Educatioun: Et huet nach aner Suerge wéi de Covid19
Datt sech zanter elo engem gudde Joer alles eenzeg an
Datt sech zanter elo engem gudde Joer alles eenzeg an
De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass veriergert iwwert d’Impfungen. Dobäi geet
Am Kader vun de Gemengerotssëtzung gëschter, ass d‘Christiane Brassel-Rausch (déi
Op en neits muss sech den US-President dem Virworf vu „Rassismus“ stellen. Dat well hie sech nees mat senger Kritik um afroamerikaneschen Deputéierten Elijah Cummings (Demokraten) am Toun vergraff huet.
Den Elijah Cummings soll sech mat sengen „Tiraden“ géint d‘Beamte vum Grenzschutz gewannt hunn, während an sengem Bezierk (Baltimore) d‘Situatioun wiesentlech schlëmmer a geféierlech ass, esou den Donald Trump via Twitter. Dem Demokrat säi Bezierk wier en eenzegt vu Raten a soss Gedéiesch beherrschte Chaos. Hie sollt méi oft do sinn a kéint esou vläicht derzou bäidroen, dëse geféierlechen an knaschtegen Uert opzeraumen.
Nom Donald Trump senger verbaler Attack géint véier Frae mat Migratiounshannergrond – alles Deputéiert vun de Demokraten – huet sech de Milliardär dem Virworf vu „Rassismus“ a „Misogynie“ gefale loossen. Déi haten et tatsächlech gewot sech géint dem US-President seng Migratiounspolitik ze stellen. Den Elijah Cummings hat sengersäits d‘Zoustänn an de „Lager“ fir d‘Migranten un der mexikanescher Grenz kritiséiert.
Elo muss ee wëssen datt Baltimore majoritär vun Afroamerikaner bewunnt gëtt. Zudeem huet dës US-Metropol en héije Kriminalitéitstaux. Den Ugrëff op den Deputéierten huet allerdéngs nees fir Opreegung gesuergt. De Betraffenen huet dem Donald Trump geäntwert: „Här President, ech ginn all Dag a mäi Bezierk. All Mueren erwächen ech a kämpfe fir meng Noperen“. Hie kéim senger Verantwortung a senger Flicht no, esou den Elijah Cummings.
Och d‘Nancy Pelosi, Spriecherin vum Representantenhaus, huet zur Tastatur gegraff. Si stellt an hirem tweet kloer, datt den Elijah Cummings en héichgeschätzte Kolleg wier an ee rassistesch Attacke géint seng Persoun net toleréiere wäert. Domadder dierf si den Trump net vum Hocker gerappt hunn. Deen ass ganz op säi Wahlkampf a seng Wielerschaft konzentréiert. An et schéngt wéi wann déi genee dat vun hirem President géifen erwaarden.
wat indymedia/was
Foto: Bosseg, wann ee bedenke sollt, datt den Donald Trump de 14. September 2017 eng Resolutioun géint Rassismus an Haasskriminalitéit ënnerschriwwen huet. Dat war e Mount no de Gewaltausbréch zu Charlottesville.