Search

You may also like

surprise
Den Impakt vum Brexit op den Alldag: d‘Stad wiesselen oder d‘Liewen änneren?
International Neiegkeeten

Den Impakt vum Brexit op den Alldag: d‘Stad wiesselen oder d‘Liewen änneren?

Se si Landwirt oder Museker, Entrepreneuren oder Studenten, Gebierteger oder

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz
International Neiegkeeten

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz

Well de Vladimir Putin net méi um groussen Dësch vun

Deen eppes anere Kinofestival
International Neiegkeeten

Deen eppes anere Kinofestival

Déi 13. Editioun vum CinEast Festival (8. – 25. Oktober)

USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger

USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger

Wann hien iwwert déi méiglech sanitär Risiken informéiert gi wier, déi mat den Herbiziden vum US-Chemiefabrikant Monsanto (RoundUp oder RangerPro) an Zesummenhang bruecht ginn, dann hätt de Dewayne Johnson, dee Kriibs am Endstadium huet, dës Produkter ni benotzt.

Den Dewayne Johnson huet de Konzern, deen elo zu Bayer gehéiert, ugeklot. An zu San Francisco, huet hien ee Méindeg säin Temoignage gemaach. De 46 järegen huet viru Geriicht erkläert wéi hien iwwer zwee Joer laang, de RoundUp mee haaptsächlech de RangerPro (déi professionell Versioun vum RoundUp, déi méi „staark“ wierkt an am Waasser muss opgeléist ginn) vaporiséiert huet.

Mat enger staarker a selbstbewosster Stëmm, huet dëse Papp vun zwee Kanner, och vu sengem Kriibs (Lymphogranulomatose) geschwat. Un deem wier d‘Substanz Glyphosat schold, wat awer vu Monsanto bestridde gëtt. Dës chemesch Substanz ass de Géigestand vu ville kontroversen Etüden, an jee nodeems wien déi „finanzéiert“ huet, ass se emol ongeféierlech, emol Kriibserreegend.

A Monsanto bleift dann och derbäi: „Et besteet keng Gefor, an esou gëtt et och kee Grond eng Warnung auszeschwätzen“. Fir den Affekot vum Kläger, wier awer erwisen dat Risike bestinn, a Monsanto déi, engersäits bewosst verschwigen huet, an anersäits beméit ass all wëssenschaftlech Etüden ze verhënneren. Et sinn awer Wëssenschaftler bezuelt ginn, fir gefälleg Etüden ze maachen.

Der Reklamm vertraut

„Wann dir eng Warnung (op der Etikett) gesinn hätt, déi op e méigleche Kriibsrisiko opmierksam gemaach hätt, hätt dir dann de RangerPro benotzt?“, esou d‘Fro vum David Dickens, den Affekot vum Dewayne Johnson, mat engem Bidon RangerPro an der Hand. „Dat gewosst, hätt ech ni de RangerPro a Schoulen oder soss anzwousch vaporiséiert“, esou d‘Äntwert.

Dem Dewayne Johnson, verantwortlech fir d‘Bekämpfung vu Schädlingen an der Klengstad vu Benicia, war domatter beoptraagt, de RangerPro am Waasser opzeléisen, an d‘Mëschung dann op ausgewisene Flächen ze Vaporiséieren, wou e sech dem „Onkraut“ entleedege wollt. En Aarbecht déi d‘Affer och dann nach gemaach huet, nodeems den „Diagnostik“ bekannt war.

Hei si bis zu 560 Liter/Dag mëttels engem elektresch bedriwwene Vaporisateur ausbruecht ginn. Zwee mol wier d‘Affer zolidd mat RangerPro genätzt a seng Kleeder plätschnaass vum Produkt ginn, well d‘Maschinn hiren Déngscht versot hat. Wou hie gemierkt huet, datt hie „Plazen“ op der Haut hat, huet den Dewayne Johnson ugefaangen sech am Internet ze informéieren…

Keng Hëllef ze erwaarden

Scho liicht panesch wéinst der „onkontrolléierter Situatioun op senger Haut“, wou sech déi schmäerzvoll Wonnen ausgebreet hunn, huet den Dewayne Johnson, no der Diagnose bei der Hotline vu Monsanto ugeruff. „Ech war dem RangerPro ausgesat an hu gemengt, datt et en Zesummenhang tëscht der Krankheet an dem Produkt kéint“, esou d‘Affer viru Geriicht.

