
International Neiegkeeten

Multiplica Festival – Digital Technologien fir d’Konscht an d’Gesellschaft

Wollt Dir schonn ëmmer méi iwwer digital Technologien wëssen? Do

dislike
Verspillte Massen
International Neiegkeeten

Verspillte Massen

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och

D’Zoë Beck iwwert Ieselsoueren, Thrilleren an Ofschalten um Mier
International Neiegkeeten

D’Zoë Beck iwwert Ieselsoueren, Thrilleren an Ofschalten um Mier

Nodeems mer gëschter dat aktuellt Wierk vum Zoë Beck ënnert

US-Ausseminister weess: „Et waren d‘Russen!“

US-Ausseminister weess: „Et waren d‘Russen!“

Fir de Mike Pompeo, dee nom 20. Januar hoffentlech net méi an der Ëffentlechkeet optrëtt, gëllt et als erwisen, datt d‘Russen hannert der (erfollegräicher) Cyberattack op d‘USA stiechen. An engem Radio-Interview behaapt de Mann mam Charisma vun engem Bild-Chefredakter datt sech elo „zimmlech kloer soe léisst, datt d‘Russen hannert dem Ugrëff stiechen“. Beweiser huet hie keng…

A wann de Mike Pompeo keng Beweiser huet, da gëtt ee Prinzip ugewannt, dee schonn am Irak ganz erfollegräich zu engem Krich gefouert huet: „E kann sech net am Detail zur Attack geäussert ginn, well dës Detailler nach analyséiert ginn“. Mat aner Wierder d‘US-Experte kënnen näischt weider wéi de Fanger an de Mond stiechen. Dobäi leeft d‘Cyberattack zanter dem Mäerz 2020.

Eigentlech onvirstellbar am Land vum „Silicon Valley“ an den – eege Behaaptung vun den USA – beschten Hacker op der ganzer Welt. Elo ass et wuel richteg, datt een de Russen esou eppes kann zoutrauen, mee et sinn definitiv net déi eenzeg, déi fir esou eng militäresch „Operatioun“ beschtens opgestallt sinn. An dat schéngt den (nach) US-President Donald Trump eppes änlech ze gesinn.

Ausseminister

An dës diplomatesch Ausgebuert vum Däiwel geet dann och anescht wéi säi politesche Kompliz, net dovunner aus, datt Russland zwangsleefeg hannert der Attack op US-Verwaltungen an US-Entreprise stieche muss. Hie mengt op Twitter, datt och China hannert de Cyberattacke stieche kéint, well och déi net vun der (digitaler) Heck gepléckt wieren. Och gëtt et keng Beweiser…

Illustratioun: Et gëtt méi Mënschen, wéi just nëmme Russen an/oder Chinesen déi en zimmlech däitlechen Interessi dorunner hunn, den Amerikaner ze schueden. © Nahel Abdul Hadi / unsplash

Related topics Cyberattack, Donald Trump, Hacker, Mike Pompeo, Russland, USA
Next post Previous post