Search

You may also like

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt
Money Neiegkeeten

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt

Den 30. Januar huet den Tourismusminister Lex Delles (DP), an

What the Fakt – Wéi den Harry Potter an déi schrecklech Kummer komm ass!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi den Harry Potter an déi schrecklech Kummer komm ass!

Kaum ze gleewen: Viru genau 21 Joer ass dem J.

Bundeskanzlerin Angela Merkel no Pressekonferenz a Quarantaine
Money Neiegkeeten

Bundeskanzlerin Angela Merkel no Pressekonferenz a Quarantaine

„Mutti“ muss doheem bleiwen, Bund a Länner jäizen no Kontaktverbuet

money

USA wëllen Indien an Tierkei d‘Handelsvirdeeler entzéien

USA wëllen Indien an Tierkei d‘Handelsvirdeeler entzéien

Déi vun den USA fir d‘Tierkei an Indien agefouert Vergënschtegungen an der Handelspolitik solle gestrach ginn. De Grond: d‘Tierkei wier Wirtschaftlech entwéckelt, an Indien géif kee gerechten Zougang zum Maart bidden.

Fir den Ament ass et éischter eng Dreeung vu Washington a Richtung vu béiden Natiounen, hinnen déi milliardeschwéier Zollentlaaschtungen ze entzéien, déi hinnen am Kader vun engem US-Fërderprogramm fir Schwellen- an Entwécklungslänner zougestane gi war. D‘Grënn sinn awer verschidden. Esou hätt sech d‘Tierkei wirtschaftlech ausräichend entwéckelt an dofir kéint Ankara och keng Uspréch méi stellen.

US-Handelsdefizit

Wat Indien betrëfft, esou hätt een trotz intensive Gespréicher mat Nei Delhi, keng Léisung fonnt déi den US-Entreprisen e gerechten a fairen Zougang zum indesche Maart sécherstellen. Indien ginn esou Vergënschtegungen an héicht vun 5,6 Milliarden US-Dollar fleeten. Den Donald Trump hat wéinst dem Handelsdefizit widderholl wéinst den héijen Douanestaxe kritiséiert.

Derbäi kommen och nach déi rezent agefouert Reegele fir online Händler a Kreditkaartenubidder, fir déi een zu Washington wéineg Versteesdemech huet. Sollten d‘Avantagen ewechfalen, wier dat déi bis ewell schäerfste Sanktioun déi géint Indien géif ergraff ginn. Indien ass de gréissten Notznéisser vum US-Programm, deen an de 70er Joer opgestallt ginn ass.

60 Deeg

Wat d‘Tierkei betrëfft, esou hat Ankara als Reaktioun op déi amerikanesch Douanestaxen op Stol an Aluminium, US-Gidder och mat Douanestaxe beluecht. De Sträit hat am August 2018 zu enger Iwwerpréiwung vun den Uspréch op Fërderung gefouert. Den Import aus der Tierkei hat bis dës lescht e Volume vun 1,7 Milliarden US-Dollar (am Kader vum Fërderprogramm).

Béid Länner hunn elo eng Frist vu 60 Deeg erhalen, iert d‘Vergënschtegungen entzu kënne ginn. Den US-President seet säi Land géif ëmmer nees beim Handel benodeelegt. An hien huet domatter keen ausgelooss. Mat China ass et op en handfesten Handelskrich duergaangen, déi direkt Noperen, Kanada a Mexiko, sollten sech fügen, a mat Europa leeft et och net méi ronn.

mat indymedia/bom/ist/was

Related topics Handelsdefizit, Handelspolitik, Indien, Tierkei, USA
Next post Previous post