Zwee mol huet den Dewayne Johnson säin Uruff widderholl, zwee mol wou him verséchert ginn ass, datt e sech dem Problem wéilt unhuelen. Vu Monsanto awer huet sech ni e Mënsch beim Affer gemellt. An och wa Monsanto nëmme vun „eventuelle“ Risike fir Kriibs geschwat hätt, wier eng weider Benotzung vum Produkt net méi a Fro komm, betount de stierweskranke Familljepapp.

Vu sengem Affekot zum Leiden (moralesch a physesch) am Zesummenhang mam Kriibs befrot, huet den Dewayne Johnson affirméiert, datt de Prozess hien aus enger Aart „Verweigerung“ geholl huet. „Ech weess datt ech net méi ka gesond ginn, mee ech si fest decidéiert mech bis zum leschten Otemzuch fir mäi Recht anzesetzen“.

Net ze vill Welle maachen

No dësem „ergräifenden“ Temoignage, huet sech d‘Verdeedegung vu Monsanto virsiichteg gewisen an sech mat de Froen „kuerz“ gehalen. Et ass sech op déi gewinnte Strategie zur Verdeedegung verlooss ginn. „Wat hunn d‘Dokteren dem Här Johnson gesot?“ huet d‘Sandra Edwards, eng vun de Monsanto-Affekotinne gefrot.

„Si hunn alleguerten datselwecht gesot: et géif kee wëssenschaftleche Beweis fir den Ausléiser vum Kriibs“, äntwert den Dewayne Johnson, dee nach bäifüügt: „ech hat eng perfekt Haut iert ech dem Glyphosat ausgesat war“. Seng Fra, déi elo 14 Stonnen den Dag Schaffe muss fir d‘Rechnungen ze bezuele seet: „Virun der Diagnos hate mir weder Suergen nach Stress, d‘Liewe war schéin “.

Wéi si vun der Krankheet erfueren hätt, wier hir Welt zesummegebrach. „Ech wollt et net gleewen“, seet si viru Geriicht. D‘Affekoten erhoffen sech bei dësem Zivilprozess vu Monsanto eng Entschiedegung a Milliounenhéicht ze erhalen. Si sinn och dowéinst zouversiichtlech, well Monsanto sech mat dausende Kloen an den USA muss ausenanersetzen.

Keng kloer institutionell Ausso

Wat och nach fir d‘Zouversiicht vum Dewayne Johnson sengen Affekote bäidréit, ass d‘Tatsaach, datt entgéint der federaler Agence fir Ëmweltschutz (EPA), de Staat Kalifornien, de Glyphosat op d‘Lëscht vun de kriibserreegende Stoffer gesat huet. Och d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet de Glyphosat 2015 als „méiglech“ kriibserreegend agestuuft.

En Europa gesinn dat déi europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) an déi europäesch Agence fir Chemikalien (ECHA) anescht. Si halen déi vu Monsanto virgeluechten Etüde fir glafwierdeg, a gesi keng Gefor fir de Mënsch am Ëmgang mat Glyphosat. Fir vill Baueren ass d‘Produkt „Optimal“ well et Effikass a Bëlleg ass, wat an der EU zur Polemik bäidréit.

Beim Prozess zu San Francisco gëtt sech elo erhofft en Uerteel mat Signalwierkung ze erhalen. Mee dëse Prozess soll sech dann awer nach bis an den August hinzéien. Den Ausgang ass ongewëss, a Monsanto dierft, am Fall vun enger Veruerteelung och a Recours goen.

Mam Julie Charpentrat/AFP

Foto: Den Dewayne Johnson huet Kriibs am Endstadium. Hie beschëllegt Monsanto net viru méigleche Risike gewarnt ze hunn. © Josh Edelson/AFP

Related topics Dewayne Johnson, Glyphosat, Kalifornien, Monsanto
Next post Previous post