Search

You may also like

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt
Meenung Neiegkeeten

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu

Nationalen Dag vun der Resistenz
Meenung Neiegkeeten

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert

Hannert der Iddi vun de Wahlbezierker stieche gutt Intentiounen an ongewollten Niewewierkungen
Meenung Neiegkeeten

Hannert der Iddi vun de Wahlbezierker stieche gutt Intentiounen an ongewollten Niewewierkungen

Ënnert de ville Petitiounen, déi all Mount um Site vun

Vakanz schéin a gutt, mee wouhinner? (Kommentar)

Vakanz schéin a gutt, mee wouhinner? (Kommentar)

Datt een dëst Joer éischter gutt beroden ass, seng Vakanz an der Groussregioun ze plangen, dat sollt deene Meeschten ënnert eis duerchaus bewosst sinn. D‘Offer ass jo u sech och grouss, esou datt et genuch ze gesinn an ze ënnerhuele gëtt. A wien eppes méi wäit verreese wëll, dee sollt sech schonn eppes um Lafenden halen, wat hie méiglecherweis erwaart.

Eigentlech ass et och dem Ausseministère seng Aufgab, Reeswarnungen auszeschwätzen, fir datt kee Lëtzebuerger am Ausland engem Risk ausgesat ass, zumindest net onbewosst. Elo wou dann d‘Vakanzesaison sech opdrängt, an d‘Reesbüroen hiert méiglechst maachen eis awer paradisesch Destinatiounen ze verkafen, heescht et flappseg „Consultéiert d‘Reeswarnunge bei eisen Noperen“.

Net wierklech déi „Hëllef“ oder de „Rot“ deen ee sech als Bierger sollt erwaarden dierfen, firwat et éischter duerno ausgesäit wéi wann ee sech der Verantwortung entzéie wéilt. Mee wann et net anescht ass, geet ee kucken, wat et do esou gëtt. Mir bezéien eis dann op d‘Reeswarnungen déi den däitschen Ausseministère bis den 31. August ausgeschwat huet. Déi betreffen iwwer 160 Länner…

Esou huet d‘Bundesregierung um Mëttwoch also d‘Warnungen – fir iwwer 160 Länner baussent der europäescher Unioun – quasi bis zur Schoulrentrée verlängert. Elo gëtt et hei wuel och eng ganz Rei Ausnamen, déi een awer selwer ze beurteelen huet. Dat gëllt besonnesch am Kontext vun der nach ëmmer bestoender Covid19-Pandemie an de Restriktiounen déi mat dëser anhier ginn.

Hei heescht et säitens dem auswäertegen Amt, datt ee sech virum geplangte Reesuntrëtt soll iwwert d‘Ausmooss vun der Infektioun, der Leeschtungsfäegkeet vum Gesondheetssystem wéi och der Zouverlässegkeet vun den Daten, déi d‘Länner publizéieren, informéiere soll. Dat setzt villes viraus an ass net jidderengem ginn. Sech op d‘Berodung vum Reesbüro ze verloossen ass keng Optioun.

Dat huet vill domadder ze dinn, datt entgéint eisen EU-Partner, et fir déi meeschte Länner einfach keng belaaschtbar Date gëtt, unhand deenen sech de reelle Risiko kéint aschätze loossen. Esou ass de Risk iergendwou op der Welt „hänken ze bleiwen“ entspriechend héich, a well mir nëmmen op wéineg Lëtzebuerger Ambassaden oder Konsulater zréckgräife kënnen, ass ee séier eleng a verluer.

Gutt an der Theorie hu mir mat eisen direkten Noperen Ofkommen, an e Lëtzebuerger kann sech, wann e Problem ass, un déi belsch, däitsch oder franséisch wenne fir gehollef ze kréien. An der Praxis ass et allerdéngs richteg komplizéiert an den Äifer vun dësen ass dann och „begrenzt“. Dat bedeit leider och, datt esou ee „Problem“ am Ausland richteg deier ka ginn, wat net motivéiert.

Ägypten, Tunesien an och d‘Tierkei si bei eis Lëtzebuerger beléiften Destinatiounen an déi aktuell Offere maachen engem de Mond wässereg. Wärend d‘Belsch hei kaum „Problemer“ gesinn, hält Berlin u senge Warnunge fest. Et ass also och nach net egal bei wéi engem Ausseministère ee seng Informatiounen anhëlt. Dofir wier et wuel besser, wann eisen Ausseministère géi aktiv ginn.

Dat hänkt domadder zesummen datt een zu gudder Lescht fir sech selwer verantwortlech ass, an ee ka sécher sinn, datt sollt ee Problem entstoen, eisen Ausseministère sech op déi fir hie gënschtegst Reeswarnung bezéie wäert, fir d‘Verantwortung op de Voyageur ze verlageren. Dat ass bestëmmt net dat wat een als Bierger vu senger Regierung erwaart. Vu gréissere Reese muss ofgerode ginn.

Illustratioun: Iert een sech virhëlt baussent der EU seng Vakanz ze verbréngen, sollt ee sech gutt virbereeden a informéieren. Iwwerraschunge kënne fierchterlech an d‘Geld goen, an op Hëllef säitens dem Ausseministère sollt een sech net verloossen. © Felix / unsplash

Related topics Ausland, Ausseministère, Reesen, Reeswarnung, Vakanz, Verantwortung
Next post Previous post