Ankara mécht säin Afloss geltend
Eigentlech gëtt et dat Land guer net. Nordzypern gëtt nëmme
Eigentlech gëtt et dat Land guer net. Nordzypern gëtt nëmme
D’Pirate gesinn am rezenten Uerteel vum Verwaltungsgeriicht, duerch dat d’Regierung
Am Kader vum Bau vun der neier Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg
Nodeems um virleschte Sonndeg de Match géint den CHEV Dikrech ausgefall war, haten d‘Männer vum VC Belair gutt Zäit sech op de Match géint déi zweet Equippe vum Volley Bartreng virzebereeden. An et dierf ee festhalen, datt se d‘Zäit och wierklech genotzt hunn.
Et war um Samschdegowend dann och scho bal eng Formalitéit. An dräi Sätz (25-12 / 25-16 / 25-20) war d‘Brout gebak. E Saison Ufank wéi et sech de President an de Coach vun hirem Team gewënscht an zu Recht och erwaart haten. Säitens dem Volley Bartreng huet et dann allerdéngs séier wéineg Géigewier ginn. Do dierft den Trainer nach vill Aarbecht virun sech hunn.
Wann elo wierklech net vill iwwer de Match selwer ze soen ass, esou dierf een hei awer ervirhiewen, datt bal guer net hätt kënne gespillt ginn. Tatsächlech huet sech kee vun den eigentlech zwee offiziellen Arbitter um Belair gewisen. Béid Equippe soen dann och dem Tom Kirtz Merci fir säin Asaz, well soss alt nees e Match hätt misse verluecht ginn.
Et ass also nach emol gutt gaangen an de Grapp voll Zuschauer konnt sech dann och iwwert eng gutt Virstellung vum VC Belair erfreeën. Déi éischt Härenequipp huet dann awer net all ze vill Zäit sech ze erhuelen, well um Dënschdegowend geet et géint déi drëtt Equipe vum Volley Bartreng. Op et do och esou „einfach“ gëtt ass dann nach net gewosst, mee mir wäerten do sinn.
All d‘Fotoen © Martine de Lagardère/moien.lu