Search

You may also like

De 5. Vecteur vum SAMU: 653 Interventiounen an engem Joer
International Neiegkeeten

De 5. Vecteur vum SAMU: 653 Interventiounen an engem Joer

Zënter engem Joer gëtt de 5. Vecteur vum Service d’Aide

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht
International Neiegkeeten

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Am Kontext vun enger sécherlech schwiereger Situatioun an eise Gewässer

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?
International Neiegkeeten

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?

Et gëtt där Deeg, do mengs de du häss scho

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn

Am Representantenhaus gouf op en Neits d‘Nancy Pelosi (D) zur Presidentin gewielt

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn

E puer Woche virun der Vereedegung vum Joe Biden (D) als 46. US-President, gouf elo emol den neien US-Kongress vereedegt. Am Representantenhaus gouf d‘Demokratin Nancy Pelosi nees als Presidentin gewielt. Et ass ee vu wichtegste Mandater an och Posten an den US. Am Senat ginn d‘Majoritéitsverhältnisser eréischt déi aner Woch gekläert.

Bei der konstituéirender Sëtzung vun der Kongresskummer, huet d‘Demokratin d‘Wal allerdéngs mat 216 Stëmmen, nëmme knapp géint den republikaneschem Erausfuerderer Kevin McCarthy gewonnen. Dem Donald Trump säi Kandidat krut 209 Stëmmen. An de leschten zwee Joer un der Spëtzt vum Representantenhaus, war d‘Nancy Pelosi politesch déi mächtegst Fra an Amerika.

Déi wichtegst Missioun vun der 80 järeger Politikerin wäert doranner bestoen, déi knapp Majoritéit vun den Demokraten zesummenzehalen, fir déi politesch Decisiounen an Intentioune vum nächsten US-President an senger Vizepresidentin ze ënnerstëtzen. Och an der 2. Kummer vum Kongress sinn d‘Volleksvertrieder vereedegt ginn. Hei ass d‘Majoritéitsverhältnis allerdéngs nach net gekläert.

KongressWärend zu Washington déi héich Politik sech zortéiert huet, hunn „Aktivisten“ d‘Haiser vum Nancy Pelosi (D) – eist Bild – an dem Mitch McConnell (R) „dekoréiert“. Dorunner soll ee wuel erkennen, datt déi vum Donald Trump geschafe Spaltung sech nach eppes hale wäert. © pressTV

Muer kënnt et am US-Bundesstaat Georgia zur Stéchwal, an déi dierf net ënnerschat ginn. De Joe Biden gëtt zwar den 20. Januar vereedegt, mee wéi grouss säi politesche Spillraum letztendlech ass, huet vill mat dëser Stéchwal ze dinn. Zwee Republikaner versichen hiert Mandat ze „retten“, an et geet duer wann et engem geléngt. Da géifen d‘Republikaner hir Majoritéit am Senat behalen.

A wien de Senat beherrscht, kann d‘Gesetzer „blockéieren“. Anescht ausgedréckt, wann dem Trump seng Partei de Senat beherrscht, kritt de Joe Biden Problemer senge Verspriechen och Dote follegen ze loossen. Géif et an dësem Südstaat derzou kommen, datt béid Mandater un d‘Demokrate falen, hätt een eng Patt-Situatioun an d‘Kamala Harris kann dann déi entscheedend Stëmm ofginn…

mat indymedia/was

Related topics Demokraten, Mitch McConnell, Nancy Pelosi, Representantenhaus, Republikaner, Senat, US-Kongress
Next post Previous post