Search

You may also like

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz
International Neiegkeeten

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz

Op d’LSAP mam Vera Spautz nach emol de Buergermeeschter an

Ee Skandal, seng Folgen an d‘Sich no der Wourecht
International Neiegkeeten

Ee Skandal, seng Folgen an d‘Sich no der Wourecht

Den HRS, ee private Gesondheets-Déngschtleeschter, deen iwwer donkel Kanäl enk

Dëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngt
International Neiegkeeten

Dëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngt

Homeopathie ass räichlech ëmstridden. Mee wat bréngt et wierklech? D’Äntwert

D‘US-Wahle sinn entscheet

No der Victoire am Schlësselstaat Pennsylvania sollt feststoen, datt de Kandidat Joe Biden de 46. US-President vun Amerika ass, mee den Donald Trump huet seng Defaite nach net agestanen

D‘US-Wahle sinn entscheet

D‘Spannung ass eriwwer a villeruerts ass d‘Freed grouss. Datt d‘Demokrate a Pennsylvania kéinten d‘Wahl entscheede war gewosst, mee et huet missen op dat offiziellt Resultat gewaart ginn. Elo steet dëst fest a mat iwwer 270 Walmänner hunn de Joe Biden an d‘Kamala Harris dës Wale fir sech entscheet. Den Trump huet sengersäits juristesch Schrëtter a veschiddene Staaten annoncéiert.

Mam (nach) 77 järege Joe Biden hunn sech d‘USA nees ee Beruffspolitiker als Hausmeeschter fir dat Wäisst Haus gewielt. D‘Kamala Harris gëtt déi éischt afroamerikanesch US-Vizepresidentin. Allebéid hunn se an der Walcampagne erkläert de „Kampf ëm Séil vun der Natioun“ féieren ze wëllen, elo gesäit et elo ganz duerno aus, datt si dëse wäerte féiere mussen. Mee eent nom aneren…

Et ass net méi dovunner auszegoen datt sech un dësem Resultat nach eppes ännere léisst, et muss een awer d‘Affekoten hir Aarbecht maache loossen. A wärend déi sech ëm Recourse bei Geriicht këmmeren, dierf déi nei „Koppel“ sech schonn emol freeën. Um Samschdegowend (esou géint 14 Auer eiser Zäit) sollen sech de Joe Biden an d‘Kamala Harris mat enger Ried un d‘Natioun wennen.

Si wëlle vereenen…

Op Twitter huet d‘Kamala Harris, nodeems d‘Resultater vu Pennsylvania bekannt waren, ee Clip gepost, deen de Moment soll festgehalen hunn, wou d‘Senatorin dem Joe Biden urifft fir dësem telefonesch ze gratuléieren. „Mir hunn et gepackt, mir hunn et gepackt, Joe. Du bass den nächste President vun de Vereenegte Staaten vun Amerika“. Echt oder Fake? Wien interesséiert dat?

Wahle

Fir den Ament verhält et sech déi aner Säit vum grousse Pull esou: a ville Groussstied gëtt gefeiert. Op de Stroosse vun New York, Chicago a Washington zelebréieren d‘Leit d‘Victoire vun den Demokraten, alles hält d‘Schëlter „Biden-Harris“ héich. Et sollt een allerdéngs bei all dëser wuel berechtegter Euphorie awer net „déi aner Säit“ vergiessen. Déi verschwanne jo net einfach esou.

An och de Milliardär huet jo schonn annoncéiert dem Joe Biden seng Victoire net unzëerkennen. Hie presentéiert sech als Affer vun engem systematesche Walbedruch. Datt hien dofir bis ewell net een eenzege Beweis virleeë kann, an och d‘OSZE-Wahlobservateure konnte kee Gefuddels bei dëse Wale feststellen. Mee et ass dem Donald Trump säi Recht, datt alles unzefechten an a Fro ze stellen.

Schlechte „Looser“

„Déi einfach Tatsaach ass, datt dës Wal nach net eriwwer ass. Mir all wësse firwat sech de Joe Biden vireileg als Gewënner ausgëtt a firwat seng alliéiert Medien esou drop aus sinn him ze hëllefen: Si wëllen net dat d‘Wourecht un d‘Liicht kënnt. De Joe Biden ass net als Gewënner vun iergendengem Staat bestätegt, ganz ze schweige vun de staark ëmkämpfte Staaten“, dixit Trump.

Wahle

Eng Ausso déi wuel keng rechtlech Folge kann hunn, awer schonn emol weist a wéi eng Richtung dat ganzt leeft. An eigentlech ass dësen Zenario och schonn iwwert de ganze Walkampf eraus esou virbereet an och virgestallt ginn. Et wäert vill Aarbecht fir d‘Geriichter ginn, déi bis zum 8. Dezember deem Ganzen en Enn bereede mussen. Jo et huet Terminer déi einfach anzehale sinn…

Wahle

Den US-President gëtt net direkt, mee duerch Walmänner an de Bundesstaaten gewielt. D‘Staate musse bis zum 8. Dezember d‘Resultater beglaubegen an u Washington weiderginn. De 14. Dezember stëmmen dann d‘Walmänner of. Den 3. Januar kennt den neie Kongress zesummen an de 6. Januar ass dann amtlech wie gewonnen huet. Vereedegt ginn déi „Nei“ dann den 20. Januar.

mat indymedia/was/nyc/sfo

Foto: Si schéngen et tatsächlech gepackt ze hunn a sinn déi nei Manager vun de Vereenegte Staate vun Amerika: de Joe Biden an d‘Kamala Harris. © Team Harris

Related topics Demokraten, Donald Trump, Joe Biden, Kamala Harris, Republikaner, US-Wahlen 2020
Next post Previous post