Search

You may also like

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
International Neiegkeeten

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

De Groussherzog Henri weit de Stadion vu Lëtzebuerg an
International Neiegkeeten

De Groussherzog Henri weit de Stadion vu Lëtzebuerg an

Dëse Samschdeg huet déi feierlech Inauguratioun vum neie Stadion vu

natur&ëmwelt presentéiert „The Birds of Luxembourg“
International Neiegkeeten

natur&ëmwelt presentéiert „The Birds of Luxembourg“

Mam Buch „The Birds of Luxembourg“ verëffentlecht natur&ëmwelt passend zu

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis

Bei engem Uschlag op déi amerikanesch Ambassade zu Tunis (Tunesien) si laut dem Inneministère ee Polizist déidlech a véier weiderer blesséiert ginn. Déi haten sech bei engem Wuechtposten no un der Entrée zur Ambassade opgehalen, wéi zwee Selbstmordattentäter sech an d‘Luucht gesprengt hunn. Béid Terroristen hätte versicht mat engem Motorrad duerch d‘Ofspärungen ze geléngen.

Amerikaner wiere bei dëser Attack net zu Schued komm, esou den Inneministère weider. Zudeem waren d‘Sécherheetskräfte séier op der Plaz fir den areal groussraimeg ofzespären. D‘Ambassade, déi an engem beliefte Büro-Quartier vun der tunesescher Haaptstad geleeën ass, gëllt ass schwéier „geschützt“. Esou no war awer bis gëschter nach keen un d‘Gebai erukomm. D‘Dot ass zur Stonn nach net revendiquéiert ginn.

mat indymedia/tlv

Related topics Selbstmordattentat, Tunis, US-Ambassade
Next post Previous post