Search

You may also like

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount
International Neiegkeeten

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount

Nodeems e Mëttwoch de Premierminister statt enger „Erklärung zur Lag

En Amerikaner zu Jerusalem
International Neiegkeeten

En Amerikaner zu Jerusalem

No Saudi-Arabien ass den Trump um Méindeg zu Jerusalem op

Annie Cordy: Eng Belsch Geschicht, déi net fir ze laachen ass
International Neiegkeeten

Annie Cordy: Eng Belsch Geschicht, déi net fir ze laachen ass

D’Annie Cordy befënnt sech am Häerz vun enger Kontrovers. Ee

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren

E Freideg huet d‘EU-Kommissioun déi offiziell Prozedur ageleet, mat där d‘Gesetz zum Blockage aktivéiert gëtt, mat deem d‘Auswierkunge vun den extraterritorialen US-Sanktioune géint europäesch Entreprise déi am Iran investéiere wëllen, solle verhënnert ginn. Ganz esou wéi et de Jean-Claude Juncker en Donneschdeg annoncéiert huet.

Dës Reglementatioun war 1996 geschafe ginn, fir den Embargo géint Kuba ze ëmgoen. D‘Gesetz war awer ni agesat ginn, well déi kubanesch Kris op diplomateschem Wee konnt geléist ginn. Elo erhofft ee sech zu Bréissel, datt bis zum 6. August, Datum zu wellechem déi éischt US-Sanktioune a Kraaft trieden, dëst Gesetz den neien Erausfuerderunge kann ugepasst ginn.

„Mir mussen elo reagéieren“ sot den EU-Kommissiounspresident beim Sommet zu Sofia, wou hien déi „eestëmmeg Ënnerstëtzung“ vun den europäesche Staatscheffen erhalen huet. Nom Réckzuch vun den USA aus dem Atomofkommes mam Iran, hunn sech d‘Europäer drop gëeenegt, sech och weiderhin un den Accord ze halen, zumindest esou laang, wéi den Iran sech och drun hält.

A vun der Kommissioun heescht et dann och: „D‘Ophiewe vun de Sanktiounen déi un den Atomprogramm gebonne sinn, stellen d‘Häerzstéck vum JCPOA duer. D‘EU engagéiert sech den Impakt vun de Sanktioune géint europäesch Entreprise ofzeschwächen an ergräift Moossnamen, mat deenen de Wirtschaftswuesstem an d‘Handelsbezéiunge mam Iran bestoe bleiwen“.

Wéi funktionéiert dëst „Gesetz“?

Mat dësem „Blockage-Gesetz“ gëtt den europäeschen Entreprisen a Geriichter erméiglecht, sech net de Reglementéierungen zu Sanktiounen, déi vun Drëttlänner geholl oder bestëmmt goufen, ze ënnerwerfen. Et bestëmmt och, datt keen Uerteel vun engem auslännesche Geriicht, dat sech op dës Reglementéierung berifft, an der EU kann Uwennung fannen.

D‘EU-Kommissioun huet dann och nach drop higewisen, datt si d‘Memberlänner vun der EU encouragéiert ze iwwerpréiwen, wéi eng Méiglechkeete bestinn oder geschafe musse ginn, fir Bankiwwerweisungen un déi iranesch Zentralbank ze maachen. Domatter kéint den Iran weider Transaktiounen, beispillsweis beim Handel mat Pëtrol, ënnerhalen.

An dësem Kontext ass dann och virgesinn, datt den EU-Kommissär fir Energie, Miguel Arias Canete, dës Froen am Kader vun enger Visite zu Teheran wäert opwerfen. D‘EU wëll kucken, wéi eng Méiglechkeete bestinn, den Import vu Pëtrol aus dem Iran ze bezuelen. Genee esou wichteg, d‘Fro, wéi iranesch Fongen aus der EU, och nees an den Iran geleet kenne ginn.

Zu Bréissel ass dann och d‘Prozedur an d‘Wee geleet ginn, mat där et der EIB (déi europäesch Investitiounsbank mat Sëtz zu Lëtzebuerg) erméiglecht gëtt, europäesch Investissementer am Iran, besonnesch fir kleng a mëttelstänneg Betriber, ze stëtzen. Et ass dann och nach opgeruff ginn, den Energiesecteur an d‘PMEen am Iran ze ënnerstëtzen, am Kader vum géigesäitege Vertrauen.

Keng Zäit ze verléieren

D‘EU-Parlament an den EU-Rot (d‘Memberlänner) hunn zwee Méint Zäit fir sech géint dës Moossnamen auszeschwätzen. „D‘Prozedur kann ënnerbrach ginn, wann déi politesch Ëmstänn dës Mesuren net méi justifiéieren“, preziséiert déi europäesch Exekutive.

„D‘EU agéiert séier an dat an aller Legalitéit“ begréisst d‘EU-Kommissärin fir auswäerteg Ugeleeënheeten, d‘Frederica Mogherini an engem Communiqué. Si huet ugekënnegt, datt déi nächst regulär Sëtzung vun der Kommissioun, ënnert der Presidence vun der EU, déi en Accord mam Iran iwwerwaacht, de 25. Mee zu Wien stattfënnt.

Hei gesinn sech d‘Vertrieder vum Iran an de Groussmuechten, déi d‘Atomofkommes mat verhandelt hunn: Russland, China, Frankräich, Däitschland a Groussbritannien. Et ass och dat éischt Treffen, un deem keng Vertrieder vun den USA sech bedeelegen.

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet sech beim EU-Sommet zu Sofia fir d‘Atomofkommes mam Iran staark gemaach. An hien huet dann och déi eestëmmeg Ënnerstëtzung vun de Regierungscheffen erhalen. © Dimitar Dilkoff/pool/AFP

Related topics Atomofkommes, EU, Iran, Jean-Claude Juncker, US-Sanktiounen
Next post Previous post