Search

You may also like

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
International Neiegkeeten

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen
International Neiegkeeten

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Méinden, den 12. August vun 22.00 Auer un! Tëscht dem

Lega-Chef zu Palermo ugeklot
International Neiegkeeten

Lega-Chef zu Palermo ugeklot

2019 hat dem deemolegen italieneschen Inneminister seng anti-Migratiounspolitik fir eppes

USA: Déidlech Policegewalt

Washington denoncéiert d‘Gewalt géint Demonstranten zu Hong Kong a wäiss Poliziste bréngen zu Minneapolis ee schwaarze „Verdächtegen“ op oppener Strooss ëm…

USA: Déidlech Policegewalt

Et gëtt natierlech keen Zesummenhang tëscht de Virfäll vun Hong Kong a Minneapolis, mee et ass schonn interessant, wann sech Weltmuechten op verschidden Aarte Policegewalt virwerfen. De George Floyd, deem säi Mord duerch d‘Police vu vill Passante gefilmt ginn ass, beschäftegt elo den FBI. Wat mir hei als Skandal géife bezeechnen, gehéiert an den USA zum „Business as Usual“.

Zum Asaz: Dat d‘Police sech „ëm de George Floyd“ gekëmmert hunn, ass engem Noutruff vun engem Geschäftsmann geschëlt, deen d‘Police ugeruff hat, well de Mann mat gefälschtem Geld bezuelt hätt. Deem ass d‘Police nogaangen a si hunn den Afro-Amerikaner a sengem Auto sëtzend ugetraff an dësen opgefuerdert sech hinnen ze stellen. Offiziell heescht et de Mann hätt se gewiert.

No eppes Kierperasaz wier et de Beamten da gelongen dem Mann Handschellen unzeleeën. Heibäi wier hinnen opgefall datt de Verdächtegen „an enger medezinescher Noutlag“ wier an si hätten och direkt eng Ambulanz geruff. De Mann ass „um Wee an d‘Spidol gestuerwen“ esou den offizielle Standpunkt. Déi ganz Zeen ass vun „interesséierte Passanten“ mam Handy gefilmt ginn.

PolicegewaltÉischt Reaktiounen: Wéi de Buergermeeschter vu Minneapolis, Jacob Frey, vum Virfall Kenntnis kritt huet, soll hien entsat gewiescht sinn. Via Twitter huet hien erkläert, datt déi véier an de Virfall agebonne Polizisten entlooss gi wieren. Laut dem Tweet: „Et sollt an Amerika keen Doudesurteel sinn, Schwaarz ze sinn“. Datt d‘Beamten „nëmmen Entlooss“ goufen, suergt awer fir Gedauschs.

De FBI muss ermëttelen

Vun der Direktioun vun der Police zu Minneapolis gouf matgedeelt, datt een de Virfall géif intern ënnersichen, an een och d‘Bundespolizei (FBI) an d‘Ermëttlungen agebonnen huet. D‘Dot déi sech e Méindeg zougedroen huet, ass bei wäitem keen Eenzelfall. Esou eppes féiert dann och ëmmer zu Protester, déi dann nees vun der Police mat erneiter Gewalt mussen néiergeschloe ginn.

Policegewalt

De Mouvement „Black Lives Matter“ (D‘Liewe vu Schwaarzen zielt) ass viru Jore wéinst eben dëse permanenten Iwwergrëff mat Doudesfolleg gegrënnt ginn, ouni dat ee behaapte kéint d‘Situatioun wier besser ginn. Esou war am Juli 2014, den Eric Garner zu New York – och virum A vun enger Handykamera – carrement erwiergt ginn. De Beamten ass nach ëmmer am Déngscht.

Eng „Grand Jury“ hat sengerzäit – wéi scho bei engem ähnleche Virfall zu Ferguson (Missouri) – weder eng Enquête nach ee Prozess fir noutwenneg gehalen. An Dat obwuel de Geriichtsmedeziner den „Doudschlag“ als erwisen a a sengem Rapport notifiéiert. D‘Geschwuerenegeriicht huet trotz de Faiten, keng Uklo géint d‘Beamten erhuewen. Keng Virwërf goufe sengerzäit berécksiichtegt.

mat indymedia/min an Democracy Now

Related topics Black Lives Matter, Eric Garner, George Floyd, Michael Brown, Minneapolis, Policegewalt, USA
Next post Previous post