Search

You may also like

Beaufort Knights: Net nëmmen eng weider Victoire gouf gefeiert!
Neiegkeeten

Beaufort Knights: Net nëmmen eng weider Victoire gouf gefeiert!

No der phenomenaler 10-4 Victoire vun de Beaufort Knights géint

surprise
ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

D‘Vertrieder vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudente (ALEM) gesi

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“
Neiegkeeten

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“

D‘Nathalie Arthaud, Spriecherin vu Lutte Ouvrière (LO) huet e Sonndeg,

Nee zum Krich tëscht dem Iran an den USA!

Nee zum Krich tëscht dem Iran an den USA!

Den amerikanesche President huet d‘Konfrontatioun mam Iran am Noen Osten acceleréiert, wéi hien de wichtegste Generol vun dësem Land um Terrain hiriichte gelooss huet an uschléissend dësem Land domatter gedreet huet Loftschléi géint 52 kulturell Standuerter duerchzeféieren, wat kloer ee Krichsverbrieche wier.

Dës Provokatioun, manner wéi ee Joer virun de Presidentschaftswahlen an den USA, ass onsënneg an onverantwortlech, och wa mir keng Sympathië fir déi repressiv Politik vum iranesche Regime a seng Amëschung, notamment an déi bannenzeg Ugeleeënheete vum Irak hunn.

Mir verlaange vun der Lëtzebuerger Regierung:

  • dëse Mord ouni Aschränkung ze veruerteelen, entgéint de bis ewell gemaachten Deklaratiounen;
  • ze verlaangen, datt déi ausser-juristesch Exekutiounen an ouni Krichserklärung – duerch Dronen op der ganzer Welt duerchgefouert – ophalen. Egal wéi eng Länner verantwortlech sinn, mee besonnesch vun den USA, deenen hir praktesch Ëmsetzung bekannt, jo esouguer zanter laangem (massiivst säit dem Obama) revendiquéiert ginn;
  • all méiglech Lëtzebuerger Bedeelegung bei der Notzung vu militäreschen Drone mëttels Lëtzebuerger Satellitten oder AWACS-Fligeren déi ënner Lëtzebuerger Pavillon zirkuléieren, respektiv all aner militäresch oder zivil Ariichtung vum Land uze kontrolléieren an ze stoppen;
  • de Réckzuch vun alle friemlännesche Kräften aus dem Irak an de Respekt vum internationale Recht vun alle concernéierte Parteien ze fuerderen;

d‘Opnam vu Verhandlungen ze begënschtegen, dat och bannent der UNO, fir Léisungen zu den ënnerschiddleche Konflikter an der Regioun vum Noen a Mëttleren Osten. An hei besonnesch vun den Amerikaner ze verlaangen, d‘Nuklearofkommes mam Iran ze respektéieren an d‘Sanktiounen opzehiewen.

Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: De 4. Januar op dem Times Square zu New York. Och hei gëtt et genuch Mënschen déi dat selwecht wéi déi lénk fuerderen. © Xaver Kandler

Related topics déi lénk, Donald Trump, Irak, Iran, Krich, Provokatioun, Quassem Soleimani, USA
Next post Previous post