Search

You may also like

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen
Auto Neiegkeeten

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen

Den Datenzenter-Projet vu Google huet an de leschte Wochen a

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten
Auto Neiegkeeten

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten

Wéinst der Covid19-Pandemie wat et de Schëfflenger Leit an de

Polnesch Regierung zitt ee Schlussstréch
Auto Neiegkeeten

Polnesch Regierung zitt ee Schlussstréch

Wärend et de Polen zolidd opstéisst, wann hir Kollaboratioun mam

Den ACL begréisst d’Vania Henry an der Ekipp vun der Direktioun

Den ACL begréisst d’Vania Henry an der Ekipp vun der Direktioun

De Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) ass frou d’Vania Henry a senger Ekipp begréissen ze kënnen. An Zukunft këmmert si sech ëm d’Beräicher vum Marketing, Kommunikatioun an Entwécklung an der Direktioun. Esou ginn déi verschidden Offeren a Servicer vum Club méi ervirgehuewen, d’Aktivitéite begleet an nei Produiten entwéckelt déi un d’Besoine vum Marché ugepasst sinn.

Vun dëser Ënnerstëtzung profitéiert soumat net nëmmen d’Direktioun an den ACL, mee och de Client, respektiv Bierger déi dem Automobilclub bäitriede wëllen.

D’Vania Henry bréngt iwwer 25 Joer Erfarung um nationalen an internationalen Niveau mat a freet sech schonn op seng nei Tâche: „D’Mobilitéit ass zu engem wichtegen Thema an der Gesellschaft ginn an ech freeë mech dem ACL hëllefen ze kënnen fir zur Entwécklung vu senger integraler Offer u Léisungen bäisteieren ze kënnen. Ech si frou mäin Enthusiasmus a meng Dynamik an d’Ekipp abréngen ze dierfen a mat hir zesummen un der Ausstralung vun de Wäerter vum ACL deelhuelen ze kënnen.“

Opmaacherbild: © ACL

Related topics ACL, Direktioun, Dynamik, Ekipp, Kommunikatioun, Lëtzebuerger Automobilclub, Marketing, Servicer, Vania Henry
Next post Previous post