Search

You may also like

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt
International Neiegkeeten

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei)

De Janssen-Impfstoff ass ukomm
International Neiegkeeten

De Janssen-Impfstoff ass ukomm

Um Méindeg sinn zu Lëtzebuerg déi éischt 2.400 Dose vum

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence
International Neiegkeeten

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence

Ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, huet dëse Freideg

USA-Iran-Konflikt: Zäit fir Deseskalatioun an Diplomatie!

Déi "Däitsch Friddensgesellschaft – Vereenegt KrichsdéngschtgéignerInnen" (DFG-VK) fuerdert een Enn vun de Provokatiounen tëscht USA an Iran

USA-Iran-Konflikt: Zäit fir Deseskalatioun an Diplomatie!

Um 3. Januar 2020 ass den iranesche Generol Qassem Soleimani um Fluchhafe vu Bagdad op direktem Uerder vum US-President Donald Trump duerch eng US-Dron ëmbruecht ginn. Zënterhier verschäerft sech den Toun tëscht dem Iran an den USA vun Dag zu Dag.

„De Generol Soleimani ass fir onzieleg Doudeger a fir Krichsverbriechen an der Regioun – dorënner de Krich a Syrien – verantwortlech. Mir traueren him keng Tréin no“, erkläert den Thomas Carl Schwoerer, Bundesspriecher vun der DFG-VK. „Trotzdeem war seng Ermuerdung ouni rechtsstaatleche Strofprozess vëlkerrechtswiddreg an huet zu enger bewosst erbäigefouert Eskalatioun vum scho laang herrschende Konflikt tëscht dem Iran an den USA gefouert“, sou de Schwoerer weider.

Datt déi iwwerraschend Attack am Irak stattfonnt huet – woubäi och weider Mënsche vun aneren Natiounen dout gemaach goufen – sief ee weidere Verstouss géint d’Vëlkerrecht. D’Friddensgesellschaft fuerdert dofir eng Deseskalatioun. „Souwuel verbal, wéi och militäresch muss ofgerëscht ginn. Et brauch een elo Gespréicher an Diplomatie“, sou de Schwoerer. Och d’Bundesregierung kéint dobäi hëllefen a vermëttelen: „Een oppene Krich tëscht den USA an dem Iran hätt wuel zéngdausenden Doudeger a Millioune vu Flüchtlingen als Folleg a wier zudeem och ekologesch eng Katastroph“, warnt de Bundesspriecher d’Friddensgesellschaft.

D’Bundesspriecherin vun der Friddensgesellschaft Katja Görgen hält déi politesch Linn souwuel vun der US-Regierung, wéi och vun der iranescher Säit fir héchst geféierlech. De Mord um Soleimani hieft dem Trump seng onberechenbar Aussepolitik ervir, déi keng Reegelen a scho guer keng Vëlkerrechter befollegt, an domat eng immens Gefor duerstellt.

Och d’Spannungen, déi duerch déi ugekënnegt US-Sanktioune géint den Irak an duerch déi irakesch Parlamentsentscheedung zum Ofzéie vun den US-Truppe wuessen, veruerteelt d’DFG-VK: „US-Sanktiounen aus der Vergaangenheet hunn enger ganzer Generatioun vu jonken Irakerinnen an Iraker all Zukunftsperspektive geholl an déi irakesch Bevëlkerung mënschenonwierdege Liewensëmstänn ausgesat“, sou d’Katja Görgen. A genau dat dierft sech net widderhuelen. Am aktuelle Konflikt steet d’Friddensgesellschaft dofir op der Säit vun de Mënschen, déi sech fir eng gewaltfräi an zivil Konfliktbearbeschtung ausschwätzen a sech fir Deseskalatioun, Ofrëschtung a Fridden asetzen.

Schonn am Oktober 2019 hat d’DFG-VK zesumme mat weidere Friddensorganisatiounen ee Vëlostour tëscht de Botschafte vun der USA an dem Iran duerch Berlin organiséiert. Een aktive Member vun der Gesellschaft huet zudeem virun e puer Deeg eng Plainte bei der Generalstaatsanwaltschaft zu Zweebrécken agereecht, fir erauszefannen, ob d’US-Airbase Ramstein a Rheinland-Pfalz un der Ermordung vum Soleimani involvéiert war. Hei soll nämlech eng Relaisstatioun sinn, ouni déi d’Piloten an den USA d’Dronen zum Beispill am Noen a Mëttleren Osten net steiere kënnen.

Matgedeelt vun DFG-VK – aus dem Däitschen iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Opmacherfoto: © DFG-KV

Related topics Airbase, Deseskalatioun, DFG-VK, Diplomatie, Donald Trump, Fridden, Irak, Quassem Soleimani, Ramstein, Saktiounen, Thomas Carl Schwoerer, US-Dron, USA
Next post Previous post