Search

You may also like

Ambulanz-Taxien… well jo awer muss Goss gemaach ginn
International Neiegkeeten

Ambulanz-Taxien… well jo awer muss Goss gemaach ginn

Aus dem Schreiwes vun der Patientevertriedung vum Donneschdeg geet ervir,

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!
International Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: 2 x 2 Ticketen fir SKIN WALKER erwaarden Iech!

Scho ganz geschwënn feiert dem Christian Neuman säi Psycho-Thriller SKIN

Dëse Samschdeg: Fat White Family an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten

Dëse Samschdeg: Fat White Family an der Kulturfabrik

Indie Rock Fans opgepasst: Wien dëse Weekend nach näischt vir

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit

Wat der Däiwel huet den Dimitrios derzou gedriwwen, um Freideg a senger Highschool vu Santa Fe am Texas e Bluttbad unzeriichten? Eng Fro déi d‘Autoritéiten dem 17 järege Student, deen sech, nodeems hien 10 Leit erschoss hat, der Police erginn huet, stelle wäerten.

Den Teenager ass an Handschellen, den Kapp déif gebéckt, nach um Freidegowend dem Riichter virgefouert ginn. Op deem seng Froen, huet de Student just mat „Jo Monsieur“ an „Nee Monsieur“ geäntwert. Hien ass dem Mord ugeklot ginn, eng Dot déi am Texas (meeschtens) mat der Doudesstrof quittéiert gëtt.

Wann och e puer vu senge Komeroden hien als e „rouege jugendleche“ beschriwwen hunn, dee „gären a sengem Eck bliwwen ass“ a nëmme wéineg Frënn hat, esou bleift d‘Ursaach, déi den Dimitrios Pagourtzis zu dëser Dot ka gedriwwen hunn, bis ewell e Rätsel.

E Schüler huet der lokaler Televisiounschaîne matgedeelt, datt den Täter rezent op Facebook e Bild, mat engem schwaarzen T-Shirt verëffentlecht hat, op deem ze liese war: „Born to Kill“. De Gouverneur vun Texas, Greg Abott, betount awer, datt déi Zeechen déi eng Gefor hätte kënnen erkenne loossen „entweder net bestanen hunn, oder zumindest kaum ze erfaasse waren“.

Mat engem laange schwaarze Mantel bekleet, ënnert deem e Gewier an e Revolver verstoppt waren, ass den Dimitrios Pagourtzis um 8:00 Auer (lokal) an e Klassesall agetrueden. Do huet hie seng Waffe gezéckt a geschoss. 10 Mënsche waren direkt dout, weider 10 Persounen si blesséiert ginn.

D‘Hunter Mead, eng Schülerin vu 14 Joer, huet der AFP erzielt: „Et war fir e puer Sekonnen éischter roueg, dunn hu mir Schëss héieren an all Mënsch huet panikéiert“. Um Owend hunn sech d‘Leit zu Santa Fe getraff a fir d‘Affer gebiet. D‘Baseball-Team „Astros“ vun Houston, huet virum Spill eng Minutt Silenz respektéiert.

Nëmmen e „Fait Divers“?

Wat de „modus operandi“ betrëfft, esou huet déi jugendlech Erscheinung vum Täter an d‘Verwirrung vun de Jugendlechen, déi vun den nationalen Televisioune gefilmt ginn, wéi se evakuéiert ginn, eppes vun engem „déjà-vu“. Eng Schéisserei an enger amerikanescher Schoul ass dann och leider näischt „Aussergewéinleches“ méi, nëmmen nach e „Fait Divers“.

Viru knapp dräi Méint, ware 17 Leit de Kugele vun engem 19 järegen an der Parkland Highschool (Florida) zum Affer gefall. E „Massaker“ dee fir vill Opreegung gesuergt hat, a eng Mobiliséierung ausgeléist huet, mat där eng Beschränkung zum Zougang zu Waffe gefuerdert gouf.

Texas

De Gouverneur vun Texas, Greg Abott, kann och net méi wéi de Virfall zur Kenntnis huelen. Et hätt net genuch Unzeeche ginn, déi drop higewisen hätten, datt vum Dimitrios Pagourtzis eng Gefor géif ausgoen. Wéi et ausgesäit huet de Student sech d‘Waffe vu sengem Papp ugëeegent. © Bob Levey/Getty Images/ AFP

Laut der Washington Post, hätt et säit Ufank 2018, méi doudeger an amerikanesche Schoule ginn, wéi bei de Membere vun der Arméi. An alt nees stellen sech d‘Politiker d‘Fro, wéi eng Mëttel noutwenneg sinn, fir d‘Schoule besser ze schützen. Den Adjoint vum Gouverneur, Dan Patrick, mengt: „et gëtt ze vill Agäng an Ausgäng an eisen iwwer 8.000 Schoulen“.

Iwwert eng Millioun Mënschen – zum groussen Deel jonk Leit – haten Enn Mäerz uechtert d‘Land mam „March for our lives“ manifestéiert. Déi verantwortlech Politiker hunn dat awer net als Opruff verstanen, signifikativ Ännerungen am Gesetz virzehuelen.

„Dat hat dir net verdéngt“ iergert sech d‘Emma Gonzalez an engem Tweet. „Dir hutt et verdéngt äre Fridden am Liewen ze hunn, an net eréischt an enger Grafopschrëft“. Si war eng vun de Leaderinne vun der Bewegung. Den US-President hunn den Ugrëff als „schrecklech“ veruerteelt an ugeuerdent datt all federal Gebaier, d‘Fändele mussen op Hallefmast hänken.

Déi politesch Reaktioun ass hallefhäerzeg

„Dat geet schonn ze laang an eisem Land“, esou den Donald Trump aus Washington, dee betount, datt seng Administratioun determinéiert ass alles an d‘Wee ze leeden, fir d‘Schüler ze schützen. Et géif sech och verséchert, datt „all déi wou eng Gefor fir sech oder anerer duerstellen“, keen Zougrëff méi op Waffe solle kréien.

Et ass dann och déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel, déi mat engem Trauertelegramm un den Donald Trump, d‘Bäileed vu allen Däitschen ausgedréckt huet. Ähnlech – reng symbolesch – Aussoe sinn, a wäerten nach aus der Welt am Wäissen Haus ukommen.

Bei der Pressekonferenz vum Greg Abott um Freideg Nomëtteg, war gewuer ze ginn, datt de Student och Sprengmëttel an engem Haus an och an engem Gefier deponéiert hat. Wat d‘Waffe betrëfft, esou huet de Jong sech déi bei sengem Papp besuergt. Et ass awer net gewosst, op deen dat wousst. D‘Waffe vum Papp waren awer ugemellt, an esou am legale Besëtz.

Fir d‘Texaner, huet dëse Virfall un déi schrecklech Dot vu Sutherland Springs erënnert. Hei hat e jonke Mann, 26 Mënschen an enger Kierch erschoss. E reliéisen oder terroristeschen Hannergrond hat et net ginn. De Senateur Ted Cruz: „Op e neits huet Texas d‘Gesiicht vum Däiwel gesinn“.

mam Michael Mathes/AFP

Foto: No der Dot vum Dimitrios Pagourtzis an der Santa Fe Highschool, ass de Bilan, deen de Sheriff Ed Gonzales muss presentéiere bedrécken. 10 Doudeger a 10 Blesséiert Persounen si d‘Resultat vun enger onerwaarter Schéisserei. Schlëmm bei dësem an anere Virfäll, et gehéiert mëttlerweil zum Alldag an den USA. © Daniel Kramer/AFP

Related topics Highschool, Schéisserei, Texas, USA
Next post Previous post