Search

You may also like

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch
International Neiegkeeten

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch

Duerch déi dramatesch steigend Unzuel u Covid-Fäll zu Lëtzebuerg an

Ëmweltverschmotzung zu Ëlwen
International Neiegkeeten

Ëmweltverschmotzung zu Ëlwen

D‘Spezialekippe vum CGDIS waren um Sonndegmueren zu Ëlwen op en

En digitalen Nationalfeierdag 2020
International Neiegkeeten

En digitalen Nationalfeierdag 2020

D’Festivitéiten op Nationalfeierdag wéi mir se gewinnt sinn, falen an

USA maachen NATO-Partner Plaz fir d‘Offensiv

Tierkei kritt rouden Teppech ausgeluecht fir Kurden aus Nordsyrien ze verdreiwen

USA maachen NATO-Partner Plaz fir d‘Offensiv

Dem Donald Trump seng Entscheedung, d‘US-Zaldoten aus Syrien zréckzezéien, ass zu Ankara mat Begeeschterung opgeholl ginn. Elo steet den tierkeschen Truppen näischt méi an de Féiss, fir dee laang geplangten Amarsch an Nordsyrien an d‘Usiidlung vun de syresche Flüchtlingen ëmzesetzen.

Firwat elo, a virun allem wéi geet et weider? Ronn dausend US-Zaldote waren hei stationéiert, an schonn e Méindeg hunn déi éischt Positiounen „geraumt“. Domadder sinn elo déi kurdesch Alliéiert, déi am Kampf géint den IS, un der Säit a mat der Ënnerstëtzung vun den USA gekämpft hunn. Déi gelte fir Ankara allerdéngs als Terroristen, firwat se vun der tierkescher Arméi musse vernicht ginn.

USAElo ass et richteg, datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus scho méi laang keng Loscht méi op den Asaz a Syrien huet, säin Interessi konzentréiert sech hei éischter op den Dissens tëscht dem Iran a Saudiarabien. Zudeem kascht d‘Ënnerstëtzung vun der Kurdemiliz YPG nëmme Geld. Et heescht esouguer, datt d‘Amerikaner „krichsmidd“ wieren an et begréisse géifen d‘Leit heemzebréngen.

D‘Wourecht ass net ëmmer déi wou ee mengt

Woubäi sech den US-President schonn am Januar iwwert déi wierklech Grënn ausgelooss hat. Hien hat annoncéiert 2.000 Mann ofzéien ze wëllen an huet erkläert: „Syrien ass viru laanger Zäit verluer gaangen. (…) Hei geet et net ëm gewaltege Räichtum. Mir schwätzen hei iwwer Sand an Doud“. An dat hat den deemolege Verdeedegungsminister Jim Mattis dann och zum Récktrëtt animéiert.

USASengerzäit hat dat Geschwätz awer och international Besuergnes ausgeléist, an et war net wierklech dee gënschtegste Moment (nom Handelskrich mat China, dem Stolsträit mat den Europäer…) elo schonn déi kurdesch Alliéiert kal ze stellen. Mat der Decisioun d‘Zaldoten ofzezéien awer loossen d‘USA hir Alliéiert, déi sech daper am Kampf géint den islamesche Staat geschloen hunn, am Stach.

USAAllerdéngs soll den „Androck“ en anere bleiwen. Op Twitter verklickert den Donald Trump der Welt, datt hien d‘Tierkei wäert am A behalen, an datt d‘USA déi tierkesch Wirtschaft ausläsche wäerten, sollten tierkesch Zaldoten a Syrien amarschéieren. Dës „Warnung“ hat et zimlech genau esou och scho Mëtt Januar ginn. Dat hat sengerzäit déi tierkesch Lira an d‘Schleidere bruecht.

Interessen si wéi d‘Wieder, verännerlech…

Net méi spéit wéi leschte Samschdeg huet de Recep Tayyip Erdogan d‘Welt wësse gelooss, datt et zu all Ament ka lass goen, an d‘Tierkei mat Loft- a Buedemtruppe wäert an Nordsyrien eng fir d‘Tierkei wichteg „Sécherheetszon“ ariichten. Gemengt ass déi ethnesch Säuberung an d‘Usiidlung vun tierkeifrëndlechen arabesche Syrer. Eng Iddi, déi an der Tierkei vu ville begréisst gëtt…

USADe Kurden ass näischt anescht iwwreg bliwwen, wéi um Sonndeg bei enger US-Militärbasis hirem Onmutt Loft ze maachen. Si hunn déi international Communautéit opgeruff, Schutzmoossnamen ze ergräifen. Sollten si vun den Tierken „verdriwwe“ ginn, géif sech eng nei Konfliktsituatioun entwéckelen. Et sollt keen dovunner ausgoen, datt sech d‘Kurde bereetwëlleg ofschluechte loossen.

Zudeem kontrolléieren d‘YPG-Milizen zesumme mat der SDF (Syresch Demokratesch Kräften) den Ament en Drëttel vu Syrien. Si hunn déi fréier IS-Héichbuerg Raqqa ageholl a konnten sech och a Richtung Süden an Osten „breet“ maachen. Wann d‘USA si elo tatsächlech sollte fale loossen, da mussen si sech nei „Partner“ sichen, fir esou ze verhënnere vun den Tierken ausradéiert ze ginn.

En drolegt a fragilt Gläichgewiicht

Déi ganz Entwécklung fänkt elo och un ganz nei a virun allem bal onvirstellbar Optioune méiglech ze maachen. Esou huet de syresche President Bashar al-Assad (dee gëtt bekanntlech vun de Russe gestäipt, also genee deenen, déi der Tierkei den S400-Rakéitenofwiersystem verkaf hunn) der YPG scho viru Méint ugebueden, d‘Säiten ze wiesselen a mat senger Regierung zesummenzeschaffen.

USABis heihinner hunn et Kurde virgezunn en éierlecht Spill ze spillen an dem amerikanesche Partner net duerch esou ee Schratt an de Réck ze falen. Duerch déi vu Washington verännert Spillregele gëtt eng „Zesummenaarbecht“ mam Regimm vun Damaskus allerdéngs nees attraktiv. Et bedeit dann awer och, datt dem Milliardär seng impulsiv Entscheedung déi ganz Regioun an de Chaos dreift.

Den Donald Trump awer rechtfäerdegt seng Entscheedung: „Et ass un der Zäit eis Zaldoten heem ze bréngen. Elo ass et un der Tierkei, Europa, Syrien, Iran, Irak, Russland an de Kurden d‘Situatioun ze léisen. (…) Mir sinn 7.000 Meile wäit ewech a wäerten den IS nach emol néierschloen, wann deen iergendwou an eis Géigend kënnt“. Zu Moskau dierft een dës Entwécklung och begréissen…

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Ahmadreza Heidaripoor / Pixabay

Related topics islamesche Staat, Kurdemiliz YPG, NATO-Partner, Tierkei, USA
Next post Previous post