Search

You may also like

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années

No senge Memoiren Luxemburg im Wandel der Zeiten aus dem

Si hunn d‘Spillschoul vandaliséiert!
International Neiegkeeten

Si hunn d‘Spillschoul vandaliséiert!

Datt et därer huet déi net ganz gescheit sinn, ass

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen
International Neiegkeeten

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen

An der hessescher Stad Hanau (bei Frankfurt am Main) sinn

US-President huet Bedenken

Beim senge Rondgang vun den US-Geheimdéngschter huet de Joe Biden notéiert, datt déi sëllege Cyberugrëff kéinten ee Krich ausléisen, et misst ee kritesch Infrastrukture besser schützen

US-President huet Bedenken

D‘Spannung tëscht de sougenannte Groussmuechten hëlt zou, an egal wéi enger Kris et geschëlt ass, jidderee schéngt sech op seng ganz eegen Aart a Weis op ee gréissere, méiglecherweis finale Konflikt anzestellen. Jiddefalls loossen dem Cowboy seng Aussoe vill Raum fir Spekulatiounen.

Et war dem Joe Biden säin éischte Besuch vum Geheimdéngschtkoordinatiounsbüro (ODNI). Am Gespréich mat de Responsabelen huet den US-President statuéiert: „Wa mir an ee Krich mat enger Groussmuecht enden, dann als Folleg vun engem Cyberugrëff vu groussem Ëmfang“. Net ganz verkéiert, u Méiglechkeete feelt et jo net an et huet vill privatwirtschaftlech Interessen dorunner.

Gëschter huet d‘US-Regierung d‘Pläng zum Schutz vu kritescher Infrastruktur virgestallt. Eng fir vill Observateure längst iwwerfälleg Moossnam. ODNI besteet aus ronn 120 Mataarbechter an huet d‘Missioun 17 Geheimdéngschter ze beopsiichtegen. Entgéint sengem charismatesche Virgänger, deem et u Kritik zu de Spiounen net gefeelt huet, wëll de Joe Biden d‘Servicer net politiséieren.

De Feind am Virtuelle Raum ass praktescher weis deeselwechte wéi bei der Kontroll vum Weltraum an/oder dem Welthandel. Nach déi lescht Woch hunn d‘Amerikaner d‘Chinesen nees beschëllegt hei béiswëlleg Cyberattacke géint US-Konzerner lancéiert ze hunn. Deem hu sech selbstverständlech direkt d‘EU, NATO a Groussbritannien, wéi och soss sougenannt „Alliéiert Muechten“ ugeschloss.

Vill Blabla, wéineg Beweiser…

Wann et duerchaus richteg ass, datt d‘Chinesen (wéi ganz vill anerer och) net nëmmen en Interessi un eppes „Duerchbléck“ am Cyberraum hunn, mee zuweilen an engem Kontext vun Dissens a Mësstrauen hir schlau Käpp vun der Léngt gelooss hunn, esou bleift et gewot der kommunistescher Partei vu China ze ënnerstellen, Attacken op Server vu Microsoft duerchgefouert ze hunn.

D‘Amerikaner sinn net besser. Hei hunn Hacker – méiglecherweis och am Staatsoptrag – am Juli Cyberattacke géint russesch Netzer an Infrastrukture geridden. Den Zar Vladimir I. hat en dësem Zesummenhang ee längert Telefonat mam Cowboy. Heibäi goufen och d‘Fro vun den aus Russland operéierende Banden, déi sech sougenannter „Ransomware“ bedénge fir Geld ze erpressen.

Wat de Beweis betrëfft, datt et engersäits chinesesch Staats-Hacker sinn, déi d‘Server vun den US-Software ugräifen, et Russe sinn déi sech den Hannerdieren am Internet bedénge fir Konzerner ze erpressen, esou ginn dës net virgeluecht. An awer heescht et weiderhin, datt russesch Ministèren a Verwaltungen hannert all den Hackerugrëff op US-Institutioune stiechen. Elo also geschwë Krich?

mat indymedia/was

Foto: De 46. US-President Joe Biden huet beim Besuch vum Geheimdéngschtkoordinatiounsbüro, senge leit ee grousse Merci ausgeschwat, fir déi vill a wichteg Informatiounen, déi si de Leader vun den USA zur Verfügung stellen, an déi ëmmer esou akurat sinn, datt sech Konflikter verhënnere loossen an esou dee bestëmmt gréisste Beitrag zum Erhalt vum Weltfridde leeschten. © ODNI

Related topics China, Cyberattack, Cyberraum, Cyberugrëff, Geheimdéngschter, Joe Biden, ODNI, Russland
Next post Previous post