Search

You may also like

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen
Sport

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller

Si hunn dat Guatemaltekescht Parlament a Brand gestach
Sport

Si hunn dat Guatemaltekescht Parlament a Brand gestach

Am Guatemala reegt sech de Widderstand géint de Budget 2021,

Oxfam: „Am Jemen stierft all dräi Stonnen en Zivilist“
Sport

Oxfam: „Am Jemen stierft all dräi Stonnen en Zivilist“

Am Yemen géif all dräi Stonne e Mënsch stierwen, esou

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt

An der Sportshal zu Esch stoung fir déi Escher e wichtegt Spill um Kalenner, an gären hätten d‘Jonge ronderëm de Steve Faltz, de Stater wéinstens ee Punkt ofgeholl. An de VB Esch ass dann och ganz gutt an den éischte Saz erakomm.

No kuerzer Iwwerraschung huet sech de VC Belair dann awer op säi Géigner agestallt. Deen huet wuel alles dru gesat de Ball „lues“ ze halen, an stoung och gutt am Block. Géint d‘Erfarung an de héijen Drock haten déi Escher dann allerdéngs net déi erhoffte Moyenen. Si verléieren dësen éischte Saz mat 20-25 zu Gonschte vum VC Belair.

Den zweete Saz hunn déi Stater dann och vum éischte Service un dominéiert. Esch huet sech wuel daper geschloen, sinn awer stänneg de Punkten nogelaf. Datt et beim Service och net esou richteg wollt klappen an een zäitweis op Escher Säit „senger Hänn kee Rot wousst“ huet d‘Resultat vu 15-20 vir de VC Belair ënnerstrach.

Am drëtte Saz ass Esch dann op e neits de Punkten nogelaf. Mee d‘Jongen aus der Minettemetropole hu streckeweis hiert Spill ganz gutt un de Filet bruecht. Et waren um Enn déi individuell Feeler déi et de Stater liicht gemaach haten och beim, du leschte Saz ze dominéieren. Mat 20-25 fir de VB Esch war d‘Entscheedung am drëtte Saz gefall.

D‘Enttäuschung hält sech a Grenzen

Op der Escher Säit vum Filet ass een dann awer vun der eegener Leeschtung net enttäuscht. Datt de Géigner VC Belair, deen ëmmerhin den Usproch op den Opstig stellt, ee richteg haarde Géigner wier, dees war ee sech duerchaus bewosst.

Den Assistant-Coach Steve Faltz: „Mer waren dem Spill net onwierdeg, stounge gutt am Block an hunn eist méiglechst gemaach, d‘Spill lues ze halen. Et dierf een dann och net vergiesse wou se hir kommen, an hire Passeur huet eng gutt Spillanalys hikritt. Deen huet och déi néideg Erfarung“.

Gefreet huet hie sech dann och iwwert déi gutt Atmosphär déi tëscht béide Veräiner besteet. Datt de fréiere Wiert aus dem Pitcher – dat ass „the place 2 be“ wann‘s de op Esch een huele gees – bei de Stater um Terrain steet, kann dozou bäigedroen hunn. D‘Frëndschaft ass éierlech, an och un Zuschauer huet et zu Esch net gefeelt.

„Déi nächst Woch geet et fir eis op Dikrech“, esou de Steve Faltz „do sollte mer dann awer mat de Punkten heemkommen. Eis Géigner sinn a bleiwen an dëser Saison de Belair a Fenteng, dat ass e Fait deem ee sech net verschléissen dierf“.

A well kuerz drop an der Nationaldivisioun déi éischt Equip vum VB Esch an dräi Sätz kuerze Prozess mam zweet placéierte „Volley Bartreng“ gemaach huet, war bei de Minettsdäpp d‘Welt um hallwer zéng nees an der Rei. En iwwregens wichtege Match fir sech eng Chance op d‘Playoffs ze erhalen.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics VBH Esch, VC Belair, Volleyball 1. Divisioun
Next post Previous post