Search

You may also like

Taxi-Branche vum neie Gesetz net esou begeeschtert
International Neiegkeeten

Taxi-Branche vum neie Gesetz net esou begeeschtert

D‘Branche hat an huet nach ëmmer net de beschte Ruff,

Et gëtt eng „hot“ Rentrée
International Neiegkeeten

Et gëtt eng „hot“ Rentrée

Déi politesch Rentrée dierft, streng geholl, net onwiesentlech méi liicht

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op

Den 12. Mäerz fannen d‘Sozialwahle statt, a wie gëschter am

USA: Den „Donnie“ ass veriergert

A sengem éischten TV-Interview no senger Néierlag, huet sech den amtéierenden US-President och weiderhi geweigert dës unzehuelen a braddelt weider onverständleche Brach iwwer Walbedruch

USA: Den „Donnie“ ass veriergert

Et scho bal ee ganze Mount hir, datt Amerika gewielt huet. Datt den Joe Biden de 46. President vun de Vereenegte Staate gëtt, eigentlech bekannt a bestätegt, woubäi ee Mann stellt sech dem Affront a Bedruch entgéint: de Milliardär Donald Trump. Och véier Wochen no der Presidentschaftswal huet de charismateschste Leader aller Zäiten et nach net verquësst.

Um Sonndeg huet sech de 45. President vun de Vereenegte Staaten eng ganz Stonn per Telefon mat „Fox News“ un d‘Natioun riichten, an dëser erkläre wourëms et eigentlech geet: „Si hu bedrunn, de Joe Biden huet nimools 80 Millioune Stëmmen erhalen“, esou den Donald Trump. Hien ass net och net nëmmen iwwerzeegt, datt déi ganz Wal en eenzege Bedruch war, hie weess dat d‘Welt er weess.

An natierlech géifen sech d‘Medie weigeren doriwwer ze beriichten… Woubäi hien hei awer nach ëmmer op Partner wéi AON a Breitbart News ziele kann, esou wéi och eng helle Wull u Priedeger dem Polit-Mephisto d‘Staang halen. Elo ass et allerdéngs och esou, datt d‘Geriichter seng Kloen of- oder zréckweisen. Beweiser fir de Bedruch duerch d‘Demokrate loossen sech einfach keng fannen.

Schonn déi lescht Woch hat den „Donnie“ duerchblécke gelooss, datt sollten d‘Walmänner dem Joe Biden d‘Mandat als 46. President vun de Vereenegte Staaten zougestoen, hien d‘Schlëssele vum Wäissen Haus géif hir ginn an auszéien. Der Welt géinteniwwer agestoen d‘Wal verluer ze hunn, esouwäit wëll hien dann awer net goen. Verléiere läit dem genialen Diplomat a Geschäftsmann net.

Et ass awer och ongerecht

Op Fox News huet den Donald Trump trotzeg gemengt: „Ech wäert meng Meenung fir déi nächst sechs Méint net änneren“. Dat ass ee Choix deem kee Mënsch dem 74 järege Rassist wäert streideg maachen, allerdéngs weess och de misogyne Golfspiller, datt et kaum Chancen huet mat de Kloe bis zum ieweschte Geriichtshaff virzedréngen. Mee et ass jo gewosst, datt d‘Hoffnung als lescht stierft.

Fir iwwerhaapt eng Chance ze hunn, brauch et hei emol ee Riichter dee bereet ass sech de Fall och unzehéieren. Dee sollt et ginn, ëmmerhin huet hie jo do ee puer Nominéierunge virgeholl. Ob awer déi ganz „Supreme Court“ wëllens wier eng „wierklech grouss Decisioun“ ze huelen, wéi et den Donald Trump bezeechent? Dat gëtt och an de Reie vun de Republikaner éischter Bezweiwelt…

Mee et ass nach vill Geld ze huelen: de Kenneth Starr, dem US-President säin Affekot am Verfaren zur Amtsenthiewung (Impeachement), huet vill Versteesdemech fir dem Donald Trump säi Frust. Hien huet sech op Fox News, zum onfairen Ëmgang mat sengem fréiere Mandant geäussert a gesäit eigentlech just d‘Schwieregkeet doranner, aus Vermuddungen zoulässeg Beweiser ze maachen.

D‘Ënnerstëtzung aus dem eegene Lager awer gëtt och Manner. Ëmmer méi Republikaner hunn dem Joe Biden seng Victoire unerkannt, mee et gëtt och déi, wou de Kapp esou déif am Allerwäerteste vum Milliardär stiechen haten, datt si dësen do net méi eraus kréien. Esou de Roy Blunt, Senateur vum Missouri. Trappewitz vun der Geschicht: dee muss d‘Vereedegung vum Biden organiséieren…

mat indymedia/was

Illustratioun: © Max Letek / unsplash

Related topics Demokraten, Donald Trump, Fox News, Joe Biden, Republikaner, US-President, USA
Next post Previous post