Search

You may also like

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach
International Neiegkeeten

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik
International Neiegkeeten

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik

No intensive Verhandlungen, déi sech iwwer Méint gezunn hunn, huet

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.
International Neiegkeeten

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.

De 15. Juli zu Westbury (Long Island, NY) gebuer, huet

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen

An der Nuecht huet Donald Trump am Kongress säi Budgetsentworf an Héicht vun 4,8 Billiounen US-Dollar virgeluecht. Op ee Bléck: et gi keng Scholden ofgebaut, dofir massiv an d‘Sécherheet gestach: dat vir de Bau vun der Mauer op der mexikanescher Grenz a fir d‘Moderniséierung vum US-Atomwaffenarsenal.

Atomwaffen

Eigentlech ass dem US-President säi Budgetsentworf esou eppes wéi ee Wonschkatalog, bei deem de Kongress entscheet ob et sech bewierkstellege léisst. Esou dem Donald Trump säi Wonsch d‘Atomwaffenarsenal ze moderniséieren. Geet et him no, da soll déi National Administratioun fir nuklear Sécherheet mat weideren 3,2 Milliarden (+20%) ausstafféiert ginn.

Et soll ee robust an effektiivt Arsenal zum Schutz vum Land, als Versécherung fir déi alliéiert an als Ofschreckung fir d‘Géigner zesummegestallt ginn. Eng Oprëschtung déi och am Kontext vun der NATO dierft en enstpriechend Gewiicht hunn. Zudeem wëscht sech den Donald Trump vum US-Militärkomplex eng Hyperschallrakéit, an der Aart wéi d‘Russen eng hunn…

Grenzmauer

Am Budget sinn dann och nach zousätzlech zwou Milliarden US-Dollar fir de Bau vun der Mauer op der Grenz zu Mexiko enthalen. Dës Mëttel sollen an de Bau vun 130 Kilometer Grenzmauer fléissen. Mat deenen tëscht 2017 an 2020 zur Verfügung gestallte Finanzmëttel wier d‘Regierung elo an der Lag iwwer 1.600 Kilometer „Mauer“ laanscht d‘Südwest-Grenz ze bauen.

Ee fir den US-President imminent wichtege Projet an zentraalt Wahlversprieche vun 2016. Laut dem Heemechtsministère ware Mëtt Januar grad emol 160 Kilometer vun der neier Grenzmauer fäerdeggestallt ginn. Dat si ronn 5% vun der insgesamt 3.200 Kilometer laanger Grenz. Wann een gewäerde léist, esou den Donald Trump, kéinte bis 2021, 800 Kilometer fäerdeggestallt sinn.

Ëmweltschutz

Wat een op där enger Säit mat zwou Hänn ausgëtt, muss op anerer Plaz agespuert ginn. Klima- an Ëmweltschutz waren nach ni eppes wouriwwer sech de Locataire aus dem Wäissen Haus vill Gedanke gemaach huet an esou ass et nëmme konsequent, dat déi national Ëmweltschutzverwaltung EPA seng Mëttel gekierzt kritt. De Budget vun dëser Verwaltung soll em 26,5% reduzéiert ginn.

Dat entsprécht dem Budget wéi en an den 90er Joren opgestallt war. Laut dem Trump gëtt bei der EPA en effizienten an effektiven Usaz verfollegt. D‘Administratioun soll sech op seng Kärtheme konzentréieren: propper Loft, Waasser a Buedem, a gläichzäiteg onnéideg Ausgabe vermeiden. De President „bezweiwelt“ de Klimawandel an hält den ganzen Debat dozou fir iwwerdriwwen.

Stärekrich

An den Donald Trump, dee seng „Weltraum-Sträitmuecht“ schonn am Militärbudget 2020 agesat huet an esou indirekt de Weltraum als Schluechtfeld erkläert, wëll dësen an Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg erueweren. An dësem Kontext kritt dann och d‘NASA nees eppes weider Geld. 25,2 Milliarden US-Dollar wëll den US-President fir de Raumfaartprogramm vun der NASA ausginn.

US-Budget

Gutt d‘Hallschent vum Geld soll fir de Projet „Moon to Mars“ opgewannt ginn. Et geet heibäi ëm d‘Entwécklung vu Mound-Gefierer, Roboter, Bekleedung an Schwéierlaascht-Rakéiten. Den Donald Trump wëll de Budget kontinuéierlech erhéijen a spéitstens 2024 nees amerikanesch Astronauten um Mound ofsetzen. An engem Joerzéngt wëll hie vum Mound aus op de Mars fléien.

Soziales

Wann een dem Donald Trump an de leschte Woche gutt nogelauschtert huet, da war ëmmer nees ze héieren, dat hien dee gréissten, schéinsten an diplomateschste vun allen US-Presidenten ass. Mat de gréisste Steiererliichterungen an der US-Geschicht hätt hie ee Wuesstem geschafen deen et esou nach ni ginn huet. Dobäi explodéieren d‘Scholde fir de Räichen nach méi Profit zouzesécheren.

An dësem Budgetsentworf gëtt an éischter Linn bei de bestoende Sozialprogrammer gespuert. Esou gëtt gekierzt bei der Krankeversécherung fir déi Aarm, dem Wunnengsbauprogramm an och bei de Bourse fir Studenten, fir emol déi wichtegst ze ernimmen. Och bei der Entwécklungshëllef gëtt et eng Baisse vun 21%. Dat muss wuel esou sinn, wann d‘USA bis 2035 solle scholdefräi sinn…

Kritt hien et duerch?

Elo kléngt dat eppes „haart“ an dofir muss erkläert ginn, datt dem US-President säi Budgetsentworf eigentlech éischter eppes wéi ee Wonschkatalog ass. Traditionell ass et esou, datt de President am Budgetsentworf Wënsch zum Ausdrock bréngt, an de Kongress sech déi ukuckt an dann entscheet, wéi eng Punkten hei kënne berécksiichtegt ginn. Am Representantenhaus dierft et schwiereg ginn.

D‘Nancy Pelosi vun den Demokraten a Virsëtzend vum Representantenhaus huet zum Budget eng kloer Meenung: „Den Haushalt spigelt Wäerter. An de President weist alt nees wéi wéineg hien d‘Gesondheet, déi finanziell Sécherheet an d‘Wuelergoe vun haart schaffende Famillje schätzt“. De Budget muss bis Enn September stoen, an et ass dee leschte vun der Legislatiounsperiod.

mat indymedia/was

Related topics Budget 2021, Budgetsentworf, Donald Trump, USA
Next post Previous post