Search

You may also like

An dunn huet et „Bumm“ gemaach
International Neiegkeeten

An dunn huet et „Bumm“ gemaach

Viru gutt zéng Deeg hat de Kim Jong-Un der südkoreanescher

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020
International Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché
International Neiegkeeten

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché

Am Kontext vun engem kulturellen Austauschofkommes tëschent dem Henan Museum

US-President erpresst Mexiko

Den Donald Trump dreet de mexikanescher Regierung mat Grenzschléissung

US-President erpresst Mexiko

De Donald Trump gëtt einfach keng Rou, a schéngt drop aus ze sinn, et mam mexikaneschen Noper bis op dat äusserst ukommen ze loossen. Den neisten Entschloss: wann elo d‘Mexikaner déi illegal Migratioun a Richtung USA net „stoppen“ kënnt et ab dem Méindeg zur Grenzschléissung.

Mexiko

„Falls Mexiko net direkt all illegal Migratioun an d‘USA iwwert eis südlech Grenz stoppt, wäert ech d‘Grenz oder grouss Deeler vun der Grenz, déi nächst Woch zoumaachen“, esou de Milliardär via Twitter. De Virworf huet sech net verännert. Mexiko géif sech op Käschte vun den USA beräicheren an näischt géint déi illegal Migratioun ënnerhuelen, dobäi wier et denkbar einfach.

Mexiko

Sengem leschten Tweet waren déi ganz Woch iwwer „Undeitungen“ virausgaangen, an de President vu Mexiko, Andres Lopez Obrador, hat duerchaus Versteesdemech fir d‘Kritik aus Washington gewisen. En Donneschdeg sot hien: „Et ass legitim, datt si net averstane sinn an dës Reklamatioun virdroen. Mir wäerten hëllefe wou mir kënnen, mir wëlle kee Sträit mat den USA“.

Mexiko

Mee och „Versteesdemech“ huet seng Grenzen, an déi lescht Äusserunge vum 45. US-President hu fir Onmutt gesuergt. Esou ass dem mexikaneschen Ausseminister, Marcelo Ebrard, de Kolli geplatzt an hien huet dem Donald Trump seng Rhetorik iwwerholl. A sengem Tweet huet hien den USA verständlech gemaach, datt een sech net erpresse léisst. Iwwerhaapt wier een e fantastesche Noper.

Mexiko

Op et zu enger Grenzschléissung komme wäert, dat léisst sech bei enger diplomatescher Flaachzang wéi den Donald Trump eng ass, mat Sécherheet ni bestëmmen. D‘Lag un der Grenz zu Mexiko ass awer en trumpschen Dauerthema, an dat net eleng wéinst der „Mauer“ déi keen dem US-President finanzéiere wëll. Fest steet allerdéngs, datt hien als nees mat de Fixspéin spillt. Beonrouegend ?

mat indymedia/hou/was

Related topics Donald Trump, Grenzmauer, Grenzschléissung, Illegal Migratioun, Mexiko
Next post Previous post