Search

You may also like

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer
International Neiegkeeten

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer

Fir d‘Femmes Socialistes schéngt d‘Welt vun Dag zu Dag besser

Kosovo: Am Sträit ëm d‘Covid19-Strategie gëtt d‘Regierung gestierzt
International Neiegkeeten

Kosovo: Am Sträit ëm d‘Covid19-Strategie gëtt d‘Regierung gestierzt

Et ass wuel net wierklech de beschte Moment, déi kosovaresch

De Kolleg aus der Belsch huet et néideg
International Neiegkeeten

De Kolleg aus der Belsch huet et néideg

Um Méindeg war den Didier Reynders, EU-Kommissär fir Justiz, zu

Vatikan: Mëssbrauchsaffer schwätze vun engem Fiasko

Méi Kritik wéi Luef fir d‘Mëssbrauchskonferenz vun der kathoulescher Kierch

Vatikan: Mëssbrauchsaffer schwätze vun engem Fiasko

De Poopst hat seng Leit zu engem Sommet iwwert de Kannermëssbrauch an de Vatikan abestallt. Et sollt no Mëttel a Weeër gesicht ginn, fir engem weidere Mëssbrauch an der Kierch virzegräifen. De Chef huet um Enn vun der Konferenz zimlech däitlech Wierder fonnt, mee ass hie gehéiert ginn?

Säitens den Afferverbänn ass d‘Enttäuschung grouss. Si haten sech konkret Moossnamen erhofft, a kruten e Lëpsebekenntnis. „D‘Kierch wäert an Zukunft all eenzele Fall mat dem noutwennegen Eescht verfollegen“ esou de Poopst Francis, dee bäifüügt. „E Paschtouer dee Kanner mëssbraucht ass en Instrument vum Däiwel“. Wann deem esou ass, muss den Exorzismus nees praktizéiert ginn.

Fir d‘Afferverbänn war dem Poopst seng Ried net iwwerzeegend. Beklot gëtt de Fait, datt et wuel villes ugedeit ginn ass, eng reell a n eescht gemengte Verännerung awer net ze erkennen ass. E Mëssbrauchsaffer huet eis géinteniwwer gemengt: „Dat si elo dem Däiwel d‘Schold zouweisen, beweist eis, datt si nach kee Schratt virukomm sinn. Schold hunn d‘Mënschen an de System“.

De Matthias Katsch vum däitsche Verband „Eckiger Tisch“ huet sech d‘Ried vum Poopst bis zum leschte Wuert unhéieren, an geet net grad fein mam Kierchemann an d‘Geriicht. „Dës Ried vum Poopst Francis ass de schänterleche Versuch, sech un d‘Spëtzt vun enger Beweegung ze stellen, ouni sech der Schold an dem Versoen ze stellen, an eng seriéis Verännerung an d‘Wee ze leeden“.

Eng Siicht déi esou vum Direkter fir kanounescht Recht op der Universitéit Münster, Thomas Schüller, matgedroe gëtt. De „Wëssenschaftler“ huet d‘Ried vum ieweschte Kierchemann och analyséiert, a kënnt zum battere Fazit: „Dat ganzt ass e Fiasko. Hei huet d‘Kierch eng Chance verdoen, sech mat der Communautéit ze versöhnen, d‘Weiche fir d‘Zukunft ze stellen“.

E peepstlecht Dekret géint de Mëssbrauch

Eng Fuerderung vun den Afferverbänn, d‘Verjärungsfriste vun deene Fäll opzehiewen, an deene bewosst getäuscht a vertuscht ginn ass, betrëfft d‘Kierch nëmme marginal, hei musse politesch Entscheedungen d‘Jalonen nei leeën. Fir déi däitsch Justizministerin, kann et nëmmen zu enger Verännerung kommen, wa weltwäit an am vollen Ëmfang mat der Justiz zesummegeschafft gëtt.

D‘Katarina Barley huet sech de Medie gestallt a gemengt: „Mëssbrauch muss vu Strofgeriichter beuerteelt ginn. (…) De Wierder vum Poopst mussen elo Dote follegen“. Dat ass schéi geschwat, mee, firwat gouf et bis ewell net gemaach, a firwat gëtt an deene meeschte Fäll och haut nach „déi knaschteg Wäsch am eegenen Trach gewäsch“? D‘Kierch huet hir eege Gesetzer a Reegelen…

Sécher, de Poopst Francis huet verkënnt, datt zukünfteg déi verflichtend Norm muss sinn: „Kee Mëssbrauch dierf jeemools vertuscht oder ënnerbewäert ginn, wëll dat derzou féiert, dat d‘Verbreedung vum Iwwel begënschtegt, an et dem Skandal eng gréisser Dimensioun gëtt“. Wéi dat soll ëmgesat ginn, dat konnt kee vun de Kierchemänner, déi sech der Press gestallt hunn, soen.

Gewosst ass – an och wann et gutt an éierlech gemengt wier – datt e peepstlecht Dekret zum Schutz vun de Kanner, net déi biergerlech Geriichtsbarkeet ersetze kann an dierf. Zudeem dierft bekannt sinn, datt en Triebtäter sech net duerch Dekreter vu senger Dot ofhale léisst. Wa séchergestallt ass, datt sech d‘Verbriecher an hir Komplize viru Geriicht erëmfannen, da gëtt e Schong dorausser.

En Handbuch, mat deem de Vatikan detailléiert Uweisunge fir de Kampf géint de Mëssbrauch un d‘Bëschofskonferenze wëll ginn, geet den Afferverbänn och net wäit genuch. Méi Hoffnung setzen si an dem Poopst seng mat Experten ausgerëschten „Task-Force“. Déi, esou d‘Iddi déi derhannert stécht, sollen an déi Länner geschéckt ginn, wou et beim Thema Mëssbrauch, Problemer gëtt.

mat indymedia/rom/ber

Foto: De Poopst Francis ass der Usiicht, datt „E Paschtouer dee Kanner mëssbraucht ass en Instrument vum Däiwel“. E Beweis datt et esou eppes wéi den Däiwel iwwerhaapt gëtt, ass d‘Kierch eis bis haut schëlleg bliwwen. © KNA

Related topics kathoulesch Kierch, Mëssbrauch, Mëssbrauchskonferenz, Poopst Francis, Vatikan
Next post Previous post