Search

You may also like

POSTLAF 2021: Ganzer 17.000 € si fir de karitativen Zweck zesummekomm
International Neiegkeeten

POSTLAF 2021: Ganzer 17.000 € si fir de karitativen Zweck zesummekomm

A Form vun enger virtueller Aktivitéit konnten beim POSTLAF 2021,

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter
International Neiegkeeten

Israel: De Likud huet säin Här a Meeschter

Datt deem wéinst Korruptioun ugeklote Premierminister säi „Stär“ nach ëmmer

De Boris, d‘Angie an de Brexit
International Neiegkeeten

De Boris, d‘Angie an de Brexit

E Mëttwoch war de britesche Premierminister Boris Johnson zu Berlin,

D‘Unioun empfänkt de Variant „Delta“

Vun der Weltgesondheetsorganisatioun gëtt andrénglech virun der Verbreedung gewarnt

D‘Unioun empfänkt de Variant „Delta“

D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet um Donneschdeg d‘Europäesch Unioun virun enger onkontrolléierter Verbreedung, vun der an Indien entdeckter Mutatioun vum Covid19-Virus, de sougenannte „Variant Delta“, gewarnt. De WHO-Regionaldirekter ass zimmlech beonrouegt, wat d‘Aggressivitéit vun dësem Variant ugeet.

Et géif et zur Stonn mussen dovunner ausgoen, datt dësen indesche Variant Delta sech géintiwwer den zougänglechen Impfstoffer kéint duerchsetzen, esou de Hans Kluge. Duerch déi sech grad elo duerchgesate Lackerung, d‘Reprise vun der Wirtschaft an de Reesen a villem anere méi, géif ee sech hei onnéideg engem weider Risk aussetzen, heescht et zu Genève. Dobäi ass jo awer alles gutt.

Virun enger oniwwerluechter Handlung awer warnt de WHO-Regionaldirekter. „Op dësem Punkt ware mir schonn. Iwwert de leschte Summer ewech si jo d‘Infektiounszuele fir unzefänke bei de Jonke geklomme bis et och d‘Senioren erwëscht huet. D‘Konsequenzen dovunner krute mir dunn am Hierscht ze spieren. Mir sollten dëse Feeler net nach eng Kéier maachen“, esou den Hans Kluge.

Woubäi den Hans Kluge elo kengem d‘Vakanz oder soss Fräiheeten huele wëll. Hie appelléiert hei sech verstänneg ze behuelen, d‘Gest Barrière och dann nach ze consideréiere wann ee geimpft ass. Zudeem sollt, wien zu Impfung ageluede gëtt, dës Invitatioun behäerzegen. An hei gëtt jo wierklech alles gemaach, fir de Mënschen den Zougang zum Vaccin ze erliichteren. Mee geet dat alles duer?

Diskriminéierung

An enger Welt, wou et ideologesch a philosophesch ganz Normal ass, dat sech een deen aneren ofschluecht, bedréit, beklaut an/oder Ausbeut, wier et – esou zumindest elo d‘Astellung vun der Weltgesondheetsorganisatioun – net ubruecht, Coronavirusvarianten no de Länner ze benennen, an deenen si fir d‘éischt entdeckt goufen. Dat wier diskriminatoresch a géif „stigmatiséieren“…

Dofir heeschen d‘Varianten dann elo:

  • Alpha (B.1.1.7) – fir deen a Groussbritannien opgetruedene Variant;
  • Beta (B.1.351) – heescht elo de Südafrikaner;
  • Gamma (P.1) – steet fir déi brasilianesch Souche vum Coronavirus;
  • Delta (B.1.617.2) – ass wéi gesot den indesche Stammhalter.

An der Unioun schéngt den Ament déi brittesch Mutatioun, also de Variant Alpha, mat iwwer 90% sech nach géintiwwer allen anere behaapten ze kënnen. Den Inder, also hei de Variant Delta, virun deem jidderee warnt (wat nees erkläert firwat keen nolauschtert), gëtt jee no Regioun mat engem Taux tëscht 1,7 an 2,5% uginn. Näischt wouriwwer ee sech also eeschthaft misst Suerge maachen.

mat indymedia/gva

Foto: © Taylor Brandon / unsplash

Related topics Covid19, Impfstrategie, Pandemie, Variant Delta, WHO
Next post Previous post