Search

You may also like

Saarland a Rheinland-Pfalz: Verschäerft Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerger
International Neiegkeeten

Saarland a Rheinland-Pfalz: Verschäerft Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerger

Mam groussflächegen Testen ka Lëtzebuerg zwar genee Zuelen zu den

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt
International Neiegkeeten

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi

déi gréng: Global denken, lokal agéieren
International Neiegkeeten

déi gréng: Global denken, lokal agéieren

Déi Déifferdenger Gemeng hat dëse Samschdeg d’Éier de Landeskongress 2017

De laangen Aarm vun der US-Justiz

Iranescher Supertanker Grace1 vu Bundesgeriicht zu Washington beschlagnahmt

De laangen Aarm vun der US-Justiz

E Bundesgeriicht zu Washington huet e Freideg d‘Beschlagnahm vum iranesche Supertanker Grace1 verfüügt. Wat dat elo genee fir Auswierkungen op dat zu Gibraltar vun de briteschen Autoritéite festgehalent Schëff huet ass net gewosst. Dat iewescht Geriicht zu Gibraltar hat eigentlech scho bestätegt d‘Grace1 fräizeginn.

An den USA huet de Justizministère e Freideg d‘Decisioun vum Bundesgeriicht begrënnt: Hei géif e Verstouss géint Geldwäsch an Terrorismusstatute virleien. D‘Autoritéite vu Gibraltar an déi britesch „Navy“ haten den ënner panamaeschem Pavillon ugemellte Supertanker Ufank exakt um 4.Juli – dat ass den amerikaneschen Nationalfeierdag – festgesat an d‘Mannschaft verhaft.

Offiziell heescht et: Verdacht op illegal Liwwerungen u Syrien. Inoffiziell hunn d‘Briten den USA – vun deenen si sech en Handelsofkommes erhoffen deen de Schued vun engem haarde Brexit soll offiederen – eng Hand ugepaakt well d‘Iraner eng Predator-Dron vum Himmel geholl haten. Dat hunn d‘USA Mëtt Juli den Iraner gläich gemaach an déi hu sech den Tanker Stena Impero geholl.

De briteschen Ausseministère huet d‘Iraner nach emol drun erënnert, datt ee sech un d‘Zousoe misst halen an d‘Fracht net no Syrien dierf transportéieren, well si da géint EU-Sanktioune verstoussen. Eng bosseg Haltung vu London: engersäits wëllen se mat aller Gewalt a virun allem onmanéierlech déi europäesch Famill verloossen, anersäits sinn hinnen d‘Veruerdnunge vun der EU awer helleg…

Washington provozéiert bewosst

Dem Donald Trump a senge Falleke geet et nach ëmmer drëms de Regime vun den Ajatollahen ze stierzen, an esou nom Irak (ofsetze vum Saddam Hussein a Stäerkung vun ISIS mat gläichzäiteger Konfliktféierung a Syrien) an dem Jemen (Waffendeal an logistesche Support vun der saudescher Krichsallianz) och den Iran ze destabiliséieren, méiglecherweis en interne Konflikt erbäizeféieren.

An esou ergëtt et sech, datt d‘Bundesgeriicht zu Washington net eleng d‘Schëff a sech, mee och direkt den Ueleg u Bord der Grace1 beschlagnahmt, mee och ronn eng Millioun US-Dollar vun enger Bréifboîte-Entreprise, déi „Verbindungen“ zu Schëff soll ënnerhalen. D‘Staatsanwaltschaft behaapt och, datt d‘Schëff zum Plang vun de Revolutiounsgarde gehéiert, Damaskus ze stäerken.

Dofir gëtt et keng haltbar Beweiser, mee et geet jo och ëm héijer Politik an den Tanker Grace1 ass „just en Detail“. A firwat ginn d‘Revolutiounsgarden hei abezunn? Den US-President huet déi dem Regime an dem spirituelle Leader Trei ergeben „Garde“ am Abrëll zur Terrororganisatioun erkläert. Zudeem hunn d‘USA hir Sanktioune géint Teheran verschäerft. An den Trump huet Wahlkampf

mat indymedia/was

Related topics Iran, Revolutiounsgarden, Supertanker Grace1, US-Justiz, USA
Next post Previous post