Search

You may also like

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris
International Neiegkeeten

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris

De britesche Premierminister Boris Johnson hat sech zu Ufank schwéier

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

Mister Speaker warnt britesche Premier
International Neiegkeeten

Mister Speaker warnt britesche Premier

Esou eppes huet et am britesche Parlament bis ewell och

US-President fuerdert Zweestaateléisung

De Joe Biden ass iwwerzeegt dovunner, datt et nëmme Fridde ka ginn, wa Palestina an Israel sech als „Nopere“ respektéieren an zesummeschaffen

US-President fuerdert Zweestaateléisung

En nohaltege Fridden ass eréischt da méiglech, wann all d‘Acteuren an der Regioun Zweiwelsfräi, Israel d‘Recht unerkennen, als onofhängege Staat ze existéieren“, sot de Joe Biden gëschter an huet ënnerstrach, datt sech d‘USA dofir wäerten asetzen, datt d‘Gazasträif nees opgebaut ka ginn.

Den US-President, ee Mann mat vill Gottvertrauen, huet fir d‘Wafferou gebiet, woubäi eigentlech grad dat „reliéist“ den eigentleche Problem ass. An esoulaang wéi am israelesch-palestinensesche Konflikt d‘Relioun – an hir fanatesch Vertrieder – der Politik d‘Richtung virgëtt, kann et kee fir all Säiten zefriddestellende Kompromëss ginn. An dësem Kontext ass d‘Éierewuert vun engem wéinst Korruptioun ugeklote Ministerpresident, wuel och mat gréisserer Virsiicht ze genéissen…


Et dierf een an dësem neierleche Konflikt och d‘Roll vun de soziale Medien net ausser Uecht loossen. Béid Lager engersäits, de Recht vun der Welt anersäits, verstinn et déi richteg Aussoen ze streeën, mat deenen d‘Konfrontatioune reegelrecht erausgefuerdert ginn.

Jiddefalls hunn de Joe Biden an de Benjamin „Bibi“ Netanjahu matenaner telefonéiert. Wärend dem Gespréich soll den US-President vu sengem Gespréichspartner gefuerdert hunn, der Gewalt tëscht den israeleschen Araber a Judden ze begéinen. D‘Bierger vum Land misste gläichbehandelt ginn, an net no hirer Reliounszougehéiregkeet als „ënnerschiddlech Staatsbierger, mat ënnerschiddleche Rechter“ géintenaner ausgespillt an opbruecht ginn. Dat wäerten déi „gleeweg“ nees net wëllen.

Net een derbäi deen eppes daacht

Wat elo d‘Wafferou ubelaangt, esou hat déi radikal islamesch Hamas, déi vum Iran an der Tierkei gestäipt gëtt, wuel aus politeschen Iwwerleeungen eraus kee Problem sech drop anzeloossen. Si kënnen awer net fir déi aner Acteuren, wéi beispillsweis den islameschen Dschihad schwätzen. Och d‘Roll vun der Fatah an dem Palestinenserpresident Mahmoud Abbas, dierf net ausser uecht gelooss ginn, an deen huet ënnert dem Joe Biden sengem Virgänger eppes gelidden. Den USA vertrauen?

Déi israelesch Autoritéite verbidde Journalisten den Zoutrëtt zu Bezierk Scheich Jarrah. Hei huet et ee neie Sträit ëm Besëtzuspréch, an dëse gëllt als Ausléiser vun de jéngste Konfrontatiounen, déi nom Enn vum arabesche Faaschtemount um Tempelbierg zu Jerusalem lancéiert goufen.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt de Begrëff Wafferou am Kontext vun israelesch-palestinensesche Konflikt, verschiddenen Interpretatiounen ënnerläit, jee nodeem op wéi enger Säit vun der Mauer ee sech befënnt. A wéi ugespaant d‘Lag trotz der, mëttels engem Gespréich mat Gott, vereenbaarter Wafferou ass, huet sech schonn ee Freideg nom Gebiet gewisen. Um Tempelbierg ass ee sech nees mat Steng a Gummiskugele begéint. Mat 15 gemellte Blesséierte bleift de Bilan awer erdréiglech.

mat indymedia/was/tlv

Foto: A Jesus sot: „… wann den hellege Geescht iwwert iech komm ass, wäert dir seng ganz Kraaft empfänken. Da wäert dir vu mir beriichten, zu Jerusalem, a Judäa, a Samarien an iwwerall op der Welt“ (Apostelgeschicht 1:8) – © Samantha Sophia

Related topics Bezierk Scheich Jarrah, Gaza, Israel, Jerusalem, Joe Biden, Palestina, Tempelbierg, Wafferou
Next post Previous post