Search

You may also like

Editorial: Ee Vaccin, ee Pass a vill Ligen
Neiegkeeten

Editorial: Ee Vaccin, ee Pass a vill Ligen

Esou lues fänkt et un duer ze goen. Als Partisan

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi
Neiegkeeten

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi

Nach ass et keng „Ausgangsspär“ am eigentleche Sënn, mee elo

OGBL zum Coronavirus a Bildungswiesen: Kee Plang an Aussiicht
Neiegkeeten

OGBL zum Coronavirus a Bildungswiesen: Kee Plang an Aussiicht

An der aktueller Corona-Kris schéngen déi ëffentlech Grondschoulen op eemol

Vakanzeresidenz Cabasson – Wiem gehéiert den Domaine?

Vakanzeresidenz Cabasson – Wiem gehéiert den Domaine?

Et gehéiert sech – esou den offizielle Jargon – datt de Groussherzog vu Lëtzebuerg mat senger Fra an de Kanner zu Cabasson (Südfrankräich) a senger Vakanzeresidenz de Summer verbréngt. Et ass Traditioun an eise Groussherzog, wéi och seng Fra sinn nawell ganz gären do.

Dat huet den Deputéierte Marc Goergen (Piratepartei) net dru gehënnert, dem Premierminister Xavier Bettel eng pertinent parlamentaresch Fro (2661) ze stellen. An dëser Fro bezitt sech den Deputéierten op eng Berichterstattung vu LCI aus där ervirgeet, datt eis Monarchen nom zweete Weltkrich den Domaine „Tour Sarrazine“ vum deemolege President Charles de Gaulle zougestane soll kritt hunn.

Ganz esou einfach léist sech dat elo net resuméieren, well den Domaine vun 33 Hektar huet eis Groussherzogin Charlotte 1949 vum Besëtzer, dem Här Sabran ofkaf. Dësen ale Fort vun der „Marine Nationale“, direkt géinteniwwer den Insele vu Port-Cros a Porquerolles geleeën, wier deemno am Privatbesëtz vun der groussherzoglecher Famill. D‘Borne mam „L“ bestätegt, datt den Terrain en extraterritoriale Statut huet.

Den Domaine vun der Tour Sarrazine ass faktesch Lëtzebuerger Staatsgebitt, well dat sengerzäit esou vum Charles de Gaulle, als Merci fir den Asaz während dem zweete Weltkrich decidéiert ginn ass. An senger Fro huet den honorabelen Deputéierte vun der Piratepartei hei ëm Opklärung gebueden, ob nieft anere Präzisiounen, kéint gekläert ginn, op den Haff, also de Groussherzog a seng Famill oder de Staat Proprietär ass.

A senger Äntwert huet de Premierminister Xavier Bettel confirméiert, datt d‘Acquisitioun vun dëser Proprietéit privatrechtlecher Natur ass an och duerch notariell beglaubegt Ënnerlagen, déi d‘Vente bestätegen, beluecht ass. Och wann den Domaine am genoss vun engem extraterritoriale Statut ass, esou gehéiert den Terrain zum franséischen Territoire an dat franséischt Recht gëtt hei ugewannt. De Staat huet folgerichteg näischt domat ze dinn.

D‘Sécherheet vun der groussherzoglecher Famill war dem Deputéierten eng weider Fro (2662) wäert. Et ass dann och richteg a wuel och logesch, datt d‘Polizisten, déi fir de Schutz vun der groussherzoglecher Famill verantwortlech sinn, sech um Domaine ophalen. Eis Beamten hunn awer keng Policegewalt op franséischem Territoire. An der Äntwert vun der Regierung gëtt confirméiert, datt Aarbechts- a Rouzäiten agehale ginn.

Illustratioun: Arek Socha / Pixabay

Related topics Cabasson, Groussherzog Henri, Groussherzogin Maria Teresa, groussherzoglech Famill, parlamentaresch Fro, Piratepartei, Südfrankräich
Next post Previous post