Search

You may also like

Covid19? Keeske-C? (Kommentar)
Neiegkeeten

Covid19? Keeske-C? (Kommentar)

Schon zanter Wochen a Méint gëtt an der Stad ënnert

De Wirtschaftsminister a Guardian Europe
Neiegkeeten

De Wirtschaftsminister a Guardian Europe

Den Dossier Guardian Europe (Luxguard Diddeleng a Käerjeng) ass där

Esou geet d‘Quadratur vum Krees
Neiegkeeten

Esou geet d‘Quadratur vum Krees

Et gëtt Circulaire déi loossen Zweiwel un der politescher Ausriichtung

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien

Spuenien verlaangt vun den Touristen ee QR-Code fir an d‘Land anzereesen

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien

Zanter dem 1. Juli mussen d‘Leit déi mam Fliger oder dem Schëff a Spuenien ukommen, zwéngend ee Formulaire vum spuenesche Gesondheetsministère ausfëllen. Dëse Formulaire gëtt gebraucht, fir d‘Gesondheetskontrollen am de Fluchhäfen a Häfen ze passéieren.

Sënn an Zweck vun dëser Mesure ass et, erkrankte Persounen an hir Kontakter ze identifizéieren. De Voyageur muss zousätzlech zum Formulaire, d‘Applikatioun „Health Travel“ um Site vum Gesondheetsministère (http://www.spth.gob.es/) op säi Smartphone eroflueden, an deem och de Formulaire enthalen ass. Dës Applikatioun an de Formulaire gëtt et a verschiddene Sproochen.

An der Applikatioun ginn déi perséinlech Date vum Voyageur gespäichert an déi generéiert dann ee QR-Code. Wann de Voyageur dann a Spuenien ukënnt, muss hien op der Grenz säi QR-Code weise soss gëtt een net areese gelooss. Et heescht weider, datt déi erhuewen Date strikt vertraulech behandelt ginn, an och nëmmen am Noutfall direkt un de Gesondheetsministère iwwerdroe ginn.

Matgedeelt vun der spuenescher Ambassade zu Bréissel, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © David Svihovec / unsplash

Related topics Health Travel App, Spuenien, Tracing-App, Vakanz
Next post Previous post