Search

You may also like

#AlarmstufeRot  – Berliner Demo géint d’Ausstierwe vu Concerten, Discoen a Co.
International Neiegkeeten

#AlarmstufeRot  – Berliner Demo géint d’Ausstierwe vu Concerten, Discoen a Co.

D’Veranstaltungsbranche fuerdert Hëllef: Concerten, Kiermes an Discoen, all hunn se un

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Déifferdeng
International Neiegkeeten

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Déifferdeng

Wéi d‘Police matdeelt, huet sech gëschter Moien zu Déifferdeng, op

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert
International Neiegkeeten

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Beim Begrëff Eng-Millioun-Awunner-Staat kritt muencheree Panik: domatter wier d’Land voll,

US-President mat sengem Ego zefridden

US-President mat sengem Ego zefridden

Kuerz virum Enn vum Impeachment huet den Donald Trump seng 3. Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Eng Ried déi de Milliardär ënnert de Motto „The big american comeback“ gestallt huet.

Wéi schonn zu Davos an a ville Riede virdrun, wann den Donald Trump schwätzt muss wéinstens ee Mënsch gelueft ginn, an dat ass bekanntlech hie selwer. D‘Wirtschaft an den USA géif zur Stonn eng Opschwong erliewen, dee weltwäit no Sengesgläiche sicht. De Wuelstand géif explodéieren an de Chômage géif kontinuéierlech zréckgoen. D‘USA sollten nees grouss ginn, him ass et gelongen.

US-President„An nëmmen 3 kuerze Joren hu mir d‘Mentalitéit vum amerikaneschen Néiergang zerstéiert“, esou de Milliardär, dee betount datt sech de Wuesstem mat enger Vitesse géif entwéckelen, déi nach bis viru kuerzen onvirstellbar war. Amerika an d‘Welt missten unerkennen, datt ënnert him, dem Donald Trump, d‘US-Wirtschaft 2019 ëm 2,3% geklommen an de Chômage op 3,5% gefall ass.

Kee wa jeemools besser

Hien, de genialen Diplomat a gewiefte Geschäftsmann hätt mam Ofbau vu Reguléierungen a mat der Reduktioun vu Steieren d‘US-Wirtschaft nee op een neie Level bruecht. Zudeem misst elo och unerkannt ginn, datt hie sech fir „fair a géigesäiteg“ Handelsofkommes mat anere Länner agesat huet. „Seng“ Arméi wier déi gréisst a mächtegst, d‘Grenzen si sécher, d‘Feinden op der Flucht…

US-PresidentAlles an allem eng eenzeg verbal Dejektioun déi d‘Republikaner, Senateure wéi Deputéiert, aus de Still gehuewen huet. Si hunn hire Messias an halen un him fest. Den Donald Trump steet fir de Räichtum an d‘Zukunft vun enger ganzer Natioun. D’Amtsenthiewungsverfare war eng Doutgebuert an et ass ausgeschloss, datt dee vun de Republikaner geleete Senat, den US-President hannergeet.

Onmanéierleche Personnage

Datt sech den Donald Trump net mat der demokratescher Chamberpresidentin Nancy Pelosi verdréit ass gewosst, an awer huet een ëmmer nees d‘Hoffnung, datt deen als rassistesch a misogyn duer gestallten US-President zumindest mécht wéi wann hie Manéieren hätt. Hei awer schéngt Happ a Malz verluer. Eigentlech gehéiert et sech, datt ee sech virun der Ried am Kongress d‘Hand gëtt.

US-President

De Bierger vun Amerika soll de President och ëmmer e Virbild sinn. Eng gesond Ernierung ass do keng Ausnam… © private

An d‘Nancy Pelosi hat dann och d‘Hand ausgestreckt, mee den „Donnie“ war längst am Higschool-Modus ukomm. Hien huet déi ausgestreckten Hand demonstrativ ignoréiert a sech „sengem Public“ zougewennt. Et ass dann och net wéi gewinnt ëm zukünfteg Initiativen oder Gesetzer gaangen, mee ganz entschidden ëm d‘Wahlen am November an deen domadder verbonnene Wahlkampf.

mat indymedia/was

Foto: De 45. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika kann zouversiichtlech an d‘Zukunft blécken. Et ass keen do deen him d‘Waasser reeche kann. © White House

Related topics Donald Trump, Ego, Ried zur Lag vun der Natioun, State of the Unioun, USA
Next post Previous post