Search

You may also like

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!
International Neiegkeeten

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!

Vum Hugo Gernsback héiert een an der Lescht ëmmer méi.

money
Prognose: Lëtzebuerger Sozialversécherungssystemer ze deier, seet den CNFP
International Neiegkeeten

Prognose: Lëtzebuerger Sozialversécherungssystemer ze deier, seet den CNFP

De nationale Rot fir ëffentlech Finanzen (CNFP) huet bei senge

Buergermeeschtesch net vu Flüchtlinge begeeschtert
International Neiegkeeten

Buergermeeschtesch net vu Flüchtlinge begeeschtert

Wärend d‘EU-Kommissioun zumindest den Androck erwäche wëll, am Kontext vun

Eng Milliard US-Dollar fir Afghanistan

Eng Milliard US-Dollar fir Afghanistan

Am Kontext vun der Konferenz fir noutleidend Mënschen am Islameschen Emirat Afghanistan zu Genève, huet den UN-Generalsekretär, nach virum Ofschloss vum Treffe bekannt gemaach, datt et iwwert eng Milliard US-Dollar wäerte sinn, déi hei zesummegedroe goufen.

„Dës Konferenz huet meng Erwaardunge voll Erfëllt“, esou ee siichtlech zefriddenen Antonio Guterres. D‘UNO hat jo am Virfeld zum Meeting vu Genève un d‘Länner appelléiert, méi wéi sechshonnert Milliounen US-Dollar fir de Recht vum Joer zesummenzeleeën, fir d‘Mënschen am Islameschen Emirat Afghanistan virun Hongersnout ze schützen. Dat schéngt geklappt ze hunn.

Stellt sech dann awer schonn nach d‘Fro, wéi vill vun dëser „Milliard“ am UN-Nouthëllef-Budget fir déi nächst Méint bereet gestallt gëtt? Wéi vill vun dësem Geld (an a wéi enger Form) gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt bereetgestallt? Froen déi den UN-Generalsekretär net beäntwerte konnt, zudeem ware vun de 50 Minister, déi un der Konferenz deelgeholl, net all a „Presenz“ zu Genève.

De Schwäizer Ausseminister Ignazio Cassis huet d‘Konferenz vu Genève erëffent an a senger Ried ënnerstrach, datt d‘Bedierfnesser vum afghanesche Vollek eng zäitno, entschlossen a effizient koordinéiert humanitär Hëllef erfuerderen. Déi nei Haushäre géifen zudeem d‘Verantwortung dofir droen, datt déi humanitär Hëllef ongehënnert déi noutleidend Bevëlkerung erreeche kann.

Vun Zwäng a Konditiounen

Vun den Taliban fuerdert de Schwäizer, d‘Sécherheet vun den Acteure vun der humanitärer Hëllef ze garantéieren. Och soll sech déi nei Regierung d‘Mënscherechter – hei besonnesch bezunn op Minoritéiten, Fraen a Meedercher – respektéieren. Esouwäit sech d‘Mënscherechter, d‘Fraen an d‘Meedercher un d‘Sharia a soss vum Sitteministère opgestallte Reegelen halen ass dat méiglech.

Afghanistan

Wat elo déi „versprache“ Milliard US-Dollar ugeet, esou wier nach festzehalen, datt eng ganz Rei Länner d‘Iwwerweisung vum Geld u Konditioun geknäppt hunn. Washington beispillsweis, wëll vun den Taliban eng Schrëftlech Zouso betreffend „Verflichtungen“ am Kontext vun eben der hei geduechter humanitärer Hëllef. Et geet natierlech och ëm déi scho genannte Mënscherechter.

Déi amerikanesch Un-Ambassadrice huet däitlech ze verstoe ginn, datt den USA d‘Wuert vun den Taliban net duer geet. Si verlaangen Doten… Huet et déi wieren d‘USA mat 64 Milliounen Dollar derbäi. Mir erënnere kuerz drun, datt den US-President Joe Biden viru knapp 14 Deeg erkläert hat, dat d‘Zäite vun de grousse Militäroperatiounen eriwwer wier, an ee sech net méi wéilt amëschen.

Afghanistan

Säitens eise franséischen Noperen, schéngt een zur Stonn och net wierklech erpicht drop, grouss Zomme fir eng humanitär Hëllef opzewennen. Den Ausseminister Jean-Yves Le Drian hat jo um Weekend zimmlech däitlech zum Ausdrock bruecht, datt Paräis eng Taliban Regierung ënnert den aktuelle Viraussetzungen net unerkenne kéint. Och hien huet bedenke wat d‘Mënscherecht ugeet.

Zu Kabul bleift ee geloossen

De Spriecher vun der Regierung vum Islameschen Emirat Afghanistan, Zabihullah Mujahid, huet sengersäits d‘Welt opgefuerdert mat den Afghanen zesummenzeschaffen. Net si hätten d‘Land „esou hannerlooss“, si hätten et just esou iwwerholl. Fakt ass, datt d‘Afghanen a wirtschaftleche Schwieregkeete stiechen, a Grondsätzleches wéi Liewensmëttel a Medikamenter knapp sinn.

Esou hunn natierlech och d‘Taliban, déi d‘Sécherheet oprechterhalen, schonn en Interessi dorunner, datt déi Hëllef bei de Leit ukënnt, a sech kee Widderstand ausbreet. Dat erkläert dann och, firwat et den Taliban net schwéier falen dierft, den Hëllefsorganisatiounen dee Schutz zouzesécheren, déi zu Genève gefuerdert gouf. Et kann een och dovunner ausgoen, datt kee Mëssbrauch zougelooss gëtt.

Afghanistan

D‘Taliban si reliéis Fanatiker, firwat zimmlech sécher ass, datt si keng Korruptioun a Privileegie bei der Zouwendung wäerten zouloossen. Wann se allerdéngs Transparenz bei der Bereetstellung vun Hëllef an Hëllefsleeschtunge verspriechen, sollt een dat scho schrëftlech festhalen. Interessant dann awer och, datt no 20 Joer Besatzung, iwwer 90% vun den Afghanen net genuch d‘Iessen hunn…

mat indymedia/gva

Foto: © UN OCHA

Annex: Martin Griffiths’remarks at High-Level Ministerial Event on The Humanitarian Situation in Afghanistan

Related topics Afghanistan, Antonio Guterres, Finanzéierung, humanitär Hëllef, Konditiounen, Mënscherechter, Taliban, Transparenz, UNO
Next post Previous post