Search

You may also like

Cat Power um Siren’s Call 2019
International Neiegkeeten Stories

Cat Power um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

surprise
D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert
International Neiegkeeten Stories

D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert

D‘CGFP kënnt gutt virun, zumindest mat der Regierung an hei

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise
International Neiegkeeten Stories

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

Fir datt no der Beendegung vum Etat de Kris net

USA: Steve Bannon wéinst Bedruch verhaft

USA: Steve Bannon wéinst Bedruch verhaft

De fréieren Trump Conseiller ass um Donneschdeg zu New York festgeholl ginn. De Procureur werft him an dräi weidere Persoune vir, Geld aus enger Online-Spendenaktioun, fir de Bau vun enger Mauer un der mexikanescher Grenz, onrechtméisseg benotzt ze hunn. D‘Campagne „We Build the Wall“ hat sengerzäit iwwer 25 Milliounen US-Dollar vun honnertdausende Spender kritt.

De 66 järege rietsradikale Provokateur – deen an Europa enk Kontakter zur AfD an Däitschland, dem Rassemblement National (RN) am Frankräich, an zuweilen och gäre mam faschistoide Viktor Orban, Ministerpresident vun Ungarn, geflirt huet – soll, esou de leschte Stand, iwwert eng aner gemengnëtzeg Organisatioun ënnert senger Kontroll, iwwer eng Millioun US-Dollar erhalen hunn.

Vun dësem Geld soll de Steve Bannon honnertdausenden Dollar ofgezweigt an zur Deckung vu perséinlechen Ausgaben opgewannt hunn. Och déi aner dräi Gesellen hätten honnertdausenden Dollar aus de „We Build the Wall“ Spende kritt, „déi si jeeweils op eng Aart a Weis benotzt hunn, déi mat den ëffentlechen Duerstellunge vun der Organisatioun esou net ze vereenbare sinn“.

SteveZudeem, esou d‘Staatsanwaltschaft, huet d‘Organisatioun domadder Reklamm gemaach, datt all d‘Mëttel zu 100% dem Bau vun enger Mauer zerguttst komme géifen. Esou huet den 38 järege Grënner a President vun der Organisatioun, Brian Kolfage, e Mauer-Aktivist aus dem Arizona, ëmmer nees an der Ëffentlechkeet behaapt hie géif weder eng Pai nach soss eng Entschiedegung erhalen. De Steve Bannon: „Mir sinn eng Organisatioun vu Fräiwëllegen“. Dat war glat gelunn.

Wann ee giereg ass

Fir déi Payementer un de gläichfalls ugeklote President vun der Organisatioun ze verschleieren, sollen déi véier onéierlech Männer ee Plang ausgeschafft hunn, mat deem de Goss ënnert anerem, iwwert eng gemengnëtzeg Organisatioun ënnert der Kontroll vum Steve Bannon, esou wéi iwwert eng – eenzeg du dësem Zweck geschafe – Firma, ëmgeleet konnt ginn… Esou sollt séchergestallt ginn, datt d‘Payementer vertraulech bleiwen, wéi aus Textnoriichte vum Kolfage ervirgeet.

SteveFir déi mat der Affär vertraute Procureure Audrey Strauss gëllt et als erwisen, datt de Brian Kolfage säin opwennege Liewensstil mat dësem Geld finanzéiert huet. Alle véier sinn se um Donneschdeg op Uerder vun der Staatsanwaltschaft festgeholl ginn. D‘Pläng fir de Bedruch reechen zeréck bis an d‘Joer 2018. De Steve Bannon war de Virsëtzende vum consultative Conseil vun der Organisatioun.

Wat elo d‘Uklo vun der Staatsanwaltschaft betrëfft, esou ginn déi Beschëllegt wéinst Verschwierung zum Iwwerweisungsbedruch an der Verschwierung zur Geldwäsch ugeklot. Sollt d‘Audrey Strauss mat dëse Punkten duerchkommen, bléit den onéierleche Männer eng Héchststrof vu bis zu 40 Joer feste Prisong. An den USA ass den Detournement vun esou Gelder, kee Kavaléiersdelikt…

Kuerze Réckbléck

De Steve Bannon war ee vun den enkste Vertraute vum US-Milliardär Donald Trump an un dësem senger Wahlvictoire 2016 bedeelegt. Als Merci gouf dësen héchst ëmstriddene Personnage zum Strateg am Wäissen Haus. Hie gëllt als den Architekt vum Areesstopp fir Bierger aus arabesche Länner. Am August 2017 ass de Steve Bannon zum rietskonservativen Noriichteportal „Breitbart“ zeréck gewiesselt. Zum Sträit mam charismateschen US-President war et komm, nodeems den ex-Conseiller am Buch „Fire & Fury“ vum Michel Wolff d‘Russland Affär kommentéiert hat.

SteveErënnere mir nach dorunner, datt de Bau vun enger Grenzmauer zu Mexiko, eent vun de grousse Wahlversprieche vum Donald Trump 2016 war. Den haidegen US-President hat sengerzäit mat vill Äifer senge Landsleit a Supporter versprach, datt Mexiko fir d‘Onkäschte géif opkommen. Dat war natierlech gelunn, an dee bis haut 480 Kilometer gebaute Streckenofschnëtt goufe vum „Taxpayer“ iwwerholl. Der Popularitéit vum US-President huet et net geschuet…

mat indymedia/nyc

Related topics Audrey Strauss, Bedruch, Donald Trump, Stve Bannon, WBTW, We Build The Wall
Next post Previous post