Search

You may also like

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?
International Neiegkeeten

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?

Eigentlech ass et en Trappewitz vun der Geschicht, an déi

money
ULC… de Fiels an der Brandung
International Neiegkeeten

ULC… de Fiels an der Brandung

E Freideg huet de Konsumenteschutz ULC säi „Bilan“ presentéiert. Wann

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!

Déi schwedesch Automark „Volvo“ steet och nach haut fir Sécherheet

USA: Law & Order President gräift duerch

USA: Law & Order President gräift duerch

Géint de Wëlle vum Buergermeeschter vu Portland huet den Donald Trump d‘Bundespolizei géint Demonstranten agesat. Hien ass vum Effet därmoosse begeeschtert, datt hien elo och aneren, vun Demokrate geleete Metropolen, dës Déngschtleeschtung „ugebueden“ huet.

No eppes Kritik wéinst dem Asaz vun der Bundespolizei zu Portland, huet de Locataire aus dem Wäissen Haus dës Moossnam gerechtfäerdegt an och en Agräifen an aneren US-Metropolen net ausgeschloss. Stad Portland wier vëlleg ausser Kontroll gewiescht esou den US-President mam Bléck op déi elo bal zwee Méint unhalend Protester géint Rassismus a Policegewalt am ganze Land.

LawHien huet d‘Demonstranten als Anarchiste bezeechent, déi d‘USA néierbrennen an zerstéiere wëllen a mengt domadder net nëmme Portland. Iwwert de Weekend huet et zu Chicago eng Dosen Doudeger duerch Schosswaffe ginn. D‘Analys vum Donald Trump: „Dat ass bei wäitem schlëmmer wéi Afghanistan“. E Sprooch deen an den USA ukënnt, mat de Realitéiten awer net stëmmeg ass.

Mee wat bedeit schonn d‘Realitéit am US-Presidentschaftswahlkampf? Den US-President huet dann och op d‘Zounam vun de Gewaltverbriechen zu Baltimore, New York, Oakland a Philadelphia higewisen. Dat wieren alles Stied, déi vu radikal lénken Demokrate géife gefouert ginn, firwat den Asaz vun der Bundespolizei net nëmme gerechtfäerdegt, mee virun allem noutwenneg war.

E fantastesche Job

Aus dësem gudde Grond, misst een dann elo och an de genannte Metropolen d‘Bundespolizei an den Asaz schécken. Déi hätt zu Portland „ganz Aarbecht“ geleescht. An de Wierder vum Donald Trump „Si hunn ee fantastesche Job gemaach a vill Mënsche verhaft“. Portland. d‘Stad vun de Kreativen an den Hipster, ass „gréng & alternativ“ an huet ee Slogan: „Keep Portland Weird“.

Law

Eng mysteriéis plakeg „Athene“, eenzeg mat enger Gesiichtsmask an enger Kap ausstafféiert, stellt sech zu Portland dem Donald Trump senge „Milizen“ entgéint a symboliséiert déi mënschlech Vulnerabilitéit. Dëst Bild datt ee Samschdeg op Twitter viral gaangen ass, ënnersträicht de Ruff vun dëser US-Metropol, eng ganz aktiv lénksradikal Zeen ze hunn. (Source Twitter)

D‘Stad ass awer och zum Epizenter vun der Ausenanersetzung ginn, déi d‘Trump-Administratioun an d‘Protestbeweegung „Black Lives Matter“ matenaner hunn. De Buergermeeschter Ted Wheeler huet däitlech gemaach, datt dës „Milizen“ géint de Wëlle vun der Stad an dem Bundesstaat hei am Asaz sinn. Hien huet d‘Bundespolizei um Sonndeg opfuerdert Portland ze verloossen.

