Search

You may also like

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen
International Neiegkeeten

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen

Wéi et säitens der Naturverwaltung (ANF) matgedeelt ginn ass, wier

Nei Wunnstruktur fir Demandeuren op internationale Schutz: D’Solidaritéit ass grouss
International Neiegkeeten

Nei Wunnstruktur fir Demandeuren op internationale Schutz: D’Solidaritéit ass grouss

Am Kader vun der Ouverture vun enger neier Wunnstruktur fir

money
Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung
International Neiegkeeten

Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung

Dëse Mëttwoch huet Bréissel op e neits déi 28 Memberlänner

USA: Familljen déi illegal awandere ginn ausenanergerappt

USA: Familljen déi illegal awandere ginn ausenanergerappt

Den US-Justizminister Jeff Sessions huet e Méindeg gewarnt, datt Kanner déi illegal an d‘USA awanderen, vun hire Famillje kënne getrennt ginn. Eng Ausso, mat där dem Donald Trump seng Politik vun der „Null Toleranz“ fir d‘illegal Awanderung soll ënnerstrach ginn.

„Mir wëllen d‘Familljen net ausenanerrappen, mee mir wëllen och net datt d‘Familljen illegal bei d‘Grenz kommen. (…) Wann dir illegal iwwert d‘Grenz gitt, kommt dir viru Geriicht“, esou den Jeff Sessions, dee mam Direkter vun der federaler Awanderungspolice (ICE), Thomas D. Homan, zu San Diego (Kalifornien) zu enger Pressekonferenz gelueden hat.

An de Justizminister ënnersträicht, datt „wann dir Auslänner ouni Pabeieren iwwert d‘Grenz féiert, da kritt dir et mat der Justiz ze dinn. Wann dir e Kand iwwert d‘Grenz féiert, da kritt dir et mat der Justiz ze dinn, an dat Kand gëtt vun iech getrennt, esou wéi dat am Gesetz virgesinn ass“.

Grond fir dës Pressekonferenz waren eng 150 Mënschen, déi et d‘lescht Woch, no enger laanger a riskanter Rees aus Zentralamerika, bis un déi mexikanesch-amerikanesch Grenz gepackt haten. Vill wëllen an den USA Asyl ufroen, well si an hirer Heemecht Affer vu Gewalt oder vum Dout bedreet sinn. Dës Caravane war staark mediatiséiert, a vum Donald Trump schaarf kritiséiert ginn.

Radikal a National

De Milliardär war och wéinst sengem Programm géint d‘Awanderung zum President gewielt ginn. An den Jeff Sessions ass net vun ongeféier zum Vollstrecker vun dëser Politik beruff ginn. Hie seet datt „d‘Amerikaner Recht hunn eng sécher Grenz ze wëllen“.

An den US-Justizminister huet dann och drun erënnert, datt „den Donald Trump huet Wahlkampf mat dësem Gedanke gemaach. Et ass ee vun de Grënn firwat hien d‘Wahl gewonnen huet, an mir wëllen datt déi ganz Welt weess, datt eis Grenz net op ass“. Den 71 järege Jeff Sessions, réit de Migranten eng Demande (fir e Visum oder Asyl) ze maachen an hiren Tour ofzewaarden.

Hie war bei senger „Ried“ vun engem Manifestant ënnerbrach ginn, dee gejaut huet „dir sidd den Däiwel a Persoun“ (eng Uspillung op dem Sessions seng léift fir de Kou Klux Klan). En zweete Saz war dem Mann net vergënnt ginn. Hien ass vum Sécherheetsdéngscht „evakuéiert“ ginn.

Fir den Enrique Morones, Grënner vun der ONG „Border Angels“, déi sech fir d‘Rechter vun de Migranten asetzen, weist drop hin, datt d‘Kanner vun hiren Elteren ze trennen, e Verstouss géint d‘Mënscherecht ass. D‘lescht Joer hat den Donald Trump sech Prototyppe vun der Mauer ugekuckt, déi hien op der Grenz wëll opriichten, a fir déi hien de Mexikaner d‘Rechnung wëll schécken.

mat AFP

Foto: Den US-Justizminister, hei op der Pressekonferenz am „Border Field State Park“ zu San Ysidro zesumme mam ICE-Direkter Thomas D. Homan (l) hunn sech iwwert eng Verschäerfung vun de Mesuren op der Grenz verstännegt. © Sandy Huffaker/Getty Images/AFP

Related topics Awanderung, Donald Trump, Jeff Sessions, Mexiko, US-Justizminister
Next post Previous post