Search

You may also like

LAR-Impfzenter um Findel
International Neiegkeeten

LAR-Impfzenter um Findel

Op gëschter Méindeg, ass um Findel an de hellegen Hale

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op
International Neiegkeeten

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op

Dat déi progressiv Relance vun de Wirtschaftsaktivitéiten eng ganz Rëtsch

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vun der Handhygiène: Et läit an Ären Hänn!

Der Verbreedung vu Krankheetserreeger soll de Kampf ugesot ginn. Dofir

Covid19-Impfstoff: Moderna op de leschte Meter

Covid19-Impfstoff: Moderna op de leschte Meter

Den US-Konzern Moderna kéint den éischte „Pëllendréier“ sinn, deem an der EU eng Autorisatioun fir de Vaccin géint de Coronavirus sollt ausgestallt ginn. Den Antrag dofir jiddefalls gouf gëschter bei der europäescher Arzneimëttelverwaltung EMA virgeluecht. Eng Noutfall-Zouloossung huet de Konzern och bei der US-Agence FDA ugefrot.

Et ass en héijen Tempo deen hei vun den Amerikaner virgeluecht gëtt an allem Uschäin no dierft et Moderna och geléngen, déi noutwenneg Autorisatiounen ze kréien, an esou den Impfstoff nach viru Chrëschtdag op de Marché bréngen. Datt de Pharmakonzern bei dësem Produkt elo net wéi soss am vollen Ëmfang fir eventuell „Onannehmlechkeete“ hafte muss, wier awer en onwichtegen Detail.

D‘lescht Woch hat d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen jo wësse gelooss, datt d‘Kommissioun mam US-Konzern ee Kadervertrag fir bis zu 160 Milliounen Dosen ofgeschloss huet. An engem éischte Schratt sollen 80 Milliounen Dose geliwwert, op déi aner 80 Milliounen Dosen huet een eng „Optioun“. Dat sougenannt „Rolling-Review“ Verfare fir den RNA-Impfstoff leeft jo schonn. Esou kann d‘Zouloossungsprozedur beschleunegt ginn an den Hiersteller partiell Ënnerlagen zu Qualitéit, Wierksamkeet an Onbedenklechkeet zur Iwwersiicht areechen.

Moderna gëtt fir säi Produkt „mRNA-1273“ ee Wierkungsgrad vu 94,1% un. Dat géif laut dem US-Konzern esou aus der Datenanalys vun der Etüd zur klinescher Phas III ervirgoen. Un dëser Studie hunn 30.000 US-Bierger deelgeholl, woubäi 50% vun den Testpersounen ee Placebo ënnert d‘Haut gesprëtzt kruten. Beim Moderna-Vaccin si fir de volle Schutz zwou Dosen noutwenneg, déi awer Zäitversat verofreecht ginn.

Bei de genannten 30.000 Testpersounen, goufe bis ewell 196 Covid19-Infektiounsfäll bestätegt. 11 dovunner gehéieren zum Grupp mam „mRNA-1273, 185 Fäll huet et an der Placebo-Grupp ginn. An esou séier huet een de Wierkungsgrad vu 94,1% ausgerechent. De Pharmakonzern huet hei och nach kloergestallt, datt déi 30 schwéier Krankheetsverleef mat Covid19 ausschliisslech op de Grupp zoutreffen, déi de Placebo erhalen hunn. Moderna betount weider, datt d‘Wierksamkeet vun hirem Covid19-Impfstoff, sech iwwert all Altersklassen ewech änlech verhält.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Gerhard G / Pixabay

Related topics Coronavirus, Covid19, EMA, FDA, Impfstoff, Moderna, Vaccin
Next post Previous post