Search

You may also like

Eng kuerzweileg Trilogie
Kultur Neiegkeeten

Eng kuerzweileg Trilogie

Um Freideg huet den CSV-Nationalvirstand seng Memberen informéiert, datt de

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter
Kultur Neiegkeeten

Déif Unerkennung vum Groussherzog fir CHL-Mataarbechter

S.A.R. de Groussherzog Henri huet gëschter, zesumme mat der Gesondheetsministesch

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer
Kultur Neiegkeeten

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

An dëser Rei goufe verschidde Gréissten vun der Science Fiction

#VakanzDoheem – Faszinatioun Kallektuffquell am Mëllerdall

Mir hate gëschter e lëschtege Familljendag – mä wat soll een an där décker Hëtzt schonn ënnerhuelen? Mir sinn an e klengen Deel vun eiser Lëtzebuerger Schwäiz gefuer, waren d’Kalktuffquell kucken a sinn am Schiet e puer Kilometer ronderëm getrëppelt. Et war herrlech! Och ustrengend. A glécklecherweis net iwwerfëllt.

D’Kallektuffquell ass iwwert ee 600 Meter laangen Holzsteg ze erreechen. De Bléck op dat kloert Waasser ass Gold wäert. Interessant un dësem Wee ass, datt Holz aus dem Mëllerdall („Holz vun hei“) fir d’Verschaffung genotzt ginn ass. Et ass also näischt verbëtzt ginn!

Et ass net nëmme Bësch a Fielsen, et ass e Stéck Geschicht. Schued, datt mir dacks ze kamoud sinn, eist eegent Ländche kennenzeléieren. Dat huet sech geännert, mir maache fläisseg Pläng.   Ech hunn nawell fläisseg Fotoe gemaach, am beschte mécht e sech selwer en Androck virun Uert. (Fir Kutschen a Poussetten ass et net de richtegen Eck.)

No eisem Spadséiergank hunn mir eis Féiss an de Floss (Schwarze Ernz) gezappt, mir hunn eis gesonnt a gelieft. D’Zäit ass e Moment stoe bliwwen. Am Bësch gëtt et keng Auer, keen Netz a Stress. Et ass Erhuelung puer.

Dësen Ausfluch ass net nëmme fir Famillje flott, ech fannen, datt déi Géigend en eenzegaarteg a romantesche Flair huet.

Et ass op jidder Fall wichteg genuch ze drénken a seng eege Geschwindegkeet beim trëppelen ze benotzen – keng Hetz. Genuch Pause maachen! An doheem muss e sech onbedéngt op Zécken iwwerpréiwen. Sécher ass sécher. A vergiesst d’Sonnecrème net!

Owes si mir midd an iwwerglécklech an d’Bett gefall. Den Ausfluch huet eis zesumme geschweesst. An dat mengen ech net nëmme wuertwiertlech.

Wéi eng Plaze vu Lëtzebuerg hunn Iech da beandrockt?

Weider Informatioune fannt Dir op www.mullerthal.lu.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Jessica Mersch / de Bichergeck

Related topics #VakanzDoheem, Ausfluch, Ëmwelt, Kallektuffquell, Kleng Schwäiz, Lëtzebuerg, Mëllerdall, Natur
Next post Previous post