Search

You may also like

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn
International Neiegkeeten

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn

Iwwert de Summer hu sech vill Leit Gedanken iwwert d‘Zukunft

Thailand: Ënneroffizéier leeft Amok
International Neiegkeeten

Thailand: Ënneroffizéier leeft Amok

Bei engem Amoklaf am thailänneschen Nordosten huet en Ënneroffizéier vun

Fréiere Beruffssportler wëll Berlin op Lëtzebuerg huelen
International Neiegkeeten

Fréiere Beruffssportler wëll Berlin op Lëtzebuerg huelen

De Benoît Joachim, DP-Kandidat bei de Chamberwahle vun 2009, schéngt

Uschlag vun Nice: Salvini gesäit Conte an der Schold

Uschlag vun Nice: Salvini gesäit Conte an der Schold

Well den 21 järegen tuneseschen Terrorist vun Nice Europa iwwert den Ëmwee vu Lampedusa soll a Frankräich agereest sinn, wou dësen seng schänterlech Dot konnt vollbréngen, gesäit de Matteo Salvini, Chef vun der rietsextremer Lega Nord, d‘Schold beim Regierungschef Giuseppe Conte.

Um Freideg hunn divers italienesch Zeitunge bericht, datt den Attentäter vun der Basilika zu Nice mat engem vun de klenge Fëscherbooter aus Tunesien italienescht Festland erreecht huet. De jonke Mann wier nëmme kuerz op de Insel Lampedusa gewiescht, iert hien dann zu Bari ukomm ass. Et gëtt erkläert, datt dem reliéise Fanatiker seng Identitéit schonn um Quarantaine-Schëff gepréift gi wier, et bei dëser Kontroll awer keng Hiweiser ginn huet, datt de Mann geféierlech kéint sinn.

Ofgewisen a lafe gelooss

Well de Mann allerdéngs keen Usproch op Asyl erhiewe konnt, hunn déi italienesch Autoritéite verfüügt, datt hien Italien verloossen an zréck an Tunesien muss. Dës Verfügung wier dem Mann ausgehännegt ginn, iert en dësen da senger Wee goe gelooss hätt. Eng wéi et schéngt klassesch Prozedur, well Italien ass mat de Réckféierungen iwwerlaascht. Leit no engem negative Bescheed ausweisen ass datt eent, se an hir Heemecht zeréckféieren dat anert. An hei fänken d‘Problemer un.

Nicehttps://twitter.com/matteosalvinimi/status/1322242457581592576

D‘Verfaren ass komplex, verlaangt ee grousse bürokrateschen Opwand, ass zudeem och nach deier an am Kontext vun der Covid19-Pandemie, nach eppes méi komplizéiert ginn. Esou hätt de Mann séier kënnen oftauchen a sech a Richtung Frankräich verfuusst. Esouwäit zur Duerstellung vun den italienesche Medien um Freideg. Op d‘Autoritéiten dës Versioun kënne bestätegen? Dem Matteo Salvini ass dat onwichteg, hien huet hei eng politesch Opportunitéit erkannt a schléit direkt zou.

E falschen Hond

Partei ergräifen ass, grad am Kontext vun esou enger brutaler Dot, relativ einfach. D‘Emotioune sinn nach frësch, an et léisst sech eng ganz Communautéit verurteelen. Fir de Chef vun der Lega Nord en Eisen dat et ze schloe gëllt esoulaang wéi et nach waarm ass. Hien huet sech via Twitter beim franséische Vollek fir dësen Uschlag entschëllegt an erkläert datt de Giuseppe Conte fir dës Dot moralesch verantwortlech ass. Streng geholl geet just drëms der Regierung ze schueden…

Nice

An dat ass eng Rechnung déi och tatsächlech kéint opgoen. Et muss awer och drop higewise ginn, datt d‘Problemer, bezunn op d‘Réckféierunge vun ofgewisenen Asyl-Demandeuren, längst erkannt goufen. D‘EU-Kommissioun an den EU-Rot hu rezent versprach, déi betraffe Memberlänner um Mëttelmier finanziell a logistesch stäipen ze wëllen. Zanter Joresufank klëmmt d‘Zuel vun de Flüchtlingen/Migranten nees. Et ass een awer nach wäit vum Niveau tëscht 2014/17 ewech.

mat indymedia/rom

Related topics Asyl-Demandeur, Giuseppe Conte, Lampedusa, Matteo Salvini, Nice, Terror
Next post Previous post