Search

You may also like

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla
Neiegkeeten

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla

Erwaardungsgeméiss huet den FC Sevilla den F91 an der Europa

Taxi a VLC: Folgend Upassunge sollen 2022 a Kraaft trieden
Neiegkeeten

Taxi a VLC: Folgend Upassunge sollen 2022 a Kraaft trieden

De Regierungsrot huet en Avant-Projet ugeholl, deen d’Gesetz vum 5.

money
CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt
Neiegkeeten

CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt

Um Méindeg huet den CNFP (Nationalrot fir ëffentlech Finanzen) de

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

E Samschdeg an e Sonndeg gi Beem gehae firwat d‘Stroosse gespaart sinn

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

Am Kader vun den Aarbechten am Val de Hamm, wou de Service vum natierleche Patrimoine muss eng gréisser Partie Beem ëmhaen, deelt d‘Stad Lëtzebuerg mat, datt et ze Behënnerungen am Verkéier komme kann. Dat well e puer Stroossen während den Aarbechte musse gespaart ginn.

Dovunner betraff: den Tronçon tëscht der Polvermillen an der Rue des Peupliers. Hei ass d‘Stroos vun e Samschdeg 6 bis e Sonndeg 20 Auer fir den Trafic gespaart. De Verkéier dee vun der A1 an der A7 kënnt, gëtt dann iwwert de Kierchbierg a Richtung Stadzentrum ëmgeleet. Wien am Garer-Quartier ze dinn huet, an d‘Gewunnecht huet d‘Polvermillen ze notzen, dee sollt d‘A1 huelen.

Et gëtt den Awunner vun der Polvermillen an dem Val de Hamm awer en Accès erméiglecht. Zu dësem Zweck gëtt eng entspriechend Signalisatioun opgestallt. Fir all déi aner gëllt et sech no der ageriichten Deviatioun ze riichten. Wäitraimeg ëmfueren ass awer kloer déi besser Léisung.

Ëffentlechen Transport

D‘Aarbechten am Val de Hamm hunn och en Impakt op den ëffentleche Verkéier. Esou d‘Linn 7 „Verluerekascht-Heedeknäppchen“ bis „Paris-Zitha“ bleift onverännert, fir dann ëmgeleet ze ginn, iwwert de Boulevard Victor-Thorn, de Clausener-Bierg an d‘Tréiererstrooss bis op den Cents. Ab do geet dann nees iwwert de gewinnten Tracé a Richtung „Neiduerf-Kierchbierg“ weider.

D‘Linn 29 gëtt tëscht „Gare-Rocade“ an „Cents-Hamm“ ëmgeleet. De Quartier Polvermillen gëtt während den Aarbechte mat enger Navette ugefuer. Si bedéngt den Tronçon „Gar“ – „Polvermillen-Hammerdällchen“.Et mussen an dësem Kontext e puer Busarrêten „gestrach“ ginn: „Al Molkerei“, „Generol Patton“, „Polvermillen-Hammerdällchen“ an den CFL-Arrêt „Cents-Hamm“.

Weider Informatiounen an d‘Detailer zu de Changementer fannt dir wei gewinnt ënner www.vdl.lu

Related topics Baamstierwen, Chantier, Polvermillen, Val de Hamm
Next post Previous post