Mee dee Gefale kann d‘Bundespolizei dem Demokrat Ted Wheeler net maachen. Fir den Donald Trump, deen sech als „Law & Order“ President opspillt, weess datt seng Unhänger eng „staark Hand“ erwaarden. Esou Aktiounen am Kontext vun de Presidentschaftswahlen, sinn ee seriéisen Atout. Déi oppe Konfrontatioun mat den Demokraten huet wéineg mat Rechtsstaatlechkeet ze dinn.

En Ugrëff op d‘Demokratie

Den Donald Trump huet d‘Amerikaner dann och gewarnt. Sollt den demokratesche Kandidat Joe Biden am November d‘Presidentschaftswahl gewannen, géi dat ganzt Land bei der Däiwel goen. Dofir militariséiert Sécherheetskräfte géint dat eegent Vollek anzesetzen, erschéngt dann och ganz normal ze sinn. Faktesch sinn et déiselwecht Methode wéi déi wou China zu Hong Kong uwennt.

LawDatt de Buergermeeschter vu Portland an d‘Gouverneurin vum Bundesstaat Oregon net gewëllt sinn dat einfach esou iwwert sech ergoen ze loossen, geet aus der Klo vun der Justizministesch Ellen Rosenblum ervir. Si geet juristesch géint dëse vum Donald Trump ugeuerdenten Asaz vir, an dierf domatter rechnen dës Schluecht ze gewannen. De Schued awer ass net méi gutt ze maachen…

Et ass dann och wichteg ze wëssen, datt den Asaz vu Sécherheetskräfte vun der Bundesregierung géint den erkläerte Wëlle vun enger Stad an/oder engem Bundesstaat, net alldeeglech ass, an un a fir sech éischter d‘Reegel an totalitäre Regimmer ass. Mee dat sinn Detailer fir déi den US-President den Ament keng Zäit opwanne kann. Déi fänkt nämlech esou lues awer sécher u knapp ze ginn.

Kloer Messagen ofliwweren

An engem vum Donald Trump seng Wahlkampf-Spotten heescht Weeweisend: „Am Joe Biden sengem Amerika wäert dir net sécher sinn“. Dat kéint een esou stoe loossen, wann et net grad den US-President a Persoun wier, deen zur Stonn déi gréisste Gefor fir d‘USA wier. Ee Fakt deen sech och duerch déi „fantastesch“ Gestioun vun der Covid19-Pandemie liicht beleeë léisst.

LawMee den Donald Trump läit a sämtleche Sondagen hannert dem Joe Biden, a muss sech zolidd ustrengen, seng Unhänger an déi „Onentscheeten“ hannert sech ze versammelen. Mat esou enger „Law & Order“ Politik, déi vun den Amerikaner generell appreciéiert gëtt, kéint et dem Milliardär tatsächlech geléngen, nees op säi Géigner opzeschléissen. Portland dréit awer d‘Konsequenzen…

De Grond fir den Asaz zu Portland: d‘Regierung berifft sech op säi Recht ee Bundesgeriicht zu Portland schützen ze wëllen. Dat ass, nodeems den US-President um Héichpunkt vun de Protester géint Policegewalt a Rassismus zu Washington, massiv duerchgegraff hat, schonn ee staarkt Stéck. Fir den Ament huet een den Androck, datt den Trump d‘Bundespolizei wéi seng privat Miliz asetzt.

mat indymedia/was/ptl

Foto: Den US-President Donald Trump spillt d‘Kaart vu „Law & Order“ zum Asaz vun der Bundespolizei zu Portland: „Mir versiche Portland ze hëllefen, net der Stad ze schueden. D‘Leader vun der Stad hunn iwwert déi lescht Méint d‘Kontroll zu Gonschte vun den Anarchiste verluer. (…) Mir mussen de federale Besëtz an eis Leit schützen. Déi Leit zu Portland si keng Demonstrante mee Agitateuren, si sinn déi reell Gefor“. © White House

Related topics Bundespolizei, Donald Trump, Law & Order, Oregon, Portland, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post