Search

You may also like

CFL: d‘Chantieren am Joer 2019
International Kultur Neiegkeeten

CFL: d‘Chantieren am Joer 2019

Et ka kengem entgaange sinn: bei der CFL gëtt massiv

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz
International Kultur Neiegkeeten

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz

Wann se dem „Chef“ keng Sue fir eng Mauer aus

Alles op de Vëlo Spezial: Verbesserunge vun Infrastrukture gi gewënscht, och Sécherheet a Komfort spillen eng grouss Roll
International Kultur Neiegkeeten

Alles op de Vëlo Spezial: Verbesserunge vun Infrastrukture gi gewënscht, och Sécherheet a Komfort spillen eng grouss Roll

Als ëmweltfrëndlecht Transportmëttel, dat net nëmmen e sportlechen an touristeschen

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel

Esou schnell, wéi se ugefaangen hat, esou schnell war se och nees eriwwer: D’VAKANZ 2020 huet och an dësem Joer dausende Visiteuren ugezunn! Wien op eng nei Vakanzendestinatioun aus ass, Informatioune fir déi nächst Auszäit am In- oder Ausland gebraucht huet, sech einfach un de ville klenge Gadgeten zerwéieren an un de Gewënnspiller deelhuele wollt oder just aus Virwëtz emol erageluusst huet, deen war op der gréisster Vakanzefoire an der Groussregioun häerzlech wëllkomm. An dësem Joer stoung de Salon ganz ënnert dem Thema vun den Inselen.

Vum 17. bis den 19. Januar 2020 huet de risege Vakanzesalon an der Luxexpo The Box mat spannend Entdeckungen, Destinatiounen an Iwwerraschungen fir Begeeschterung gesuergt. Iwwer 250 Experten aus der ganzer Welt stoungen Iech un den dräi Deeg zur Säit.

Vakanz 2020

De Morgan Gromy, CEO vun der Luxexpo The Box, war iwweraus gespaant op déi nei Editioun vun der Vakanzefoire © Martine de Lagardère/moien.lu

90.000 Renconteren op der Foire

De Morgan Gromy, CEO vun der Luxexpo The Box, konnt op der VAKANZ 2020 mat immens positiven Zuelen ervirtrieden. Esou huet d’Foire een immense Potential fir Leit zesummen ze bréngen, wouduerch et dann net verwonnerlech ass, datt de Salon ëmmer weider u Succès gewënnt. Mam Themenschwéierpunkt Insel hätt ee sech ee ganz besonnesche Kandidat geaangelt: Iwwer 50 Destinatiounen hunn zur Erhuelung oder och zur Aventure agelueden.

Vakanz 2020

Den Tourismusminister Lex Delles bleift sengem Zil trei, Lëtzebuerg am Tourismussecteur weider ze fërderen © Martine de Lagardère/moien.lu

Dobäi muss eng Insel net direkt honnerte Kilometer ewech leien: Bei senger Ried huet den Tourismusminister Lex Delles nämlech d’Insel zu Rëmerschen um Weier ernimmt. Schonn zënter dem Untriede vu sengem Amt läit him d’Promotioun vu Lëtzebuerg besonnesch um Häerzen. Esou ass de Minister immens houfreg, datt ëmmer méi um Internet nom Groussherzogtum gesicht gëtt, datt ëmmer méi Touristen d’Land weider recommandéieren, an datt ëmmer méi Leit uginn, datt si mat Sécherheet zeréck kommen. Vu pittoresken Trëppelweeër, kulturellem Patrimoine an zuelräiche Schlofméiglechkeeten huet d’Ländchen tatsächlech eng immens Diversitéit ze bidden, déi lues a lues beim auslänneschen Tourist ukënnt.

