Orkan Harvey: en Tëschebilan
Den Orkan Harvey hällt d’Mënschen am Otem. Mir zéien e
Den Orkan Harvey hällt d’Mënschen am Otem. Mir zéien e
No engem Tour duerch déi Escher Geschäftswelt leschte Méindeg, huet
Op engem Camping an Nordrhein-Westfalen (Landkrees Lippe) sollen op mannst
Eng ganz Serie vun Tornadoen hat den amerikanesche Bundesstaat Tennessee heemgesicht. No engem éischte virsiichtege Bilan, hunn d‘Autoritéite mindestens 25 Stierffäll bestätegt. Déi genee Zuel vun de Blesséierte war haut de Moien net festzestellen. D‘Schied ginn an d‘Milliounen…
An enger kuerzer Pressekonferenz, huet de Buergermeeschter vun Nashville, John Cooper, eng Iwwersiicht vun der Situatioun ginn. Affer géif et keng ze bekloen, mee mindestens 150 Mënsche wiere blesséiert a géifen zur Stonn an de Spidäler behandelt. 48 Gebaier sinn a sech zesummegefall, eng Rei Brécken a Stroossen sinn deels ganz schwéier beschiedegt ginn.
Fir eng 73.000 Awunner vun Nashville an Ëmgéigend gëtt et keng Stroumversuergung méi. Den Donald Trump huet sech via Twitter ausgedréckt. Déi ganz Natioun géif no dësem schrecklechen an däiwelzegen Tornado mat de Betraffenen traueren. Weider heescht et, datt sech den US-President um Freideg mat eegenen Ae vun de Schied an dem Wuel vun de Leit iwwerzeege wëll.
Hien huet zudeem versprach, datt d‘Regierung dem Bundesstaat och finanziell beim Opbau wäert ënnert d‘Äerm gräifen. D‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, huet alle Membere vun de Rettungsdéngschter fir hire Courage an Asaz Merci gesot. D‘Demokrate géife fir all déi bieden déi nach vermësst ginn, esou de kuerze Statement. Et ass schliisslech och Wahlkampf…
De Gouverneur Bill Lee huet sengersäits den Noutstand ausgeruff an zu a ronderëm Nashville véier Noutënnerkënft aktivéiert. De Katastropheschutz ass schwéier domadder beschäftegt, beschiedegt Brécken a Stroossen ze sécheren. D‘Leit sinn opgeruff ginn, sech aus beschiedegte Gebaier erauszehalen an och keng oniwwerluechten Aktiounen oder Reparaturaarbechten ze ënnerhuelen.
Hefteg Stierm sinn am amerikanesche Südosten ëm dës Joreszäit normal an och d‘Stäerkt ass den Autoritéite wéi och de Leit am Land eigentlech bekannt. Déi enorm Schied an domadder verbonne Käschten, sinn an éischter Linn der liichter d‘Bauweis an a gewësser Mooss och der US-Mentalitéit zouzeschreiwen. Haiser déi nom Tornado vun 2019 nees opgeriicht goufen, si schonn nees fort…
mat indymedia/bna
Foto: E vun den Tornadoen, wéi hien zu Nashville d‘Charlotte-Avenue duerchzitt. © Sweta Patel