Search

You may also like

Tansania verfollegt Ënnerstëtzer vun Homosexuellen
International Neiegkeeten Stories

Tansania verfollegt Ënnerstëtzer vun Homosexuellen

D’Regierung vun Tansania huet domadder gedréit, all d’Verdeedeger vun de

Falsch Handwierker, horrend Präisser a Bedreeung
International Neiegkeeten Stories

Falsch Handwierker, horrend Präisser a Bedreeung

Wéi de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) matdeelt, kënnt et ëmmer méi

Baseball: De Fernando Tatis Jr, e Mann dee Milliarde wäert ass
International Neiegkeeten Stories

Baseball: De Fernando Tatis Jr, e Mann dee Milliarde wäert ass

De Baseball huet net de selwechte Resonanzbuedem wéi Basket oder

USA: Krichspresident oder Showmaster?

USA: Krichspresident oder Showmaster?

„Opening Up America Again“ sinn d‘Richtlinnen déi den Donald Trump fir d‘Reprise vun der US-Wirtschaft um Donneschdeg presentéiert huet, a well d‘Bundesstaaten déi op eege Verantwortung ëmsetzen dierfen, lancéiert de Milliardär eng onverblimmte Propagandacampagne, mat deem déi Gouverneuren, déi d‘Richtlinnen net ëmsetzen, sollen an Diskredit gezu ginn. Alles nëmme Show?

USA„Divide et impera“ – Deelen a Regéieren, matten an enger vun den déidlechste Pandemien déi d‘USA (wéi de ganze Rescht vun der Welt) zanter der „spuenescher Gripp“ erlieft, datt ass dem Donald Trump seng nei Strategie, fir am November elo awer nach emol, en zweet Mandat als gréissten a schéinste President vun Amerika zougestanen ze kréien. An dat huet gutt Aussiichten.

Well et an den USA mëttlerweil esou eppes wéi eng Kollatioun vu Gouverneure gëtt, déi mat der Covid19-Strategie vum Wäissen Haus op Krichsfouss stinn, an et fir den Donald Trump ganz, fir net ze soen essentiell ass, datt hie seng Roadmap duerchgesat kritt, ginn elo Gemidder opgehëtzt. Mat sengen Tweets „LIBERATE“ animéiert hien d‘Vollek zum Widderstand géint d‘Vernonft.

USA

Fir den Donald Trump ass dat schlëmmst iwwerstanen, firwat hien erwaart datt seng Richtlinnen „Guidelines – Opening Up America Again“ och vun de Gouverneuren an den US-Bundesstaaten ëmgesat ginn. Blöd fir den US-President: d‘Entscheedungsgewalt (10. Amendement vun der Verfassung) läit bei de Gouverneuren, an do gëtt et der déi hunn eng ganz aner Siicht wéi hien.

En Donneschdeg also huet hien nach emol betount, datt hien de Gouverneuren d‘Entscheedung iwwerléisst, dës Richtlinnen ëmzesetzen, an et gouf Stëmmen, déi do behaapt hunn, datt den US-President net nëmme sengen Experten nogelauschtert, mee och esou eppes wéi Vernonft gewisen hätt. Dat war déi falsch Schlussfolgerung, wëll de Krichspresident ass och e gudde Showmaster.

Reclaim the Streets!

Obwuel et als erwise gëllt, datt den Donald Trump esou zimmlech alles Falsch gemaach, gelunn a provozéiert huet, steet nach ëmmer eng grouss Majoritéit vun den Amerikaner hannert him. Seng Fans, d‘Impfgéigner an déi ongezielt faschistesch Gruppéierunge protestéieren zanter Deeg, géint déi hirer Usiicht no vill ze restriktiv Mesuren an d‘Amëschung an d‘Privatwirtschaft.

USA

Dës „Beweegungen“ ginn elo Aktiv vum President iwwer Twitter ugeheizt, fir deene Gouverneuren, déi sengem „Wonsch“ net entspriechen, den Dicks ze béien. An een deem et dem Donald Trump besonnesch ugedoen huet, datt ass den Andrew Cuomo, Gouverneur vun New York. Dëse gëtt dann och geziilt ugegraff. Dee soll d‘Zäit notzen eppes ze maachen an net fir sech ze beschwéieren.

An der Roadmap, déi dräi Phase vir d‘Reprise virgesäit, ass virgesinn, datt iwwerall do d‘Mesuren – hei haaptsächlech d‘Ausgangsspären an d‘Schléissung vun de Geschäfter/Betriber – solle gelackert ginn, wou de Virus ënner Kontroll bruecht gouf. Dofir misst entspriechend vill getest ginn, wat elo viraussetzt, datt et dëser Tester och genuch gëtt an d‘Kapassitéite fir d‘Analyse gi sinn.