Vakanz 2020

Dat do sollt ee sech emol verhalen © Martine de Lagardère/moien.lu

LetzDiscover: Lëtzebuerg eraus erliewe goen

Wa jonk Leit eng besonnesch, wéi och banal Iddi hunn an de Courage an d’Motivatioun fannen, se ëmzesetzen, da kënnt gären emol een immens nëtzleche Produit eraus. A genau esou ass et och bei der Minientreprise LetzDiscover, déi op der Vakanzefoire am Visit Luxembourg Beräich vertruede war. Déi 7 jonk Kärelen hunn hei eng App entwéckelt, bei där Touren, Trëppelweeër, besonnesch Higucker a villes méi vun eisem Land presentéiert ginn. Unhand vun engem QR-Code, deen dobaussen op de verschiddenste Plaze verstoppt ass, kritt een nach spannend Informatiounen matgedeelt.

De Max, Yul a Jules, déi Freides am Salon vertruede waren, hunn erkläert, datt een mat LetzDiscover eppes fir den Lëtzebuerger Tourismus opbaue wollt, woumat Jonker, Famillen an och vläicht eeler Persounen d’Land entdecke kënnen. Kee Wonner also, datt dëse Projet direkt den Zousproch vum Ministère krut an een elo enk mam Lex Delles zesummeschafft. Heibäi sollt och ervir gehuewe ginn, datt d’Ekipp sech selwer ëm all Detail gekëmmert huet a si och net ausschléissen wëllen, nach no dëser Minientreprise, déi normalerweis just ee Joer undauert, d’App weider ze entwéckelen. Mir géifen eis et op alle Fall wënschen!

Vakanz 2020

LetzDiscover – mir si gespaant, d’Land ze entdecken! © Martine de Lagardère/moien.lu

No engem ähnleche Prinzip soll iwwregens och d’Éislek App funktionéieren. Wat um Éisleker Stand bei Visit Luxembourg esou schéin, mat Kaarten, Sightseeing, Evenementer a méi fir den ieweschte Beräich vum Land virgestallt ginn ass, sollt am Selbstversuch net esou wierklech klappen. D’App ass leider ëmmer nees ofgestierzt a beim Drop-opmierksam-maachen gouf een da frëndlech gebieden nach eng Zäitchen ze waarden, ier eppes iwwert dëst Hëllefsmëttel geschriwwe gëtt. Nujee, wien sech op enger Foire presentéiert, dee wëll jo awer säi Produit ervirhiewen an un d’Ëffentlechkeet bréngen, sollt awer dann och kucken, datt de Gadget ouni Problemer leeft. Bis zur offizieller Verëffentlechung am Mäerz huet d’Ekipp nach ze schaffen.

70 % vun de Lëtzebuerger Leit ginn an d’Vakanz

Och de STATEC deelt mat, datt méi wéi zwee Drëttel vun der Populatioun op mannst eng Vakanz pro Joer maachen, wouduerch d’Auszäit ee groussen Diskussiounspunkt fir d’Lëtzebuerger Residenten duerstellt. Déi jéngst Etüd beweist, datt 88% vun de Residenten eng europäesch Vakanzendestinatioun wielen. Heibäi ass virun allem de Fliger (51%) beléift, direkt duerno kënnt den Auto (42%). Am Duerchschnëtt bleift de Lëtzebuerger 11 Deeg an der Vakanz a gëtt insgesamt 1.119 € aus.

Op Stad oder Mier, do sinn mir wuel nach onentschloss. Mat jeeweils 43% läit een hei nämlech gläich op, just d’Bierger si mat 19% wuel net grad esou beléift. Meeschtens schlofe mir am Hotel (44%), besiche Famill oder Frënn (22%) oder hunn eng Wunneng gelount (15%). Un 8 Modeller erkläert de STATEC déi verschidden Typpen u Reesenden, déi vun der Famill mat op mannst engem Kand, bis hin zu elengstoenden eelere Persoune ginn. Mam Alter an der Zesummesetzung vum Stoot ännert nämlech och d’Destinatioun, d’Aktivitéit an de Grond fir d’Rees. D’Resultater fannt Dir ganz am Detail HEI.

Related topics Auszäit, Congé, Inselen, Lex Delles, Luxexpo The Box, Morgan Gromy, Tourismus, Tourismusministère, VAKANZ 2020, Vakanzefoire
Next post Previous post