Search

You may also like

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race
International Neiegkeeten

Giel Invasioun an der Péitruss – 18. Editioun vum Duck Race

Duerch den Dout vum Grand-Duc Jean ass dëst Evenement op

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
International Neiegkeeten

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

Metronomy als Headliner vum Siren’s Call 2019
International Neiegkeeten

Metronomy als Headliner vum Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

USA: Milliardär notzt Protest fir Wahlkampf ze maachen

USA: Milliardär notzt Protest fir Wahlkampf ze maachen

Policegewalt géint den Afroamerikaner Jacob Blake zu Kenosha (WI), ee 17 järegen deen einfach op Demonstrante schéisst an d‘Eskalatioun vun der Gewalt zu Portland… Et ass den Ament zolidd eng lass déi aner Säit vum grousse Pull. Den US-President, deen en zweet Mandat ustrieft, versicht elo déi opgehëtzte Stëmmung auszenotzen.

Wahlkampf

Eng wuel ee bëssen eesäiteg Duerstellung, well et gëtt kee Beweis fir esou eng Behaaptung. Trotzdeem sinn dem Milliardär seng Frënn (hei d‘Matbegrënnerin vum Mouvement „Women 4 Trump“)

Op en neits sinn zu Portland (OR) Schëss gefall an alt nees ass heibäi ee Mann erschoss ginn. Wien op wie geschoss huet ass zur Stonn nach net gewosst, mee déi am Internet zirkuléierend Videoe weisen däitlech, datt Trump-Unhänger an Anti-Rassismus-Demonstranten openaner lassginn. Dem Donald Trump schéngt des nei Eskalatioun gutt an de Krom ze passen, wéi seng Tweets weisen.

Mëttels sengem Kuerznoriichtendéngscht huet den US-President de Buergermeeschter vu Portland, Ted Wheeler, als „verréckte Lénksradikale“ vernannt an op en neits en haart duerchgräife gefuerdert. „Recht an Uerdnung“ ass dem Presidentschaftskandidat säi Slogan an ee vun den alles beherrschenden Themen. Hie wëll sech muer héchstperséinlech zu Kenosha e Bild maachen.

WahlkampfDozou mengt de Cornell William Brooks, fréieren Direkter vun der Biergerrechtsorganisatioun NAACP: „Wann de President op Kenosha kënnt, dann ass dat wéi wann hien d‘Air Force One géif an een Tankwon verwandelen an d‘Situatioun mat Gas a Feier géif unheizen“. An och zu Kenosha hält sech d‘Begeeschterung a Grenzen. Ausser senge „Fans“ sinn d‘Leit éischter zeréckhalend.

De Gouverneur vum US-Bundesstaat Wisconsin, Tony Evers, wéi och säi Vize Mandela Barnes, halen den ugekënnegte Besuch net fir déi beschten Iddi. „Mir kënnen dat absolutt net gebrauchen. Mir hate gëschter eng wonnerbar Feier. Mënschen aus alle Lager waren zu Kenosha a si ganz friddlech duerch d‘Stroosse marschéiert“, esou de Mandela Barnes géintiwwer CNN.

WahlkampfMee den Donald Trump wëll perséinlech nokucken, wéi en Ausmooss d‘Schied no de Protester ugeholl hunn. Säi Versprieche vu „Recht & Uerdnung“ gëtt mëttlerweil zum zentralen Thema am presidentielle Wahlkampf. Verantwortlech fir alles wat geschitt ass an nach geschéie wäert, sinn dann och d‘Demokraten. Wat zu Kenosha lass ass, wier e Virgeschmaach op dem Biden seng USA.

Dem Milliardär säi Pittbull, Mark Meadows huet dem Sender NBC erkläert, datt de gréissten Deel vun Trump-Amerika friddlech ass. „D‘Stad ëm déi et geet, ass dat demokratesch regéiert Portland, dat gëschter op en Neits d‘Hëllef vun der Regierung zeréckgewisen huet“. Ënnert „Hëllef“ ass den Detachement vun der Nationalgard an dem Trump senge Bundesbeamten ze verstoen.

WahlkampfOch Demokraten hunn sech zu Wuert gemellt. Esou huet de Presidentschaftskandidat Joe Biden dem Donald Trump virgeworf, d‘Onrouen erauszefuerderen, fir dorausser politescht Kapital ze schloen. De Val Demmings, Kongress-Deputéierten aus Florida: „Wier et net schéin, wann sech de President ëffentlech fir Rou a Fridde géif ausschwätzen?“. Bestëmmt, mee wien erkläert him dat?

mat indymedia/was

Illustratioun: Robert T

Related topics Donald Trump, Joe Biden, Kenosha, Law & Order, Policegewalt, Portland, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post