Search

You may also like

uni.lu: Elo gëtt et Home-Office a Ferncourse
International Neiegkeeten

uni.lu: Elo gëtt et Home-Office a Ferncourse

D’Lëtzebuerger Universitéit uni.lu riicht sech, duerch d’Verbreedung vum Coronavirus COVID-19,

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz
International Neiegkeeten

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz

Nodeems Ufank Januar am Ënnerhaus dem Brexit zougestëmmt huet dann

SNP verpasst säin Zil ganz knapp
International Neiegkeeten

SNP verpasst säin Zil ganz knapp

En Donneschdeg hunn d‘Schotte gewielt, an dës Parlamentswale sinn a

Den US-President hält d‘Staang riicht

Den US-President hält d‘Staang riicht

An enger Usproch un d‘Amerikaner huet den Donald Trump drop higewisen, datt déi nächst Deeg wäerten entscheedend sinn. Och säin Dokter wollt nach keng Entwarnung ginn an huet wësse gelooss, datt den US-President, trotz gudde Fortschrëtter, nach net aus der Affär gezunn ass. Wëll de Milliardär elo als Wahlkämpfer ausfält, sollen de Mike Pence a seng Kanner asprangen.

„Ech fänken nees u mech besser ze fillen“, esou den Donald Trump an engem neie Video aus dem Militärspidol zu Bethesda. „An den nächsten Deeg awer kënnt déi wierklech Prüfung. Mir wäerte gesi wat geschitt (…) Wéi ech heihinner komm sinn, hunn ech mech net gutt gefillt. Elo fillen ech mech scho vill Besser“. Seng Stëmm huet beluecht geklongen an hien huet kuerzootmeg gewierkt.

President

Hie misst zréckkommen, well hien nach ëmmer Amerika nees grouss maache misst. Hien huet Vertrauen an déi gëttlech Kraaft déi jo Wonner vollbrénge kéint. „Ech mengen, datt ech geschwënn nees do wäert sinn“, esou den US-President, dee seng Virgoensweis aus de leschte Méint – wou hie vill Meetingen hannert sech bruecht huet a keng Mask dobäi gedroen huet – verdeedegt huet.

„Ech hat keng Wiel, ech konnt net einfach am Wäissen Haus bleiwen. (…) Als Leader muss een d‘Problemer ugoen“, esou den Donald Trump dee sech wënscht de Wahlkampf esou ofzeschléissen, wei hien en ugefaangen huet. Am Wäissen Haus herrscht aktuell grouss Zouversiicht, datt de Chef seng Ziler erreeche kann. Mee den Donald Trump gehéiert mat senge 74 Joer zur Risikogrupp…

D‘Wahlkampfagenda muss nei opgestallt ginn

Wëll den Donald Trump fir den Ament net selwer um Wahlkampf deel huele kann, sollen elo de Vizepresident Mike Pence a seng Kanner iwwerhuelen. Déi presidentiell Wahlkampfequipp huet dofir d‘Operatioun „MAGA“ ausgeruff. De Slogan „Make America Great Again“ hat dem Milliardär jo schon viru véier Joer Gléck bruecht. Ob et sech nach emol opgoe kann ass net sécher.

Fir den 8. Oktober ass dann awer emol en éischten Optrëtt vum Mike Pince an de Kanner Donald Trump Jr. an Eric Trump zu Peoria (Arizona) festgeluecht ginn. De 7. Oktober soll sech de Mike Pence mam Kamala Harris – déi vum Joe Biden designéiert Vizepresidentin – zu Salt Lake City en TV-Duell liwweren. Observateure ginn dovunner aus, datt dëse méi „gesittet“ oflafe soll…

President

Dem Donald Trump säin Dokter Sean Conley huet an engem hënt verëffentlechten Update erkläert, datt wärend den Donald Trump nach net iwwert de Bierg ass, géif d‘Team virsiichteg optimistesch bleiwen. Den US-President hätt och elo nach kee Féiwer a bréicht och keen zousätzleche Sauerstoff. Hien hätt ee Samschdeg geschafft a sech ouni Problem op sengem Stack deplacéiert.

Laut dem Dr. Sean Conley, läit d‘Sauerstoffsättegung vum presidentielle Blutt bei 96% bis 98%. E wichtege Faktor, well wann de Coronavirus Covid19 d‘Long ugräift, geet de Kierper zimmlech rapid an d‘Getten. Behandelt gëtt de gréisste President an der Geschicht vun den USA mat Remdesivir. Dëst Medikament hemmt en Enzym vun de Viren, dat zur Reproduktioun néideg ass.

Wat se vum Remdesivir an Europa halen

Wann den Donald Trump also evidenterweis net op Bleechmëttel oder „blo Luuchten“ zréckgräift, esou ass d‘Medikament Remdesivir an Europa éischter ëmstridden. Dat zur Behandlung vu schwéiere Krankheetsverleef vum Covid19 agesate Medikament gëtt aktuell, wéinst méigleche Komplikatiounen – d‘Niere géifen ugegraff – vun der EMA ganz seriéis ënnert d‘Lupp geholl.

Déi europäesch Agence fir Medikamentesécherheet (EMA) huet matgedeelt, datt een den Ament déi entspriechende Sécherheetspréifverfare fir d‘Medikament „Veklury“ – ee Preparat dat um Remdesivir baséiert – duerchhëlt. Laut der Agence wiere bei Patienten akut Niereproblemer opgetrueden. D‘Medikament huet zanter Juli an der EU eng „bedéngt“ Zouloossung erhalen.

President

De Veklury gëtt zu therapeuteschen Zwecker bei Erwuessenen a Jugendlecher agesat, déi un enger Longenentzündung, als Folleg vun der Covid19-Infektioun, leiden. Bei schwéier erkrankte Persounen, ginn d‘Risiken am Verglach zum méiglechen Notze vu Remdesivir bis ewell als Vertrietbar ugesinn. D‘EMA hat de Veklury awer schonn als „potentielle Risk“ genannt.

Fir den Ament léisst sech allerdéngs net mat Sécherheet klären, ob et en direkten Zesummenhang tëscht de Komplikatioune mat den Nieren an dem Asaz vu Veklury gëtt. Bis dat gekläert ass, bleift et bei der Empfeelung dëst Remdesivir-Preparat bei Therapie-Versich am Fall vu schwéiere Covid19-Infektiounen anzesetzen. Den Trump soll Remdesivir 5 Deeg laang domat behandelt ginn.

mat indymedia/was/bru

Foto: Den US-President bei der Aarbecht a sengem Konferenzraum am Walter Reed Medical Center zu Bethesda. © Joyce N.Boghosian / The White House

Related topics Bethesda, Covid19-Positiv, Donald Trump, Melania Trump, Militärspidol, Remdesivir
Next post Previous post