USADat géifen d‘Gouverneuren och gäre maachen, mee si bréichten dofir d‘Ënnerstëtzung vun der Regierung. D‘Testkapassitéite musse besser ginn, dat bestreit keen, mee Washington „soll“ sech jo net an d‘Geschäfter vun de Bundesstaaten amëschen, firwat den Donald Trump dës Verantwortung vu sech weist. Hie betount: „D‘Staate mussen d‘Zuel vun den Tester erhéijen“. Gutt, mee wéi?

Bieden a stierwen…

Wärend elo d‘Gouverneure „mat Vernonft“ sech engem korrekt orchestréierte Polit-Bashing mussen erwieren, gëtt et och därer, déi bis zu de Schëlleren, mat Kapp am Hënneschte vum Milliardär fest hänken. Esou de Ron de Santis, Gouverneur vu Florida, dee senge Gemenge gréng Luucht ginn huet fir d‘Stränn an d‘Parken nees opzemaachen, wann si mengen datt et keng Bedenke géif ginn…

USAOch dësen Dabo leet d‘Verantwortung „no ënne“ weider a kann sech trotzdeem bretzen, sech ganz un déi presidentiell Richtlinnen ze halen. Net ganz esou krass geet de Gouverneur vum Texas, Greg Abbott, vir. Och hei ginn zwar d‘Parken opgemaach, mee d‘Geschäfter kënnen nëmmen hir Wueren op „Ofhuelen“ verkafen. D‘Kierche sollen hirersäits selwer entscheeden op se wëllen opmaachen.

Datt dat enstpriechend den Erkenntnisser, déi unhand de Mesure wéi se an Europa geholl goufen, éischter net esou gutt ass, këmmert an den USA déi mannst. Wien net schafft huet kee Goss, an ouni Goss hëlleft bei enger Infektioun just bieden. Zudeem léisst de kapitalistesche System vun den USA et guer net zou, Gesondheet méi héich wéi wirtschaftlech Interessen ze bewäerten.

USA

Am „President“ vun der Beweegung „Turning Point USA“, Charlie Kirk, huet den Donald Trump en aflossräichen „Influenzer“ fonnt. Esou zimmlech alles ass ee Retweet derwäert.

Via Twitter huet de Krichspresident dann och nach emol mam Fanger op China gewisen, a betount datt Peking och mat „no uewe korrigéierten Zuelen“ nach ëmmer fuddelt. Déi tatsächlech Zuelen „wien weesentlech méi héich, a weesentlech méi héich wéi an den USA“. D‘Daten déi aus China kommen, géifen net emol am Usaz der Realitéit entspriechen. Dat ass awer widderspréchlech…

Finanzhëllefe fir d‘Landwirtschaft

Elo ass et richteg, datt déi chinesesch Autoritéiten d‘Zuel vun de Stierffäll zu Wuhan, déi dem Covid19 geschëlt sinn, ëm 50% no uewe korrigéiert hunn. Si hunn dat domadder begrënnt, datt eréischt elo, no Iwwerpréiwung vun allen Daten, dës Korrektur konnt virgeholl ginn. Zu Wuhan sinn also 3.869 (1.290 méi wéi ufänglech behaapt) gestuerwen, a ganz China sinn et der 4.632.

USADéi vum US-President a sengem Tweet genannte „Verdueblung“ beweist just, datt hien net emol Rechne kann, woubäi esou eppes natierlech och staark propagandistesch Zich huet. Senge Wieler ass dat egal, de Familljen a Frënn vun de bis ewell iwwer 34.500 Affer an den USA, eppes manner. An esouguer wa China méi Affer wéi d‘USA hätten, proportionell zur Bevëlkerung ass et e Klacks.

Mee de Milliardär ass net nëmmen ee Groussmeeschter am „Hetzen“ hie weess och wou seng wichtegst Wieler sëtzen. Esou huet hien elo eng Hëllef fir d‘US-Landwirtschaft annoncéiert. D‘Landwirt hätte Verloschter vun ni gekanntem Ausmooss erlidden, firwat elo 19 Milliarden US-Dollar als Hëllefspak zur Verfügung gestallt ginn. U sech net verkéiert, mee de Kontext stéiert.

USA

Pressebriefing vum Wäissen Haus: wärend d‘Medien „Ofstand halen“, sëtzen d‘Truppen enk beienaner. © Chanon Rion, OAN (via Twitter)

An den USA, wéi iwwregens och bei eis zu Lëtzebuerg, huet d‘Agrarindustrie Ofsazproblemer, well gastronomesch Betriber, Schoul- a Betribskantinnen zou hunn. 3 Milliarde sollen opgewannt ginn, fir de Baueren hir Produiten ofzekafen, déi dann un d‘Gemengen an d‘Food-Banks verdeelt ginn. De Rescht vum Geld geet als „Direkthëllef“ un d‘Landwirt, esou de Landwirtschaftsminister…

mat indymedia“was/nyc/mia

Related topics Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Opening Up America Again, Propaganda, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post