Search

You may also like

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert
International Neiegkeeten

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert

Eis belsch Noperen hunn um Mëttwoch den zwou Polizistinnen an

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!

Um 16. Juli 1969 hunn d’USA Raumfart-Geschicht geschriwwen. Fir d’Missioun

Frankräich: schwiereg Zäite fir den Inneminister
International Neiegkeeten

Frankräich: schwiereg Zäite fir den Inneminister

Hien huet d‘Kris vun de giele Gileten nach net iwwerstanen,

US-Sanktioune géint NordStream2 wierken

Nodeems Allseas säi Spezialschëff huet missen ofzéien, verzitt sech d‘Fäerdegstellung vun der Gaspipeline

US-Sanktioune géint NordStream2 wierken

D‘Amerikaner wëllen eis mat aller Gewalt hiren deiere Flësseggas opzwéngen, dat mam beschten Argument: „D‘EU dierf sech net vu Russland energetesch ofhängeg maachen“. Dofir sinn dann och d‘Sanktioune géint Entreprisen déi um Bau vun NordStream2 bedeelegt sinn, eng „Pro-europäesch Entscheedung“. D‘Entreprise „Allseas Group“ huet sech dann och direkt gefüügt…

An dat Ganzt huet dann och zolidd Konsequenzen. De russeschen Energieminister Alexander Nowak huet elo missen ukënnegen, datt nom Ofzuch vum Spezialschëff den Ausbau vun de leschten 160 Kilometer net zum geplangten Termin kann ofgeschloss ginn. D‘Pipeline kann ënnert dësen Ëmstänn net virun Enn 2020 fäerdeggestallt ginn. Et géif awer schonn Alternativen.

NordStream2

Et ass net dovunner auszegoen, datt Allseas d‘Entscheedung liicht gefall ass. Mee d‘Bedreeung vun de republikanesche Senateuren Ted Cruz a Ron Johnson war reell an Allseas konnt sech vun der EU-Kommissioun, jo nach net emol vu Berlin, politesch Ënnerstëtzung erwaarden.

Fir d‘Ausleeë vun de Réier soll elo dat russescht Schëff „Akademik Tscherski“ asprangen. Dat ass allerdéngs net ganz esou einfach, well d‘Schëff fir seng Missioun an der Ostséi muss zousätzlech ausgerëscht ginn, an sech den Ament och nach am japanesche Mier ophält. Eleng de Wee vum Schëff wäert Wochen daueren. Dat alles dierft de Projet zudeem ëm bis zu 100 Millioune kaschten.

Flexibel Rhetorik aus Bréissel

Fir d‘Ursula vun der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin, sinn US-Sanktioune géint Entreprisen déi sech am Aklang mat der Rechtsuerdnung befannen net de richtege Wee. Et géif beim Projet NordStream2 natierlech och eng politesch Dimensioun, mee d‘EU géif mat hire Mëttel d‘Interesse vun den ëstlechen EU-Länner verdeedegen. D‘Sanktioune gi kritiséiert an dat war et dann awer och.

NordStream2Wann en dann awer bedenkt, datt de Projet NordStream2 mat 10 Milliarden Euro net grad Bëlleg ass an dës Verzögerung net nëmme Käschte produzéiert, mee natierlech och e Verdéngschtausfall bedeit, dann huet Washington eng éischt Schluecht gewonnen. Dës Gaspipeline soll, grad wéi NordStream1 de Gas direkt vu Russland no Däitschland liwweren, wat d‘USA verhënnere wëllen.

Bis ewell ass d‘Ukrain dat wichtegst Transitland fir russesche Gas, an zanter Moskau a Kiew nees matenaner Schwätzen, gëtt och nees un engem Vertrag geschafft, deen den zukünftege Gastransit zur Versuergung vun Europa regele soll. Et soll dann awer wiesentlech manner Gas duerch d‘Ukrain fléissen. D‘Ukrain kéint zudeem och um Krunn dréinen, firwat eng Deviatioun Sënn mécht.

NordStream2

D‘Gaspipeline NordStream2 huet, wann se bis fäerdeggestallt ass, eng Kapassitéit vu 55 Milliarde Kubikmeter Gas/Joer. Energie déi och am Kontext vum „Green Deal“ eng wichteg Roll spillt, an duerchaus den eigentleche Pipeline-Géigner, wéi beispillsweis Polen, kéint hëllefen sech vun der Kuel, am Kader vun der energetescher Transitioun, ze trennen. Polen awer wëll léiwer US-Gas…

mat indymedia/ber/mow/bru

Foto: © Allseas Group

Related topics Allseas, Energiesécherheet, Gaspipeline, Nordstream2, US-Sanktiounen
Next post Previous post