Search

You may also like

Wéi ee Chrëschtmäerchen fir de Kanner- a Jugendtelefon
International Money Neiegkeeten

Wéi ee Chrëschtmäerchen fir de Kanner- a Jugendtelefon

De Kanner- a Jugendtelefon weist sech immens houfreg iwwert säin

Nei Petitiounen online
International Money Neiegkeeten

Nei Petitiounen online

Zanter dem leschte Freideg, sinn sechs nei Petitiounen um Site

Ryanair hëlt seng Aktivitéiten nees op
International Money Neiegkeeten

Ryanair hëlt seng Aktivitéiten nees op

Nodeems d‘Luxair längst nees um fléien ass, zitt elo och

money

Weltrekord fir Lottogewënner an den USA: 1,5 Milliarden US-Dollar

Weltrekord fir Lottogewënner an den USA: 1,5 Milliarden US-Dollar

5 / 28 / 62 / 65 / 70 an d‘Zousazzuel 5: Dat war d‘Zuelekombinatioun mat där den Jackpot vun der amerikanescher Lotterie geknackt ginn ass. Am Dëppen: 1,537 Milliarden US-Dollar, dee gréisste Montant dee jeemools an den USA – an iwwerhaapt op der Welt – mat engem eenzegen Ticket vun enger Persoun gewonne ginn ass.

E Mëttwoch hunn déi verantwortlech vu „Mega Millions“ informéiert, datt den Ticket vun der Zéiung vum Dënschdeg, an der US-Klengstad „Simpsonville“ a South-Carolina verkaf ginn ass. D‘Buergermeeschtesch, Janice Curtis, géintiwwer dem Washington Post: „Merde Alors!“. Si huet hir Stad als „ländlech“ ëmschriwwen „mat enger Kierch op all Stroosseneck“.

Wien de Gewënner ass, dat huet „Mega Millions“ nach net gewosst, a laut der Legislatioun am Bundesstaat South-Carolina, dir deen, oder déi glécklech anonym bleiwen. Wat ugesiichts der Zomm awer net ganz esou einfach dierft ginn, well d‘Medien sech och net esoubal dovunner desinteresséiere wäerten. Ze lackeleg de Scoop, ze héich de Gewënn…

Am Januar 2016, war an där anerer grousse Lotterie „Powerball“ e liicht méi héije Jackpot gewonne ginn. De Montant huet hei bei 1,586 Milliarden US-Dollar geleeën, mee war tëscht dräi Gewënner – jee een a Kalifornien, Florida an Tennessee – opgedeelt ginn. Hei krut all Ticket 528,8 Milliounen US-Dollar ausbezuelt.

1 Chance op 300 Milliounen

D‘Zéiung vum „Mega Millions“ hat zu laange Waardeschlaange virun de Kiosken, Epicerien a Supermarchéë gefouert, wou d‘Ticketen zu 2 US-Dollar d‘Case verkaf goufen. D‘Billjeeë vun der Lotterie ginn a 44 Bundesstaaten, der Haaptstad Washington an de Jungferninselen verkaf. Eng Chance den Jackpot ze knacken, läit realistesch betruecht, bei 1 zu 300 Milliounen.

Wiem et geléngt déi 6 richteg Zuelen unzekräizen, deem steet déi integral Zomm vum Jackpot zou. Ausbezuelt gëtt wéi et engem am beschte passt: verdeelt iwwer 30 Joer, oder op ee Schlag – woubäi de Montant da bei ronn 878 Milliounen US-Dollar läit – esou „Mega Millions“. Firwat deem esou ass? Ganz einfach, an den USA muss een och Steieren op e Lottogewënn bezuelen.

Bis en Dënschdeg hat de gréisste Gewënn bei 758,7 Milliounen US-Dollar geleeën. Gewonnen hat dëse Jackpot d‘Mavis Wanczyk (53) am August 2017, eng Familljemamm aus dem Massachusetts.

„Mega Millions“ ass 2002 gegrënnt ginn. Seng „Formel“ ass e puer mol verännert ginn, fir d‘Chance eppes „erof ze setzen“ de grousse Lous ze gewannen. Dat féiert natierlech derzou, datt de Jackpot reegelméisseg iwwert e puer honnert Milliounen US-Dollar klëmmt.

Am Fall vun dësem memorabelen Tirage, ass nach ervirzehiewen, datt 36 Ticketen e Recht op den 2. Präis hunn (fir déi wou 5 richteg Zuelen ugekräizt hunn) dee bei 1 Millioun US-Dollar läit. Alles an allem hu 16 Milliounen Ticketen zumindest e Gewënn vun e puer US-Dollar zougelooss. E Freideg läit de Jackpot nees bei „läppesche“ 40 Milliounen US-Dollar

mam Daniel Woolls an dem Sebastien Duval/AFP

Foto: Bei dësem Jackpot haten sech vill Amerikaner a Gedold gefaasst fir matzespillen. Säit gëschter ass gewosst, datt een Ticket de Jackpot geknackt huet. © Frederic J.Brown/AFP

Related topics Lotterie, Mega Millions, Milliarden, South Carolina, USA
Next post Previous post